Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
De Pensiounsregimm gëtt zum Wahlkampfthema
Neiegkeeten

De Pensiounsregimm gëtt zum Wahlkampfthema

Wann ee sech eens ass, datt de Wuesstem zu Lëtzebuerg

Den LCGB huet dem Aarbechtsminister seng Doleance virgeluecht
Neiegkeeten

Den LCGB huet dem Aarbechtsminister seng Doleance virgeluecht

Bei der Entrevue vu gëschter, tëscht dem LCGB an dem

Gejoten Tierke fannen a Griicheland Asyl
Neiegkeeten

Gejoten Tierke fannen a Griicheland Asyl

„An der Tierkei gëtt et keng Justiz méi“: Wéi de Cevheri

Waffestëllstand vum 11. November: Feierlech Zeremonie och zu Lëtzebuerg

Waffestëllstand vum 11. November: Feierlech Zeremonie och zu Lëtzebuerg

Nodeems de Premierminister an déi groussherzoglech Koppel mueres zu Paräis, zesumme mat bal 80 Staatscheffen, un de Feierlechkeeten zum Centenaire vum Enn vum 1. Weltkrich, deelgeholl haten, ware si séier zréck op Lëtzebuerg komm. Hei huet eng Zeremonie bei der gëlle Fra ginn.

Um spéide Sonndegnomëtteg, ass bei der gëlle Fra fir en Ament d‘Zäit ugehale ginn. Hei haten sech vill Perséinlechkeeten zesummefonnt, fir mat der groussherzoglecher Koppel, Regierungsmemberen an dem Chamberpresident, esou wéi aneren nationalen Autoritéiten an dem diplomateschem Corps, un der Zeremonie zum 100. Anniversaire vun der Signature vum Waffestëllstand deel ze huelen.

De Premierminister, Xavier Bettel, huet seng Ried mam Zitat vum Marschall Foch ugefaangen: „Well e Mënsch ouni Erënnerung, e Mënsch ouni liewen ass, e Vollek ouni Erënnerung, a Vollek ouni Zukunft ass“. Esou ass wiesentlech drop hinzeweisen, datt d‘gëlle Fra fir déi Fräiwëlleg Lëtzebuerger, déi an der Friemelegioun gedéngt hunn, 1923 opgestallt ginn ass.

Während dem „grousse Krich“ hätt d‘Land eng schwéier Zäit duerchlieft. Et wier eng Zäit gewiescht, an där Lëtzebuerg seng Onofhängegkeet hätt kënne verléieren, esou de Premierminister. Mee et war och eng Zäit an där d‘Prinzipie vun engem moderne Lëtzebuerg an deem Europa wéi mir et haut kennen, zur Grondlag gi sinn. Den 1. Weltkrich huet fir vill Verännerung gesuergt.

Waffestëllstand

Lëtzebuerg nom „grousse Krich“

Nom Krich war d‘Welt eng aner, an och zu Lëtzebuerg huet vill politesch a sozial Beweegung ginn. Dat huet derzou gefouert, datt dat allgemengt Wahlrecht agefouert ginn. Männer a Frae konnten ab dem 21. Liewensjoer wiele goen. Mam Referendum vun 1919, hunn sech d‘Lëtzebuerger vir den Erhalt vun der Monarchie ausgedréckt, an esou gläichzäiteg fir hir Onofhängegkeet.

Wa Lëtzebuerg zanter elo 73 Joer kee Krich méi huet misse materliewen, esou gëllt et uecht ze doen, datt et och esou bleift. De Xavier Bettel gëtt ze bedenken, datt mir haut an enger Zäit liewen, wou Haasspriedegten a Gewalt d‘Aktualitéit beherrschen. Dobäi wieren et net „déi aner“ Schold, an et wier ee gutt beroden sech ze erënneren, datt eis Fräiheet keng Evidenz ass.

An de Premierminister weist ausdrécklech drop hin, datt déi sëlleche Commemoratiounsfeieren an Europa an uechtert d‘Welt, wichteg sinn. Wichteg, fir de Fridden ze zelebréieren. E Fridden dee mir eis mussen erhalen. Zum Ofschloss vun der Gedenkfeier, hunn de Groussherzog Henri an d‘Groussherzogin Maria Teresa, e Blummekranz beim Monument néiergeluecht.

Ähnlech Sujeten 11.November, Gëlle Fra, Lëtzebuerg, Waffestëllstand, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel