Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – 1000 Kusse fir eis Lieser!
Meenung

What the Fakt – 1000 Kusse fir eis Lieser!

Et ass wuel eng vun de schéinsten Aart a Weisen

it dating website
is whitney dating roy 2017
Meenung

“Actions positives”: Gläichbehandlung am Privatsecteur ausgezeechent

Um Donneschdeg sinn zu Rëmerschen vum Ministère fir Chancëgläichheet sechs

Bei den Oscars ass net alles Gold wat blénkt
Meenung

Bei den Oscars ass net alles Gold wat blénkt

All Joer, wann d’Oscar-Nominéierungen eraus sinn, ginn et di selwecht

D’Qual vun der Wahl gëtt ëmmer méi grouss zu Lëtzebuerg

E Kommentar

D’Qual vun der Wahl gëtt ëmmer méi grouss zu Lëtzebuerg

Hei e klenge Gedächtnistest: Wéi huet nach emol déi Partei do geheescht, déi de Jean Colombera gegrënnt huet, wéi en d‘adr verlooss huet? Ajo, PiD, d’Partei fir integral Demokratie. Déi ass elo erëm an de Schlagzeilen well hiren President, Serge Jochheim, elo ofgetrueden ass.

Dat ass bei wäitem net d‘Pointe: déi ass éischter an der Ukënnegung, datt en eng nei Partei grënne wëll, ze fannen. An alt nees muss een d‘Fro stellen: Wéi vill Parteie braucht Lëtzebuerg?

De Bléck geet, wéi sou oft, an d‘Ausland: An Däitschland ware Bundeswahlen, do sinn 63 Parteien ugetrueden. Eng Partei fir 1,3 Millioune Persounen. Zu Lëtzebuerg waren 2013 ganzer 9 Parteien ugetrueden. Eng fir ongeféier 60.000 Persounen. Mir hunn op ville Plazen en Demokratie-Defizit, ma op mannst feelt et net un Selektioun.

Eng weider Zerspläiterung vun der Lëtzebuerger Parteielandschaft kann och Nodeeler fir eis Demokratie mat sech bréngen

Da schwätze mer nach guer net vun esou Randerscheinungen wéi den SDV, déi konservativ an d‘fräi ökologesch Partei. Op déi sech fir eppes opgestallt kréien ass eng aner Fro. Well eng Partei ze grënne geet bekanntlech net duer. Et brauch een och Memberen, déi matmaachen, an dat ass hautesdags e gudde krack méi schwéier wéi ee mengt, kennt de Benevolat aktuell eng Kris.

An an deem Kontext dovunner ze schwätze, fir nach eng Partei op ze maachen, ass e bësse komesch. Well wat politesch Inhalter ugeet, ginn et zwar wuel nach Nischen, déi hei zu Lëtzebuerg nach net ofgedeckt sinn, mee wou een sech d‘Fro stelle kann, wéi ee Gewiicht se huet. Scho bei der PiD war de politesche Profil zimlech onkloer. Brauche mer zum Beispill och eng „Bergpartei“ („ökoanarchistisch-realdadaistisches sammelbecken” – Wat. Der. Däiwel?) wéi an Däitschland?

Et besteet bei ze ville Parteien och d‘Gefor, datt se sech géigesäiteg blockéieren, fir iwwerhaapt gewielt ze ginn. Am klengen konnt een dat zu Péiteng gesinn, wou de Joe Thein mat senger Splittergrupp déi konservativ verhënnert huet, datt souwuel hien, wéi och den adr et op e Sëtz bruecht hätten. A vue datt de Joe Thein e geniale Spindoktor ass, verkeeft en dat als säin eegene Verdéngscht. Mee mir wäerte gesinn, wat sech nach alles bis bei d’Chamberwahlen 2018 wäert doen.

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel