Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi wichteg ass de Schutz vun eise Kanner am Internet?
matchmaking games app https://moien.lu/job-speed-dating-fragen/

who does alex from 13 reasons why dating in real life

Am Kader vum europäeschen Dag vum Europarot fir de Schutz

https://moien.lu/dating-site-for-chatting/
matchmaking games app https://moien.lu/job-speed-dating-fragen/

US-President warnt Peking

D‘Situatioun zu Hong Kong ass liicht ugespaant, well d‘Bierger der

Loosst eis de System änneren, net de Klima
matchmaking games app https://moien.lu/job-speed-dating-fragen/

Loosst eis de System änneren, net de Klima

Déi kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) begréisst den Zesummeschloss vun „Youth

Spuenien: Wahlgewënner ouni Majoritéit

Spuenien: Wahlgewënner ouni Majoritéit

Ganz den Erwaardungen entspriechend, huet déi sozialistesch Partei (PSOE) vum Pedro Sanchez d‘Wahlen a Spuenien gewonnen. Entspriechend dem virleefege Resultat, kréien d‘Sozialisten 28% vun de Stëmmen, déi Konservativ (Partido Popular) bleiwen zweetstäerkst Kraaft mat 21%. Déi eigentlech Wahlgewënner awer sinn d‘Faschiste (VOX) déi mat 15% zu Vollekspartei avancéieren.

Am Verglach zu de Wahlen am Abrëll konnt d‘VOX sech ëm 5% verbesseren, a verduebelt esou d‘Zuel vu senge Mandater. Si klamme vu 24 Sëtz am Parlament op iwwer 50 Sëtz. Mee et konnten sech och eng Rei kleng Parteie fir den Anzuch an d‘Parlament qualifizéieren. Esou déi lénk „Más País“ (Méi Land). Um Gesamtbild vum spuenesche Parlament ännert dat awer séier wéineg.

MajoritéitDe Partido Popular vum charismatesche Pablo Casado konnt sech och géintiwwer de Resultater vun Abrëll ëm 4% verbesseren. Woubäi ee bedenke muss, datt déi konservativ Vollekspartei am Abrëll säi schlechtst Resultat a senger Geschicht huet misse verkraaften. Trotzdeem bleift si mat 21% wäit hannert den Äerzrivalen. Rechneresch geet sech eng Koalitioun mat der VOX zum Gléck net op.

Katalounien huet och gewielt

D‘Faschiste vun der VOX hunn dëser Wahl hire Stempel opgedréckt an am Wahlkampf, ähnlech wéi d‘AfD an Däitschland, mat Haass an Näid hir Clientèle fonnt. Mee och d‘Katalanen hunn en zimlechen Afloss op dës Wahle geholl. D‘Provënz Katalounien, déi d‘Onofhängeg ustrieft a sech mat engem Referendum op e Konflikt mat Madrid agelooss huet, ass e politescht Polverfaass.

A wann et sécherlech net verkéiert gewiescht wier, wann de Pedro Sanchez, dee sech fir d‘Eenheet vum Land asetzt, hei op Dialog gesat hätt, statt engem politesche Prozess säi Laf ze loossen, hätten d‘Faschisten eventuell manner gutt ofgeschnidden. D‘Uerteel géint d‘Separatisteleader huet säin Effet net verpasst an zanter dem 14. Oktober ass Katalounien nees am Opstand. D‘VOX seet Merci.

Majoritéit

No bekannt gi vun de virleefege Resultater, huet de Pedro Sanchez sengen Unhänger Merci gesot a versprach sech fir eng Regierung vun der spuenescher Eenheet ze engagéieren. Eng Koalitioun mam Partido Popular huet hien op en Neits formell vu sech gewisen. Hie setzt op eng Minoritéitsregierung déi vun de klenge lénke Parteien toleréiert misst ginn. © PSOE

Merci awer net de Katalanen, mee dem Pedro Sanchez, deen an engem Debat op der Televisioun an Aussiicht gestallt huet, Referenden iwwert d‘Onofhängegkeet ee vir allemol ze verbidden. Dem Neonazi a Chef vun der VOX, Santiago Abascal, wier et léiwer, Madrid géif endlech duerchgräifen an de katalanesche Regionalpresident Quim Torra viru Geriicht stellen an uschléissend aspären.

Faschisten an Europa zelebréiere Wahlvictoire

Déi faschistesch VOX knäppt un d‘Ierwe vum spueneschen Diktator Francisco Franco un, wëll keng Migratioun – och keng europäesch – a schonn emol guer keng Moslemen, Judde kann een toleréieren. Gewerkschafte gehéiere net zu hirem Weltbild an zu Bréissel sëtzt de Feind. Si sinn domatter net eleng, an déi Rietsextrem aus ganz Europa hunn dem Santiago Abascal gratuléiert.

Esou d‘Marine Le Pen vum Rassemblement National (Frankräich), dat vun engem spektalurären Erfolleg schwätzt. Mee och de Chef vun de faschistescher Lega Nord, Matteo Salvini (Italien) begréisst de „grousse Fortschrëtt“ deen d‘VOX gemaach huet. Si wier elo eng Vollekspartei, esou de fréieren Inneminister. Spuenien huet domatter déi mächtegst Faschiste-Fraktioun an der EU.

MajoritéitRechneresch wier eng grouss Koalitioun déi eenzeg Méiglechkeet eng Majoritéitsregierung (dofir brauch et mindestens 176 Mandater) ze bilden, dat awer gëllt als ausgeschloss. De Pedro Sanchez setzt dofir op d‘Toleranz vun de „klenge“ Parteien, déi him esou eng Minoritéitsregierung kéinten erméiglechen. Wéinst „Katalounien“ sollt hien sech awer net op déi lénk Parteie verloossen…

mat indymedia/mad

Foto: De Chef vun der sozialistescher Partei (PSOE) kann sech freeën d‘Resultat vun der Partei bei dëse Walen „gehalen“ ze hunn. Fir eng Majoritéit geet et awer net duer an datt d‘Faschiste vun der VOX déi eigentlech Wahlgewënner vum Sonndeg sinn, stellt seng „Presidence“ a Fro nach iert se ugefaangen huet. © PSOE

Ähnlech Sujeten Parlamentswahlen, Partido Popular, Pedro Sanchez, Podemos, PSOE, Spuenien, VOX
Nächsten Artikel Virrechten Artikel