Search

You may also like

Katalounien: heftegt Geklapps op de Stroossen a Generalstreik
International Neiegkeeten

Katalounien: heftegt Geklapps op de Stroossen a Generalstreik

De Protest géint dat „politescht“ Uerteel vum ieweschte Geriichtshaff zu

Demokratesch Partei: an der Gemengen-Offensiv
International Neiegkeeten

Demokratesch Partei: an der Gemengen-Offensiv

De Gemengewahlkampf mécht den Optakt fir dräi Joer Wahlkampf um

Et gëtt fiicht: De Weltdag zum Schutz vun de Fiichtgebidder
International Neiegkeeten

Et gëtt fiicht: De Weltdag zum Schutz vun de Fiichtgebidder

Liewe gedeit an de Fiichtgebidder. Am Kader vum weltwäiten Dag

Wahlen an Éisträich: Wie gëtt Koalitiounspartner vun der ÖVP?

Politik vun engem „Jonken“ mat „Jonker“ awer net nëmme fir déi „Jonk“

Wahlen an Éisträich: Wie gëtt Koalitiounspartner vun der ÖVP?

Um haidege Sonndeg wielt Éisträich an de Sebastian Kurz läit an alle Sondage wäit viru senger Konkurrenz. Skandaler, Affären an den ominéisen Ibiza-Video… d‘Koalitioun konnten se sprengen, net awer um Image vum jonke Kanzler mat Tefloneegenschaften.

Wahlen

De Slogan vun der konservativer Vollekspartei ÖVP war einfach a prägend: „Fir dat weidergeet wat gutt ugefaangen huet“. Bezéien deet sech de Slogan op dem Sebastian Kurz säi politeschen Elan, deen duerch e Video vum FPÖ-Chef a Vizekanzler Heinz-Christian Strache, liicht ausgebremst gi war. An et sollt een och den Opstig vum Ausseminister zum Bundeskanzler, net ënnerschätzen.

Esou huet et eng Zäit an Éisträich ginn, wou déi jonk vun der ÖVP als „verwinnte Kids déi mam Papp sengem decken Auto uginn hunn“ betruecht goufen. Datt et esou eppes wéi eng „jonk ÖVP“ géif ginn, hunn déi allermeeschten net matkritt. Et läit also op der Hand, datt wann de Sebastian Kurz net erfollegräich gewiescht wier, haut keen Toun méi ze héiere wier. Mee hien hat Erfolleg.

Dat huet net nëmmen de Kritiker an der Partei de Buedem ënnert de Féiss entzunn, nee och déi „al Männer“ an der konservativer Partei hunn hir Muecht verluer, konnten de Laf vun der Geschicht net méi diktéieren. An dee jéngste Kanzler an der éisträichescher Geschicht huet Politik mat jonke Mënsche gemaach, net awer eng besonnesch jonk Politik bedriwwen. Och dat huet him genotzt.

Wahlen

Et sinn dann och vill „eeler Éisträicher“ vum Schoulofbriecher begeeschtert. An de Sebastian Kurz ass déi perfekt Besetzung fir d‘Roll vum Spëtzekandidat. Huet et verstanen sech als Affer ze inzenéieren a huet et drop mam Fanger op déi „aner“ ze weisen. All gemaachte Virwërf konnt dee charismatesche jonke Kärel allerdéngs net entkräften, eng Rei Affäre bleiwen a Fro gestallt.

Dem Bierger schéngt dat – wéi et mëttlerweil an Europa etabléiert ass – um Allerwäerteste laanscht ze goen. All Skandal hätt – eenzel geholl – nach virun engem Joerzéngt genuch Grënn geliwwert eng politesch Carrière laangfristeg ze schiedegen. De Sebastian Kurz an d‘ÖVP hunn näischt an de Sondage verluer, si sinn och weiderhin déi dreiwend politesch Kraaft. A setzt dat mat Beduecht ëm.

Et dierf een och net iwwersinn, datt dëse Wahlkampf héchst professionell gefouert gouf. Keng fir de Wieler nerveg punktuell Themen – esouguer d‘Migratioun war am Géigesaz zu 2017 ausgeklamert ginn – dofir eng op de Sebastian Kurz zougeschnidde Campagne. Gutt datt bei dëser Charmoffensiv de Budget vun der Campagne massiv iwwerzu ginn ass, dat ass eben esou a kee beschwéiert sech.

Wahlen

Bei den Experte stéisst dem Kuerz seng „Teflonpolitik“ awer op Widderstand. Esou ass de Politolog Anton Pelinka der Usiicht, datt dem Sebastian Kurz säi Problem doranner besteet, datt seng Professionalitéit vill vun engem PR-Manager huet, an et schwiereg ass ze bestëmme woufir hien eigentlech steet, wat hien de Leit „verkafe“ wëll. Bausse glat wéi en Éil, banne wéineg Inhalt…

Wat den Ausgang vun de Wahle selwer ugeet? Do besteet kaum en Zweiwel: d‘ÖVP wäert op en Neits als stäerkste Kraaft ervirgoen an och déi rietsradikal FPÖ kann sech iwwert Zousproch net bekloen. Eng nei Koalitioun tëscht OVP an FPÖ ass net nëmmen denkbar, vu villen Éisträicher ass déi och erwënscht. Ob a wei déi awer sollt ausgesinn, dozou kënnen och Experten näischt soen.

D‘SPÖ huet wéineg ze bidden, an déi gréng gewannen zwar un Zousproch (dat op Käschte vun de Sozialisten) mee si nach ëmmer keng politesch Kraaft am eigentleche Sënn. Dat de Sebastian Kurz schonn am Virfeld vun de Wahle Konditiounen opgestallt huet, déi vun der FPÖ dann och brav an anstänneg „zréckgewise“ goufen, dierf een an dësem konkrete Fall ass „berechent“ betruechten.

mat indymedia/vie

Foto: Nach ass net gewielt ginn an awer steet den Haaptgewënner fest. Kee Skandal a keng Affär konnt dem jonke Kanzler, Sebastian Kurz, säin Image beschiedegen. Eigentlech stellt sech fir d‘Éisträicher just d‘Fro mat wiem d‘ÖVP eng Koalitioun kann a wäert agoen. D‘FPÖ huet hei ganz sécher Chancen. © Die Neue Volkspartei

Related topics Éisträich, Nationalrat, ÖVP, Sebastian Kurz, Wahlen
Next post Previous post