Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Finanzministeren op Besuch: De Pierre Gramegna empfänkt seng Amtskollegen
International Money what am i looking for online dating

dating in your late 40's

Op Invitatioun vum Finanzminister Pierre Gramegna hu sech um 26.

dating an indian navy guy
International Money what am i looking for online dating

Katalounien: Eng Paus fir d‘Onofhängegkeet

„D‘Onofhängegkeet? Suspendéiert!“: dat waren d‘Wieder déi um Dënschdegowend e bëssen

money
Cargolux verstäerkt seng Präsenz an Afrika
International Money what am i looking for online dating

Cargolux verstäerkt seng Präsenz an Afrika

Um Méindeg huet d‘Cargolux bekannt ginn, datt si ab September

money

Waffestëllstand fir de chinesesch-amerikaneschen Handelskrich

Den US-President hat et am Oktober ugekënnegt elo gouf de Wësch feierlech ënnerschriwwen

Waffestëllstand fir de chinesesch-amerikaneschen Handelskrich

Am Sträit tëscht China an dem Donald Trump gëtt et, bezunn op den US-Wahlkampf, gutt Nouvelle fir d‘Republikaner. Am Handelskrich huet sech béid Parteien, mat der Ënnerschrëft ënnert de vum US-President am Oktober annoncéierten Accord, feierlech op eng Aart Waffestëllstand agelooss.

Wann dëst Ofkommes esou wéi et vereenbaart ginn ass och sollt ëmgesat ginn, dat hätt dee gréissten a geniaalsten Diplomat aller Zäiten et tatsächlech ronn bruecht, e groussen Erfolleg Opweises ze hunn. Woubäi een natierlech och de Wäert vun der trumpscher Ënnerschrëft muss berécksiichtegen an et am Detail elo och net wéi fälschlecherweis duergestallt, dee „Mega-Deal“ ass.

Waffestëllstand

Et ass sécherlech eng Verbesserung vum wirtschaftleche Gläichgewiicht, mee dofir hätt et elo net wierklech en zolitten Handelskrich gebraucht. Wéi och ëmmer: elo huet sech Peking verflicht den USA méi landwirtschaftlech an industriell Produiten ofzekafen, an och bei der Energie soll méi „Echange“ stattfannen. Et geet ëm Pëtrol a Gas, vun deem es d‘USA jo elo am Iwwerfloss hunn.

D‘Chinesen hunn esouguer versprach, dat „geeschtegt Eegentum vun – opgepasst Betounung: – den amerikaneschen Entreprisen ze respektéieren“ an US-Firme sollen net méi gezwonge ginn, den Transfert vun Technologien u chinesesch Filiale ëmzesetzen. Zudeem sollen US-Finanzinstituter méi liicht Zougang zum chinesesche Maart erhalen. Fir den Trump eng däitlech Victoire.

Alles ass gutt wat et d‘Muecht erhält

Wann den Donald Trump senge Kritiker ëmmer virgehalen huet, datt d‘USA dee „längeren Otem“ hätten, esou huet hie fir unzefänken déi eege Leit geschiedegt. Vill Bauere konnten deels guer keng Wueren a China verkafe well och Peking d‘Douanestaxen ugepasst huet. Deenen erkläert hien elo datt et säi Verdéngscht ass, datt si nees Geschäfter maache kënnen a si hie wiele sollten.

WaffestëllstandDen US-President, méi Showmaster wéi Diplomat, kann dank amerikanescher Schwarmintelligenz glafwierdeg verkafen, datt nëmmen hien déi noutwenneg Intelligenz opbrénge kann, déi richteg a wichteg Entscheedung fir déi (wäisst a streng kathoulescht) gréissten a respektéiertste Weltmuecht ze treffen. A genee esou gesinn dat d‘Amerikaner, besonnesch déi wou dorënner ze leiden hunn.

Eigentlech sollten sech d‘Amerikaner näischt virmaachen. Mat dësem „Accord“ ass de „Krich“ net eriwwer an op de Waffestëllstand sech hale kann, dat ass ënnert dem Trump éischter eng Lotterie. D‘Douanestaxe gi bäibehalen a schueden och weiderhin den US-Entreprisen an de Konsumenten. D‘Wirtschaftsverbänn fuerdere weider Verhandlungen an iwwerweise Milliounen an de Wahlfonds.

WaffestëllstandZudeem wëllen d‘Amerikaner e besseren Zougang zum chinesesche Maart an d‘Enn vun de staatleche Subventioune fir chinesesch Entreprisen. Dat ass en Agrëff an d‘Wirtschaftspolitik, dee Peking net wäert zouloossen, firwat et nach ee wäite Wee bis zum Handelsfridden ass…

mat indymedia/was

Foto: © White House

Ähnlech Sujeten China, Deal, Donald Trump, Handelskr, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel