Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gaza: Déidleche Joresdag
International Neiegkeeten

Gaza: Déidleche Joresdag

Beim Joresdag vun de wëchentlechen Demonstratioun op der Grenz tëscht

Wéinst enger Rei „Problemer“ ass de Service Vel’oH bis op Weideres gratis
International Neiegkeeten

Wéinst enger Rei „Problemer“ ass de Service Vel’oH bis op Weideres gratis

Et ass eigentlech e geniale Service, deen d‘Stad Lëtzebuerg mam

What the Fakt: De Led Zeppelin II Album gëtt haut 49 Joer al!
International Neiegkeeten

What the Fakt: De Led Zeppelin II Album gëtt haut 49 Joer al!

Bekannt ass d’legendär Rockgrupp Led Zeppelin fir Stairway To Heaven.

Wahlen an der D.R. Kongo: D‘Land huet e neie President

Laut dem provisoresche Resultat, wier de Félix Tshisekedi de neie „Boss“

Wahlen an der D.R. Kongo: D‘Land huet e neie President

No vill Gedeessems, Gewaltuwennung an esouguer Doudeger, war en Enn Dezember dann awer nach zu Wahlen an der demokratescher Republik Kongo (DRK) komm. Wahlen déi net vu Wahl-Observateure begleet ginn ass, a knapps dat se eriwwer waren, scho kontestéiert goufen.

Dem Joseph Kabila säi Mandat als President ass elo domatter awer op en Enn komm, an schonn dat eleng dierft fir vill Kongolese schonn eng Victoire sinn. Wien awer elo seng Nofolleg untriede soll datt, ass, och wann déi onofhängeg Wahlkommissioun (CENI) en Donneschdeg 10. Januar Mueres um 3 Auer, de Félix Tshisekedi als de Gewënner vun der Presidentewahl proklaméiert huet.

Eng kuerz Iwwersiicht

Laut den (virleefegen) Zuelen, hunn den 30. Dezember vu 40 Milliounen zur Wahl zougeloosse Kongolesen, der genee 18.329.318 hir Stëmm och tatsächlech kënnen ofginn. D‘Bedeelegung un der Wahl läit deemno bei 47,56%, wat fir e Land wéi déi demokratesch Republik Kongo, schonn zimlech gutt ass. D‘Walbedeelegung entsprécht därer vu Frankräich oder Däitschland.

Déi gëschter vun der CENI virgeluechten (provisoresch) Resultater ergi folgend Klassement: op de Félix Tshisekedi entfalen 7.051.013 Stëmmen (38,57%), de Martin Fayulu gëtt den zweeten, mat ëmmerhin nach 6.366.732 Stëmmen (34,83%), an de Kandidat vum Regimm, Emmanuel Ramazani Shadary, erhält 4.357.359 Stëmmen (28,34%). Esou déi eis offiziell virgeluechten Zuelen.

Firwat gëtt d‘Resultat als „virleefeg“ bezeechent? Well am Kongo villes esoulaang „virleefeg“ ass, wéi et ka kontestéiert ginn. Am Kongo goufen d‘Resultater allerdéngs scho kontestéiert, nach iert se virgeleeën hunn. Zudeem gëtt och stänneg d‘Roll vun der CENI a Fro gestallt. Déi huet dann elo wéi gesot, de Félix Tshisekedi zwar als President proklaméiert, mee dat muss net esou bleiwen…

Reaktiounen an de sozialen Netzwierker

Wéi dës Resultater de Medien zoukomm sinn, ass et an de sozialen Netzwierker, vu Facebook bis Twitter, zu Reaktioune komm, déi – et muss een et betounen – primär emotiounsgesteiert sinn. D‘Leit waren „iwwerrascht“, an deels veriergert, wéi den User „La Lucha“ op Twitter: „Wéi kann et sinn datt d‘CENI Resultater proklaméiert, wou dat nach net emol um eegene Kalenner steet?“.

Kongo

Iert et awer zur Proklamatioun vun de Resultater komm ass, hat et um Mëttwoch nach en „Eclat“ ginn. D‘Generalsekretärin vum „Mouvement zur Befreiung vum Kongo“ (MLC), Eve Bazaiba, déi och Spriecherin vun der Koalitioun zur Ënnerstëtzung vum Martin Fayulu ass, hat sech op der CENI vehement beschwéiert, an der Kommissioun entspriechend Virwërf entgéint bruecht.

„Déi kongolesesch Bevëlkerung huet sech schonn e President gewielt, deen déi ganz Welt kennt. (…) de Kabila huet net ze soen: ‚ech wëll déi an déi Persoun, an déi an déi Persoun wëll ech net‘. Et ass net seng Privatresidenz, an och keng Familljenugeleeënheet: et ass eng Staatsaffär!“, esou déi energesch an decidéiert Politikerin. Hir Ausso hat fir vill Echo uechtert d‘Land gesuergt.

Déi kongolesesch Bëschofskonferenz (CENCO) huet nach emol en Appell un all déi politesch Acteure geriicht, d‘Gefuddels op der Säit ze loossen. An engem Communiqué mat de Protestanten der „Kierch vu Christus vum Kongo“ (ECC) an den ONGe vun der Symocel, steet: „D‘Natioun waart op d‘Verëffentlechung vum Numm vum President, an net op Verzweiwlung oder Gewalt“.

De Martin Fayulu schwätzt vu Wahlbedruch

Fir den zweetplacéierten – laut den Zuele vun der CENI – ass déi ganz Proklamatioun Makulatur. De Martin Fayulu erkennt seng Néierlag net un, appelléiert un d‘Wahlkommissioun an déi international Communautéit „d‘Wourecht vun den Urnen“ bekannt ze ginn. An och dat ass fir dëst afrikanescht Land (leider) ganz normal. Et gehéiert souzesoen zu de Geflogenheeten.

„Mir kënnen net akzeptéieren, um Enn vun dësem laange Kräizwee, datt de Wëlle vun eisem Vollek net respektéiert gëtt. All zesummen, loosst eis ‚Nee“ zur Lige vum Här Nangaa soen. Nee zum Wahl-Gefuddels, an nee zum elektoralen Iwwerfall“, esou de Martin Fayulu géintiwwer der Press. An dee mengt dat doudeescht, firwat den Dossier: „Wahlen am Kongo“ net ofgeschloss ass.

An hie leet nach eng Schëpp bäi: „dës Proklamatioun ass d‘Ergebnis vun traffiquéierte Resultater, erfonnt an den Hannerzëmmer vun der FCC (Gemeinsam Front fir de Kongo, vum Joseph Kabila). Et ass en inakzeptabele Bedruch, deen zum Zweck huet de generaliséierte Chaos auszeléisen“. Wat drun ass, wou tëscht Propaganda an Tatsaachen ee sech hei befënnt, ass onméiglech ze soen.

mam Amani Muamba, Libreville

Foto: Tresor Kibangula (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Demokratesch Republik Kongo, Emmanuel Ramazani Shadary, Félix Tshisekedi, Joseph Kabila, Martin Fayulu, Wahlen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel