Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fairtrade Lëtzebuerg: Fir Transparenz bei Firmen, déi mat Konfliktmineralie schaffen
International Neiegkeeten

Fairtrade Lëtzebuerg: Fir Transparenz bei Firmen, déi mat Konfliktmineralie schaffen

Wéi Fairtrade Lëtzebuerg matdeelt solle verschidde Memberstaaten d’EU-Reglementatioun zur responsabeler

money
Editorial: Fondatioun IDEA gëtt sech mëtschgieweg
International Neiegkeeten

Editorial: Fondatioun IDEA gëtt sech mëtschgieweg

Wann ee bedenkt, datt déi meescht Parteien et antëscht verstanen

Illegal Migratioun: Op e neits e Kand an den USA gestuerwen
International Neiegkeeten

Illegal Migratioun: Op e neits e Kand an den USA gestuerwen

E Bouf aus Guatemala, vu grad emol aacht Joer, deen

Wahlen am Afghanistan si Liewensgeféierlech

Wahlen am Afghanistan si Liewensgeféierlech

Nodeems et e Samschdeg, wéinst Gewalt an Dysfonctionnementer, net allen Afghanen vergënnt war wielen ze goen, hunn um Sonndeg op e neits Dausende Mënschen hiert Liewe riskéiert, fir trotz der Angscht virun den Attentater vun den Taliban an dem IS, hir Stëmm an engem Wahlbüro ofzeginn.

253 Wahlbüroen haten esou e Sonndeg bis 16 Auer (lokal) hir Dieren opgemaach. Eng 150 anerer hunn aus Sécherheetsgrënn missen zou bleiwen, mellen d‘Autoritéiten. Laut der onofhängeger Wahlkommissioun, déi d‘Wahl organiséiert huet, konnte vun de néng Milliounen ageschriwwene Wieler, der véier Milliounen hir Stëmm ofginn. Et gouf um Sonndeg kee Virfall registréiert.

Um Samschdeg sinn dofir, laut dem Bilan vun den Autoritéiten, 17 Mënschen ëmbruecht an 54 Persounen, bei 193 Ugrëff, verletzt ginn. De Berechnungen no, déi vum AFP-Korrespondentereseau gemaach goufen, muss een de Bilan nei bewäerten. Si hunn am ganze 65 Affer – dovunner déi meescht Zivilisten – an 225 Blesséierter registréiert. D‘Taliban revendiquéiere 407 Ugrëff…

Problemer a Kritik

Dësen zweete „Wahldag“, deen esou net virgesi war, ass ageriicht ginn, fir de grousse logistesche Problemer vum Samschdeg ze begéinen. Honnerte Büroen haten ze spéit oder guer net op gemaach. Keng Wahlhelfer, keng Wielerlëschten, an da biometresch Terminalen, déi am leschtem Ament imposéiert goufen, ouni datt d‘Personal fir se ze bedéngen entspriechend geschoult gi wier.

Et war chaotesch an déi sëlleche Problemer hunn e Samschdeg dozou gefouert, datt et virun de Wahlbüroen zu onendleche Waardeschlaange komm ass. U Kritik géintiwwer der onofhängeger Wahlkommissioun ass dann och net gespuert ginn. De Kandidat Ahmad Saeedi mengt: „D‘Vollek huet hiert Liewe riskéiert fir wielen ze goen, mee d‘Regierung an d‘Kommissioun hu se bedrunn“.

Op der Facebooksäit vun der Wahlkommissioun huet eng Fra geschriwwen: „Dës Kommissioun soll sech schummen“. Eng aner Persoun huet notéiert: „Et war de Chaos, ech konnt mäin Numm net op de Wahllëschte fannen“. Nach en anere mengt: „Dir hutt all Kredibilitéit verluer“. D‘Kommissioun huet sech entschëllegt, weist awer de Virworf vun der „schlechter Gestioun“ vu sech.

„Ënnert dem Drock vun den Oppositiounsparteien an der Regierung, hu mir missen e biometresche System aféieren. Eng Entscheedung déi vill ze spéit getraff ginn ass. Domatter waren d‘Problemer virprogramméiert“, esou de Resumé vum Chef vun der Wahlkommissioun, Abdul Badi Sayyad. Dee war och enttäuscht, datt déi „Enseignanten déi forméiert goufe fir déi biometresch Terminalen ze bedéngen, schlicht an ergräifend net komm sinn“.

Keng gutt Viraussetzung fir d‘Presidentschaftswahlen

D‘Vertrauen ass beschiedegt ginn, wou dach dës Wahlen als „Test“ fir d‘Presidentschaftswahle vum nächsten Abrëll bewäert ginn. „D‘Wahlkommissioun huet däitlech gemaach, datt si net amstand ass, akzeptabel an transparent Walen ze organiséieren. Wat duerch d‘Verëffentlechung vu falschen Zuele verschlëmmert gëtt“, esou den Thomas Ruttig, vum Afghan Analyst Network.

En internationalen Observateur vun dëse Legislativen huet och – ënnert der Konditioun net ernimmt ze ginn – verséchert, datt hien „absolut kee Vertrauen an déi onofhängeg Wahlkommissioun“ huet.

De Spriecher vun der Kommissioun zur Wahliwwerpréiwung, Ali Reza Rohani dozou: „Et huet vill Defiziter an Imperfektiounen an der Organisatioun ginn. An dës Virfäll sinn alleguerten e Verstouss géint d‘Wahlgesetz. An d‘Problemer vum Samschdeg hunn sech um Sonndeg widderholl“.

Fir den afghanesche politeschen Analyst Haroun Mir, ass et wichteg e puer Punkte kloer ze stellen. „An Afghanistan erwaart sech kee Mënsch, datt et Wahle gëtt déi ouni Bedruch oder Kontestatioun ofgehale ginn. Et besteet also och keen Zweiwel dorunner, datt et Gefuddels ginn huet. Mee d‘Leit hunn den Taliban e Message geschéckt: no laange Krichsjoren gëtt et nëmmen eng Optioun, a déi ass politesch. A wann ee sech nëmmen op d‘Bedeelegung bezitt, da war et en Erfolleg.

An enger Usproch un d‘Vollek op der Tëlee, huet den afghanesche President Ashraf Ghani drop gehalen, senge Matbierger Merci ze soen. „Mat ärem Vott, huet dir der Welt är Determinatioun gewisen d‘Demokratie liewen ze wëllen, an den Taliban, datt een e Vollek net duerch Gewalt beherrsche kann“. An d‘Taliban huet de President agelueden sech virum Vollek opzestelle fir ze gesinn, op dëst et Virzitt hire Wee oder dee vun der Demokratie ze goen.

D‘Wahlresultater ginn net virum 10. November erwaart.

mam Laurent Abadie/AFP

Foto: Ze kuerzfristeg soll bestëmmt gi sinn, datt biometresch Scanner bei de Parlamentswahlen an Afghanistan agesat misste ginn. Dat, an e sëllechen Ugrëff oder Attentater vun den Taliban an dem IS, hunn d‘Wahlen enorm behënnert. Manner wéi d‘Hallschent vun den ageschriwwene Wieler konnten hir Stëmm ofginn, och wann um Sonndeg nach Büroen opgemaach hunn. © Hoshang Hashimi/AFP

Ähnlech Sujeten Afghanistan, Demokratie, islamesche Staat, Parlamentswahlen, Taliban
Nächsten Artikel Virrechten Artikel