Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dem US-President säin neit Feindbild: Facebook, Google an Twitter
International

Dem US-President säin neit Feindbild: Facebook, Google an Twitter

„Si musse gutt oppassen!“: den US-President Donald Trump huet en

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Abrëll
International

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Abrëll

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt

surprise
EU: Déi 27 sinn sech beim Budget fir d‘Zäit nom Brexit net eens
International

EU: Déi 27 sinn sech beim Budget fir d‘Zäit nom Brexit net eens

Grousse Kino zu Bréissel dëse Freideg an dat fir um

No de Wahlen an Italien geréit de Matteo Renzi ënner Drock

No de Wahlen an Italien geréit de Matteo Renzi ënner Drock

An de Reie vun der Demokratescher Partei an Italien rumouert et zolidd. Héich Mandatairë vun der Partei denoncéieren d‘Haltung vun hirem Chef Matteo Renzi. Deen huet wuel seng Kënnegung agereecht, mee ass partout net gewëllt Sondéierungsgespréicher, mat der Beweegung 5 Stären (M5S) opzehuelen.

M5S ass awer als stäerkste Fraktioun aus de Walen ervirgaangen, wann et elo och net fir eng Majoritéit duer geet. M5S huet sech mat sengen 32,7% als stäerkste Partei an Italien etabléiert. Dem Silvio Berlusconi seng „riets“ Koalitioun kënnt op 37% vun de Stëmmen. Wéi do elo eng Koalitioun soll zustane kommen, wann d‘Demokraten net fir e Gespréich zur Verfügung stinn.

Eigentlech misst ee sech bei den Demokraten iwwert e Gespréich mat M5S freeën. Ëmmerhi brécht de charismatesche Leader vun M5S, Luigi Di Maio, mat der Parteiideologie. Et wollt ee sech net mat den alen Elitten zesummendoen. De Luigi Di Maio dogéint, huet sech bereet erkläert mat alle politeschen Acteuren, iwwert d‘Theme vu sengem Programm ze diskutéieren.

Kënnt e Mëtt-lénks-Bündness?

Mat der Koalitioun vu Forza Italia, Lega an Fratelli d‘Italia, dierft et schwéier ginn sech iwwer Aarmut a Verschwendung; Migratioun a Sécherheet; oder Aarbecht an Entwécklung, ze ënnerhalen. Eng Koalitioun tëscht M5S an der Demokratescher Partei géif zudeem der Logik entspriechen, well sech d‘Demokrate selwer als eng „Mëtt-lénks“ Partei gesinn.

Schonn 2013 huet et eng Kéier de Versuch ginn, eng Koalitioun op d‘Been ze stellen. Zanterhier huet sech d‘Beweegung 5 Stären als gesellschaftsfäeg erwisen, an och d‘Muechtverhältnis huet sech geännert. Esou konnt déi Demokratesch Partei no fënnef Joer regéieren, nach grad emol 18,7% vun de Stëmme mobiliséieren.

Enger Koalitioun steet elo virun allem de Matteo Renzi am Wee. „Hien ass eng Behënnerung fir dës Koalitioun“, erkläert et de Politolog Giovanni Orsina. M5S huet dann och net wierklech eng gutt Meenung vum Matteo Renzi, deem seng arrogant Aart a Weis wéineg Zousproch an der Bewegung fënnt. Hie gëtt do och schonn emol mam Berlusconi verglach a krut de Spëtznumm „Renzusconi“.

Alles hänkt un der Wäerte-Fro

De Matteo Renzi huet also ugekënnegt, datt hien d‘Leedung vun der Partei wëll ofginn. Hie leet awer grousse Wäert drop, datt säin Nofolger eréischt no der Ernimmung vun der Regierung gewielt gëtt. Hien ass esouguer esou wäit gaangen, datt e sech als Garant ugebueden huet, fir ze verhënneren, datt déi Demokratesch Partei, de Waasserdréier vun enger antisystem Partei gëtt.

„M5S an déi vun der rietser Koalitioun hunn eis iwwer Jore beleidegt a stinn eise Wäerter entgéint. Si sinn anti-europäesch, anti-politesch an benotzen en Haass-Vokabulär. Si hu vun eis behaapt, datt mir korrupt wieren, mafiéis, Komplizen, an datt mir wéinst der Migratioun d‘Hänn voller Blutt hätten. Ech gleewen net, datt hir Usiichte geännert hätten. Sollen se dach eng Regierung maachen, mir halen eis do eraus“, esou de Matteo Renzi via Facebook.

Mat dësem „Message“ huet sech de Renzi awer an den eegene Reien net nëmme Frënn gemaach. „Mir si ganz wéi de Renzi géint Gemauschels an de Kulissen, mee och géint d‘Bunkeren“, esou d‘Reaktioun vum Justizminister Andrea Orlando. Hien hat bei der interner Wahl an der Partei (Abrëll 2017) awer och nëmmen 19% vun de Stëmme kritt.

Eng Katastroph fir d‘Demokratie

„De Renzi riskéiert eng demokratesch Katastroph auszeléisen an esou och den Ënnergang vun der Demokratescher Partei erbäizeféieren“, iergert sech de Michele Emiliano, Gouverneur vun der Provënz Apulien, en erkläert lénke Politiker. „M5S huet sech d‘Recht erkämpft ze regéieren an déi Demokratesch Partei muss datt ënnerstëtzen an d‘Anhale vum Programm kontrolléieren. Soss dinn sech mat de Rietsen zesummen“.

Elo ze fäerten et kéint zu enger Koalitioun tëscht M5S an der Liga vum Matteo Salvini (rietsextrem) kommen, déi jo och 17,3% erreecht hunn, fält aus. Hei sinn déi politesch Usiichten esou diametral verschidden, do gëtt keng Iwwerschneidung bei de Programmer.

Mee de Matteo Salvini an de Silvio Berlusconi sinn dann och der Meenung, datt si déi grouss Gewënner bei de Wahle waren, an esou och den Optrag misste kréien, eng Regierung bilden. „Mir hunn eng Equipe, an déi ass prett“, esou de Salvini um Dënschdeg. An de Berlusconi huet um Dënschdegowend unerkannt, datt d‘Liga déi stäerkste Kraaft an der Koalitioun vu Riets ass.

Dat bedeit, datt de Silvio Berlusconi der Liga d‘Recht unerkennt, de nächste Regierungschef auszewielen, wann hir Koalitioun da sollt un d‘Muecht kommen. An den éischten Test hei dierft d‘Wahl vun de Presidente (23. Mäerz) fir déi zwou Kummere ginn. Eréischt duerno beréit sech de President vun der Republik, Sergio Mattarella, mat de Parteie fir e Regierungschef ze nominéieren.

mam Fanny Carrier/AFP

Foto: De fréiere Premierminister vun Italien, Matteo Renzi (Demokratesch Partei) huet zwar ugekënnegt d‘Presidence vun der Partei ofzeginn, säin Nofolger soll awer eréischt no der Regierungsbildung gewielt ginn. Esou laang kann hien sech géint eng Koalitioun, tëscht senger Partei a M5S, stellen. © Alberto Pizzoli/AFP

Ähnlech Sujeten Italien, Luigi Di Maio, Matteo Renzi, Matteo Salvini, Silvio Berlusconi, Wahlen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel