Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De SYVICOL huet Fuerderungen
dating someone 20 years older WTF

https://moien.lu/india-dating-online-free/

Bei senger Sëtzung vun e Méindeg, huet de Syndikat vun

https://moien.lu/ny-times-dating-app/
dating someone 20 years older WTF

What the Fakt – Virun 156 Joer annoncéiert den Abraham Lincoln: d’Emanzipatiounserklärung

Den 22. September 1863 erschéngt dem 16. President vun Amerika,

SC Beetebuerg: dat éischt Auswäertspill huet sech gelount
dating someone 20 years older WTF

SC Beetebuerg: dat éischt Auswäertspill huet sech gelount

En war en interessante Spillowend deen de Fussball-Enthusiasten um Samschdegowend

surprise

Wahlkampf: Digital an Zeen gesat

Wahlkampf: Digital an Zeen gesat

D’Bundeskanzlerin am Interview op engem Youtube Kanal. Den däitsche Wahlkampf ass dann dach fir déi eng oder aner Iwwerraschung gutt. Mee ass esou eng digital Offensiv och zu Lëtzebuerg denkbar? Oder si mer, wéi dat oft behaapt gëtt, einfach ze kleng dofir?

Sécherlech ass d’Lëtzebuerger Youtube-Zeen nach zimlech iwwerschaubar. Et ass awer schwéier erauszefannen, wourunner dat fest ze maachen ass. Ass et d’Sprooch, d’Technik oder e Mangel u Verknüpfung? Op alle Fall probéieren sech di gréisser Medien am Land, schonn déi puer Talenter déi mer hunn, och iergendwéi an ze bannen.

Abseits dovunner sinn d’digital Strategien zimlech staark op Facebook an Twitter reduzéiert. Dat ass hirem Status als Platzhiersch hei zu Lëtzebuerg geschëlt. An och wa verschidden Deputéiert hier eege Blogs hunn, sou ass déi Zäit eriwwer, och well d’Räichwäit deels dann dach zimlech ageschränkt ass.

Wéi also digital Wahlkampf féieren? Well ouni kann ee jo net. Op mannst net hautesdags, wou eng Majoritéit vun de Lëtzebuerger Facebook benotzt. A wann een sech verschidde Gruppéierungen op Facebook ukuckt, a wéi do Politik gemaach gëtt, da kann ee schonn emol gro Hoer kréien: Falsch oder mangelhaft recherchéiert a beluechten Informatiounen ginn do ronderëm gedeelt, fir e ganz bestëmmten Message eriwwer ze bréngen.

Op dëser Plaz gouf schonn e puer Mol iwwer Fake News geschriwwen. Et ass leider kloer, datt vill Leit sech vu Fakten absolut net aus der Rouh brénge loossen, an domadder och e gefonntent Friessen fir Populisten sinn, egal vu wat fir engem Bord se kommen. Dobäi passt et villen och ganz gutt an de Krom, déi traditionell Medien op der Säit ze loossen. Sou Journalisten, déi tatsächlech hannerfroe kéinten, op gewësse Behaaptungen iwwerhaapt stëmmen, dat wier dach schrecklech.

Beim Gemengewahlkampf gouf genau deen Thema ugeschwat. Fake News hätten am Wahlkampf näischt ze sichen. Dat gouf souguer an engem separaten Accord fir de Wahlkampf festgehalen. Woubäi nach laang net all Partei deen Deel vum Accord mat ënnerschriwwen huet. Argument: Fake News wiere schwéier ze definéieren.

Dovunner kann een hale, wat ee wëll, mee eppes ass kloer: Den Internet sollt net wéi e wëlle Westen fir Politiker an Extremisten eriwwer kommen. Well mat Fake News kann een sech schnell eng enorm Reechwäit zesumme bastelen: Simpel Botschaften, déi schmësseg ënnerluecht sinn, dat gëtt gären onkritesch gedeelt. Nom éischte Wahlkampf vum Dauerwahlkampf wäerte mer méi schlau sinn, wat dat ugeet. Mee villäicht wier sou eppes wéi Mimikama.at fir Lëtzebuerg mol guer keng esou eng verkéiert Iddi.

Wann ech spekuléiere sollt, géif ech dorobber schléissen, datt Videoen eng gréisser Roll spille wäerten. Op Twitter an op Facebook hu scho verschidde Lokalpolitiker an där Hisiicht éischt Versich gestart. Datt se bei enger Youtube-Perséinlechkeet optauchen, woen ech ze bezweifelen, och well, wéi gesot, an däer Hisiicht nach prominent Youtuberen hei am Land feelen. Allerdéngs kéinte verschidde Bloggeren hei méi aktiv ginn, an sech de Kandidaten nähern. Dëst wier dann och ee Format vun der Biergerbedeelegung, wat Demokratie nach e bëssche méi lieweg mécht.

Ähnlech Sujeten Digital, Gemengewahlen 2017, Lëtzebuerg, Politik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel