Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Freedefeier op Silvester: Fantastescht Geknupps oder Ëmweltatastroph?
International Neiegkeeten

Freedefeier op Silvester: Fantastescht Geknupps oder Ëmweltatastroph?

Haut den Owend geet nees ee Joer op een Enn.

Hand an Hand fir Afrika: Net vill schwätzen, einfach maachen
International Neiegkeeten

Hand an Hand fir Afrika: Net vill schwätzen, einfach maachen

Se ass kleng d‘Asbl Hand an Hand fir Afrika, mee

USA: Schéisserei op Volleksfest zu San Jose
International Neiegkeeten

USA: Schéisserei op Volleksfest zu San Jose

E Sonndeg si bei engem vun de gréissten „Food“ Festivaller

Wahlen an der D.R. Kongo: Keng Resultater awer Tendenzen

Wahlen an der D.R. Kongo: Keng Resultater awer Tendenzen

Wahlen an der D.R. Kongo: Keng Resultater awer Tendenzen

An der Demokratescher Republik Kongo (DRK) ass ee Sonndeg gewielt ginn, mee et wäert ee vill Gedold missen opbrénge bis d‘Resultater virleien. Bei dëse Walen, déi net iwwerall konnten ofgehale ginn, geet et drëms dem Land en Nofolger fir de President Joseph Kabila ze fannen.

Et ass dann och erwaart komplizéiert. Well et keng Resultater gëtt op déi ee sech beruffe kann, hunn déi zwee Kandidate vun der Oppositioun – et kéint ee mengen „Prophylaktesch“ – um Sonndeg den Oflaf vun de Wahle kontestéiert. Dat ass awer näischt Ongewinntes an dësem Land dat immens räich u Rohstoffer ass, vun deenen eenzeg an eleng d‘Awunner keng Avantagen hunn.

Friddlech sinn d‘Wahlen och net verlaf. Esou ass et am Süd-Kivu, wou en Agent dee fir e Wahlbüro d‘Verantwortung iwwerdroe kritt hat, an de Versuch ënnerholl huet d‘Wahlurne mat Stëmmziedel zu Gonschte vum Kabila sengem „Dauphin“, Emmanuel Ramazani Shadary, ze „fëllen“, zu Handgräiflechkeete komm. Hei si 4 Mënschen zu Dout komm, an et beschëllegt een deen aneren.

D‘Uschëllegunge goufe vun engem, dem Kandidat vun der Oppositioun, Félix Tshisekedi, nostoende Politiker gemaach. An dat ass net egal wien. Et ass keen anere wéi de Vital Kamerhe, den ex-President vun der nationaler Assemblée, ex-Kandidat an 2011, a de „staarke“ Mann aus dem Süd-Kivu. „D‘Vollek wäert säi Choix assuméieren“, warnt de Kamerhe, deen hofft Premier ze ginn.

Natierlech huet och deen anere Kandidat vun der Oppositioun, de Martin Fayulu, zuelräich an schwéierwigend Verstéiss denoncéiert. Hie weist drop hin, datt seng „Observateuren“ aus diverse Wahlbüroe verjot goufen. Ouni d‘Victoire ze revendiquéieren, stellt hien eng einfach Fro: „Kann een deen et eescht mengt, soen datt de Shadary d‘Wahl gewonnen huet?“.

Et ass kengem ze trauen

Mee et ass Afrika, an et ass déi Demokratesch Republik Kongo. Hei ass ee vu sech iwwerzeegt an u Selbstvertraue feelt et de Kandidaten net. „Ech hu scho gewonnen. Ech gi gewielt“, esou huet sech den Emmanuel Ramazani Shadary géintiwwer de Medien ausgedréckt, an dat knapps datt hie säi Stëmmziedel ofginn hat. D‘Majoritéit envisagéiert eng éischt Tendenz e Méindeg ze annoncéieren.

Kongo

Während si drop waarden hire Stëmmziedel ofzeginn, hunn d‘Leit zu Kinshasa, virum „Collège St. Raphaël“ protestéiert. Et war net ersiichtlech firwat se protestéiert hunn, a wéi ee Kandidat si eigentlech ënnerstëtzen. © Luis Tato/AFP

E Sondage vun der leschter Woch, huet awer den Emmanuel Ramazani Shadary als „Looser“ géint den Oppositiounskandidat Martin Fayulu presentéiert. Wat dovunner ze halen ass: wéineg. Zudeem sollen éischt provisoresch Resultater – wann iwwerhaapt – fréistens nächste Samschdeg bekannt gemaach ginn, léisst déi onofhängeg national Wahlkommissioun (CENI) wëssen.

D‘Zäit awer, déi leeft. Wat et méi laang dauert, wat d‘Gefor, datt et zu Onroue kënnt, méi grouss gëtt. Mee et ass ugefaange ginn d‘Stëmmen – vu Kinshasa zu Goma, an déi vu Lubumbashi zu Tshikapa – manuell auszezielen. Zu Goma verfollegen d‘Wahl-Agenten opmierksam de Modus operandi, natierlech ënnert de waachsamen Ae vun de Zeie vun de Kandidaten.

Hei ginn déi dräi „Deeler“ vum Stëmmziedel opgedeelt, fir dräi Kéip ze maachen. E fir all Scrutin: de presidentielle, de legislativen an dee fir d‘Provënzen. Well eng Rei Büroe mat Verspéidung hir Dieren opgemaach hunn, ass nach um spéiden Owend op ville Plazen uechtert d‘Land gewielt ginn. Zu de Wahle waren eng 40 Milliounen, dorënner ganz vill jonk Leit, opgeruff ginn.

Vill Chaos, wéineg Demokratieverständnis…

D‘Kongolese mussen sech, well dem Joseph Kabila verfassungsrechtlech keen drëtt Mandat zousteet, en neie Leader wielen. De President mat senger Famill, a säin Dauphin haten an de fréie Mueresstonnen zu Kinshasa hir Stëmmen ofginn. Déi national Bëschofskonferenz (CENCO) huet festgestallt, datt „de generelle Wahloflaf relativ roueg bliwwen ass“.

Eng Siicht déi schwiereg ze interpretéieren ass. Et wier esou zu „Dysfonctionnementer mat der Wahlmaschinn“ komm, Observateure sinn entweder guer net an d‘Wahlbüroen erakomm, oder verjot ginn. Den „Zeien“ vun de Kandidaten ass et ähnlech ergaangen. Zu Kinshasa ass de CENI-President, Corneille Nangaa, ausgepaff ginn, wéi hie op der Plaz d‘Problemer constatéiere wollt.

Zu Beni (Nord-Kivu), wou d‘Wahle verluecht goufen, ass e symbolesche Vott organiséiert ginn. Dat als Zeeche vum Protest. D‘Autoritéiten haten hei d‘Wahle wéinst enger Ebola-Epidemie, an dem Massaker un Ziviliste reportéiert. De jonke Manix, huet eis géinteniwwer gemengt: „D‘Stad Beni ass an der DRK. Et kann een eis d‘Recht ze wielen net ofschwätzen“.

Wat déi ominéis „Wahlmaschinnen“ betrëfft, esou sinn si de Géigestand vun enger Polemik déi sech zanter engem Joer haartnäckeg hält. An dës „Maschinn“ huet natierlech och e Sonndeg nees zolidd Problemer gemaach. „Et gëtt keng Maschinnen, an déi wou et gëtt, déi fonctionnéiere net. Mir hunn net emol uerdentlecht Wahlmaterial“, iergert sech de Pesible, e Wieler vu Kinshasa.

Hoffnungsvoll komplizéiert

Mat der „Wahlmaschinn“ seng Stëmm ofzeginn, gëtt vu ville Mënschen als „komplizéiert“ beschriwwen. „Ech hu gedréckt ouni sécher ze wësse fir wien ech gestëmmt hunn. Ech hu weder d‘Nummer nach d‘Gesiicht vu mengem Kandidat gesinn“, bedauert d‘Madeleine, eng eeler Damm de Virgank, nodeems si am populäre Quartier vun Ndjili gewielt hat.

Kongo

E Mann geheit zu Goma am Wahlbüro vu Katendere, ënnert den opmierksame Blécker vun de Wahlagenten, säi Stëmmziedel an d‘Urne. © Patrick Meinhardt/AFP

Déi Wieler awer, déi „normal“ wiele konnten, hunn hiren Enthusiasmus an hir Hoffnungen net verstoppt. „Well de Kongo ze vill gelidden huet, hu mir de Changement verdéngt“, betount de Patrice Nzanzu, en Techniker vu Goma. D‘Kongolese wënschen sech wierklech e neie Leader, ee vun där Zort, deen dem Land nees Hoffnung gëtt a fir wirtschaftlechen Opschwong suergt.

Eng Hoffnung déi vum Poopst Francis matgedroe gëtt. Deen huet e Sonndeg fir dat afrikanescht Land gebiet, an all d‘Acteure vun dëser Wahl opgeruff, fir e friddlechen a gerechte Virgank ze suergen. Et dierf een awer drop hiweisen, datt déi kathoulesch Kierch, zanter dem Diktator Mobuto Sese Seko, ni de Pouvoir a Fro gestallt huet, wann dësen d‘Kierch net a Fro gestallt huet.

Kinshasa huet zudeem all logistesch Hëllef vun de Vereenten Natiounen – déi säit 20 Joer am Land vertruede sinn – refuséiert. Och westlech Observateure waren net zougelooss. Interessanterweis ass dës Kéier den Internet net „ofgeschalt“ ginn. Dat ass awer eng Moossnam déi de Pouvoir ëmmer nees gären ergräift, wann et am Land zu Spannungen oder Ausenanersetzunge kënnt.

mam Samir Tounsi an dem Alexis Huguet/AFP

Foto: De President vun der Demokratescher Republik Kongo, Joseph Kabila, begréisst e puer Wahlobservateuren, iert hie seng Stëmm am „Institut de la Gombe“ zu Kinshasa ofginn huet. © Luis Tato/AFP

Ähnlech Sujeten Demokratesch Republik Kongo, Félix Tshisekedi, Joseph Kabila, kathoulesch Kierch, Martin Fayulu, Vital Kamerhe, Wahlen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel