Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Donald Trump denoncéiert eng politiséiert Justiz
https://moien.lu/dating-sites-linked-to-instagram/ Neiegkeeten https://moien.lu/scorpio-female-dating-leo-male/

drummond dating icarly

E Mëttwoch huet den US-President Donald Trump d‘Existenz vun enger

top dating app in pune
https://moien.lu/dating-sites-linked-to-instagram/ Neiegkeeten https://moien.lu/scorpio-female-dating-leo-male/

déi Lénk zur Gratuitéit vum ëffentlechen Transport

Um 1. Mäerz 2020 gëtt de gesamten ëffentlechen Transport zu

Ongedëlleg: déi lénk kënnen de Koalitiounsaccord net méi erwaarden
https://moien.lu/dating-sites-linked-to-instagram/ Neiegkeeten https://moien.lu/scorpio-female-dating-leo-male/

Ongedëlleg: déi lénk kënnen de Koalitiounsaccord net méi erwaarden

No de Wahlen, ass, virun de Wahlen. Esou zumindest sollt

surprise

D’Kandidate fir d’Onofhängegkeet gutt fir d’Wahlen a Katalounien opgestallt

D’Kandidate fir d’Onofhängegkeet gutt fir d’Wahlen a Katalounien opgestallt

Déi katalanesch Parteie fir d’Onofhängegkeet hunn um Freideg hir Lëschte fir d’Regionalwahle vum 21 Dezember virgestallt. Déi vu Madrid inhaftéiert an och déi an der Belsch exiléiert Personalitéite sinn hei dann och gutt opgestallt.

Vun de 14 Membere vun der ofgesate katalanescher Regierung, presentéieren sech der 12 op den zwou Haaptlëschte fir d’Onofhängegkeet: „Zesumme fir Katalounien“ vum Carles Puidgemont am déi „Republikanesch Lénk vu Katalounien“ vum Oriol Junqueras.

Siwe vun de Kandidate sëtzen an Untersuchungshaft, well se beschëllegt gi rebelléiert, Oprou gestëft a Geld ënnerschloen ze hunn. Beschëllegungen déi all an de Kontext mat der Organisatioun vum Referendum ze setze sinn. E Referendum deen dann trotz dem Widderstand vun der Regierung zu Madrid den 1. Oktober stattfonnt hat.

Déi fënnef aner, dorënner de Carles Puidgemont maachen „Campagne“ vu Bréissel aus. Si haten et virgezunn an de belschen „Exil“ ze goen. Zu Bréissel muss sech déi Belsch Justiz zum europäeschen Haftbefehl vu Madrid äusseren. Eng nei Audienz ass dann och fir de 4. Dezember ugesat. D’Prozedur dierft sech unhand de méigleche Recoursen allerdéngs zéien.

Op der Lëscht „Zesumme fir Katalounien“ zu Barcelona ass den Jordi Sanchez, emblematesch Figur vun der Onofhängegkeet, als „Zweeten“ agedroen. Hien ass de President vun der staarker ANC a sëtzt gläichfalls an Untersuchungshaft wéinst Oprou.

Keng gemeinsam Lëscht

De Carles Puidgemont hat d’Parteien déi sech fir d’Onofhängegkeet ausschwätzen opgeruff eng gemeinsam Lëscht ze presentéieren. Leider net mam gewënschten Erfolleg. Op sengem Twitter Account huet hien dann d’Lëschte vu senger konservativer Partei „PdeCAT“ verëffentlecht.

Kandidaturen déi fir „d’Onofhängegkeet, d’Republik an d’Fräiheet“ stinn, mee sech och fir „déi legitim Regierung vu Katalounien“ an „d’Fräiloossung vun de politesche Prisonéier an d’Ophiewe vun den Haftbefehler géint déi Exiléiert“ asetzen.

Dem Puidgemont säi fréieren Alliéierten a Vizepresident vun der katalanescher Regierung, Oriol Junqueras, déi bei Madrid an enger Zell festgehale gëtt, ass Spëtzekandidat op der Lëscht vun „Republikanescher Lénker vu Katalounien“ (ERC). Eng Formatioun déi an de Sondagë favoriséiert gëtt, ouni awer elo eng absolut Majoritéit zougeschwat ze kréien.

D’Neiwahle ware vum Premierminister Mariano Rajoy aberuff ginn, nodeems déi katalanesch Regierung de 27. Oktober eesäiteg d’Onofhängegkeet proklaméiert hat. E Fait deen dozou gefouert hat, datt Katalounien vu Madrid ënner Momper gestallt ginn ass.

Vis a vis de Parteie fir d’Onofhängegkeet, déi am opgeléiste Parlament eng Majoritéit vun 72 Mandater vun 135 hat, steet de Block vun de „Verfassungstreien“. Parteien déi sech fir d’Politik vu Madrid ausgeschwat hunn. Dat sinn: d’Zentrumspartei „Ciudadanos“, d’Sozialisten „PSOE“ an dem Rajoy seng ultra-konservativ „Pardit Popular“.

Et gëtt gemunkelt, datt déi Inhaftéiert nach virun de Wahle solle fräi kommen. D’Wahlcampagne start offiziell um 5. Dezember. D’Sondage gi bis ewell vun engem ganz enken Ausgang tëscht béide politesche Bléck aus. Gedanken iwwert dem Ëmgang mat de Resultater, sollten d’Verdeedeger vun der Onofhängegkeet gewannen, schéngt awer nee kee sech gemaach ze hunn.

mat AFP

Foto: D’Chrëschtdeeg a Katalounien sti ganz am Zeeche vun de Wahle fir eng nei Regionalregierung. Op Madrid d’Wahlen unerkennt, de Fall gesat d’Parteien fir d’Onofhängegkeet géifen eng Majoritéit kréien „steet an de Stären“. © Pau Barrena/AFP

Ähnlech Sujeten Carles Puidgemont, Katalounien, Mariano Rajoy, Oriol Junqueras, Wahlen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel