Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

LCTO: Beléift a gäre gesinn
https://moien.lu/dating-websites-hong-kong/

LCTO: Beléift a gäre gesinn

Fir d‘Rentrée huet sech den LCTO (Luxembourg City Tourist Office)

james marsters dating history
https://moien.lu/dating-websites-hong-kong/

t mobile hookup 2018

No 45 Joer Präsenz am Grand-Duché, huet déi italienesch Credem

Feieren a Frankräich: 500 Joer Schlass Chambord
https://moien.lu/dating-websites-hong-kong/

Feieren a Frankräich: 500 Joer Schlass Chambord

Am Kader vum 500. Gebuertsdag vum Schlass Chambord a Frankräich

Hannert der Iddi vun de Wahlbezierker stieche gutt Intentiounen an ongewollten Niewewierkungen

E Kommentar

Hannert der Iddi vun de Wahlbezierker stieche gutt Intentiounen an ongewollten Niewewierkungen

Ënnert de ville Petitiounen, déi all Mount um Site vun der Chamber ze fanne sinn, mussen noutgedrongen och e puer gudder drënner sinn. Dozou géif ech op alle Fall d’Petitioun zielen, fir d’Wahlbezierker ofzeschafen. Och, wann et fir d’Chamberwahlen 2018 dofir knapp dierft ginn.

D’Wahlbezierker sinn a mengen A duerchaus mat der enger gudder Intentioun agefouert ginn. Wéi een op Englesch esou schéi seet: “The road to hell is paved with good intentions”. D’Reegelung sollt dofir suergen, datt all Bezierk e Gewiicht kritt. Déi Deputéiert, déi an deene Bezierker gewielt ginn, solle sech fir déi néideg Besoinen vun dëser Géigend asetze kënnen. Sou op mannst d’Theorie.

De Problem um System ass, datt déi Bezierker mat enger grousser Awunnerzuel gestäerkt a kleng Parteie geschwächt ginn

Wann dann awer no der Awunnerzuel gekuckt gëtt, fir d’Zuel vun den Deputéierten ze kucken, da gesäit een, wéi staark d’Ongläichheet hei ass. Well den Osten wéi den Norden spillen do déi drëtt a véiert Gei. Wann de Süde 23 an den Zentrum 21 Deputéiert kréien, bleiwe bei 60 Deputéiert net méi vill vir de Recht vum Land iwwreg.

Dëst ass aus verschiddene Grënn ondemokratesch. Zum engen gëtt eng praktesch prozentual Hürd agefouert, un där virun allem kleng Parteien haart ze knaen hunn. Wien am Norde keng 9% zesumme kritt, braucht sech kee Sëtz ze erhoffen. Géif eng Partei der esou vill am Süden zesumme kréien, kéint se gläich mat e puer rechnen.

Esou Rechebeispiller ginn et der vill. Wien sech esou eppes méi am Detail wëll ukucken, deem kann ech nëmmen dem Claude Biver säi Blog empfeelen. Dobäi sinn d’Zuelespillereien awer nëmmen en Deel vun dësem Problem.

Well ofgesinn dovunner spillt och eng mënschlech Komponent mat: Et wéilt een zum Beispill beim Panachéieren ze gären e Kandidat aus engem anere Bezierk ënnerstëtzen. Wat net geet bei dësem System. Dobäi gëtt et bei den Europawahlen esou gemaach, datt et nëmmen ee Wahlbezierk gëtt. Gutt, do geet et nëmmen ëm en Zéngtel un Deputéierten, an dach probéieren d’Parteie Kandidaten aus allen Distrikter op d’Lëschten ze setzen. Fir datt fir jiddereen eppes dobäi ass. Dëst ass wuel en Hiweis doropper, datt dat ganz gutt goe kann. Ma ech si gespaant, op mer an de Wahlprogrammer eppes ze liese wäerte kréien, wat dëse Sujet ugeet.

 

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, Lëtzebuerg, Politik, Wahlen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel