Search

You may also like

Black Friday – Eiser aller Sécherheet muss garantéiert ginn!
International Neiegkeeten

Black Friday – Eiser aller Sécherheet muss garantéiert ginn!

De Syndikat Commerce vum OGBL erënnert drun, datt sech um

Médecins du Monde: Fuerderunge brauchen en Debat
International Neiegkeeten

Médecins du Monde: Fuerderunge brauchen en Debat

Um Mëttwoch huet Doktere vun der Welt (MdM) de Bilan

Yumm Festival um Kierchbierg – Et gëtt kulinaresch!
International Neiegkeeten

Yumm Festival um Kierchbierg – Et gëtt kulinaresch!

Beim Yumm Festival 2019 wäerten nach méi Foodtrucks am Concours

Wahlen an Éisträich: ÖVP erwaart victoriéis

„die Grünen“suerge fir d‘Iwwerraschung an d‘FPÖ verléiert masseg un Zoustëmmung

Wahlen an Éisträich: ÖVP erwaart victoriéis

Dem Sebastian Kurz seng ÖVP geet mat gutt 38%, däitlech als déi stäerkst politesch Kraaft vun der Alperepublik ervir. De fréiere Koalitiounspartner FPÖ, ka seng gutt Resultater aus den EU-Wahlen net bestätegen a verléiert gutt 10% géintiwwer 2017. Genee de Géigendeel ass bei „die Grünen“ agetratt. Si leeën ëm 10% zou a verbuchen hiert bescht Resultat „ever“ bei Nationalrotswahlen

Fir d‘Sozialisten (SPÖ) sinn d‘Wahle scho bal dramatesch op en Enn gaangen. Si kommen zwar nach op 21,5% vun de Stëmmen, mee verbuchen hiert schlechtst Resultat an der Parteigeschicht. Dofir kënnen sech déi liberal Neos op 7,5% freeën. Am Iwwerbléck heescht dat, datt 71 Mandater fir d‘ÖVP, 41 op d‘SPÖ, 30 nach fir d‘FPÖ, die Grünen der 26 an d‘Neos 15 Sëtzer kritt hunn.

Alles an allem sinn d‘Wahlen esou ausgaange wéi een sech dat no de Sondagen erwaarde konnt, och wann déi rietsradikal FPÖ onerwaart vill Mandater dëse Sonndeg leie gelooss huet. D‘Campagne vun der ÖVP war dogéint ganz erfollegräich. Si haten de Wahlkampf ganz ronderëm hire Leader, de charismatesche Sebastian Kurz opgebaut. Den 33 järegen huet op en Neits d‘Massen iwwerzeegt.

Fir ee modernt Éisträich

De jonke Staatsmann huet senge Bierger versprach d‘Moderniséierung vun der Alperepublik fort ze setzen, an vill Éisträicher trauen dem Sebastian Kurz dat och Zou. Seng Wirtschaftskompetenz gëtt och net a Fro gestallt. An dëser Campagne hunn esou brisant Sujete, wéi Migratioun an/oder Asyl net dominéiert, wat vu ville begréisst gouf. Et ass sech nees op dat essentiellt konzentréiert ginn.

Éisträich

Fir d‘FPÖ, déi den eigentlechen Ausléiser vun dësen Nationalrotswahle waren (Ibiza-Video), bleift de Wonsch d‘Koalitioun mat der ÖVP weiderzeféieren. Si huet d‘Éisträicher gewarnt, datt wann de Kurz a seng ÖVP mat aneren an d‘Bett geet, et zu engem „Lénksruck“ komme géif. Dat bezitt sech op d‘SPÖ déi hir Campagne op bezuelbart Wunnen an e steierfräie Mindestloun ausgeriicht hat.

Bei „die Grünen“ kann ee sech iwwert ee risege Sprong no vir freeën. Si kommen op 12,4% a verbuchen domatter hiert beschte Resultat bei Nationalrotswahlen. Si haten sech awer an hirer Campagne fir eng CO²-Steier ausgeschwat, eng flächendeckend „Stroossenotzungstax“ (MAUT) an vergënschtegt Billjeeë fir den ëffentlechen Transport, bezunn op de Noverkéier.

Woumatter ze rechnen ass

Mat wiem de Sebastian Kurz a seng ÖVP elo regéiere wäert, ass déi eigentlech eenzeg Fro déi sech no dëse Wahle stellt. Bezitt een sech op d‘Ëmfroen, datt géifen d‘Éisträicher et begréissen, wann déi al Koalitioun OVP-FPÖ weidergefouert gëtt. Dat dierft allerdéngs net ouni hefteg Verhandlungen ze bewierkstellege sinn, firwat et och net virum Joreswiessel zur Regierungsbildung kommen dierft.

mat indymedia/vie

Related topics die Grünen, Éisträich, FPÖ, Nationalrotwahlen, ÖVP, Sebastian Kurz
Next post Previous post