Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gewerkschaften: Deelaccord am Bankesecteur fonnt
welkom dating site Neiegkeeten

dating culture in greenland

Während d’Verhandlunge fir en neien a moderne Kollektivvertrag weider ginn, ass d’Optioun

https://moien.lu/new-dating-app-2017/
welkom dating site Neiegkeeten

Lëtzebuerger Lidder – op der Sich nom Sonili!

De Jean Kandel, deen dofir bekannt ass, Lëtzebuerger Lidder erëm

dislike
Egypten veruerteelt 14 Männer wéinst anormale sexuelle Relatiounen
welkom dating site Neiegkeeten

Egypten veruerteelt 14 Männer wéinst anormale sexuelle Relatiounen

E Sonndeg huet e Geriicht vu Kairo 14 Männer, déi

Wahlkampf ob hebräesch

De Benjamin „Bibi“ Netanyahu wëll sech et Stéck vum Westjordanland averleiwen

Wahlkampf ob hebräesch

Den israelesche Ministerpresident Benjamin Netanyahu huet eng Woch virun de Wahle senge Fans versprach, datt hien d‘Jordandall am besate Westjordanland géif annektéieren, falls hie géif gewielt ginn. Och den Territoire nërdlech vum Roude Mier wëll hie sech kropen…

Elo muss een awer wëssen, datt d‘Jordandall, dat laanscht der Grenz zu Jordanien geleeën ass, gutt 30% vum Westjordanland ausmécht. Bal dat ganz Jordandall steet entspriechend den Accorde vun Oslo ënner israelescher Verwaltung. Demographesch betruecht liewen hei: 60. 000 Palestinenser a ronn 5.000 israelesch Siidler. D‘Jordandall ass vu strategescher Bedeitung, wat villes erkläre soll.

Wahlkampf

De Benjamin Netanyahu kann sech mat sengem „Verspriechen“ op de Réckhalt aus Washington stëtzen an huet, och wann d‘Sondage säi „Géigner“ gläichop gesinn, ganz realistesch Chancen dës Wahlen nees ze gewannen. Ligen an Korruptioun sinn do Detailer déi vum Ausland iwwerbewäert ginn. © הליכוד

An d‘Iddi vun der nationalkonservativ ausgeriichter Regierung sech hei „breet ze maachen“ ass net nei. Scho virun de Parlamentswahlen am Abrëll, hat de „Bibi“ annoncéiert, datt hie gewëllt ass déi israelesch Siidlungen am Westjordanland dem Staatsgebitt zouzeféieren. Eng Annonce déi hien och déi lescht Woch widderholl huet. Soll domatter déi ugestrieften Zweestaateléisung verhënnert ginn?

Fir de palestinensesche Ministerpresident Mohammed Schtaje eng Provokatioun. Hien hat de Staat Israel virun esou enger Entscheedung gewarnt a betount datt Palestina net sollt Géigestand vun der Wahlcampagne sinn. „Wann den Netanyahu mengt, datt hien duerch d‘Annexioun vun de besidelten Territoire kuerzfristeg d‘Wahle gewënnt, wäert hien an Israel laangfristeg d‘Verléierer sinn. (…) De Benjamin Netanyahu ass de Saboteur vum Friddensprozess“, esou de Mohammed Schtaje gëschter.

1967 hat Israel am Sechsdeegkrich nieft Ostjerusalem och d‘Westjordanland eruewert. Hei liewen haut an engen 200 Siidlungen iwwer 600.000 israelesch Siidler. D‘Palestinenser reklaméieren dësen Territoire awer och fir sech. Washington dogéint ënnerstëtzt dem israelesche Ministerpresident seng Pläng an den Donald Trump hat sengersäits „unerkannt“ datt d‘Golanhéichten zu Israel gehéieren.

Wahlkampf

De Kandidat vun der Kachollavan (Blo-Wäiss) Benny Ganz setzt a senger Campagne op d‘Jugend an e friddlecht Zesummeliewen. Wéi realistesch seng Chancen op eng Wahlvictoire sinn, dierft dovunner ofhänke wéi sech déi wirtschaftlech Acteure positionéieren. © כחול לבן

Et gëtt also interessant ze gesinn, wéi dës Ukënnegung sech am Wahlkampf positiv fir de Benjamin Netanyahu auswierkt – oder eben och net. Gewielt gëtt de 17. September an zwee Kandidaten hunn Aussiichten d‘Wahl ze gewannen. Nieft der rietsnationaler a konservativer Likud vum Netanyahu ass och d‘Bündnis vun der Mëtt „Blo-Wäiss“ mam ex Generol Benny Gantz ganz gutt opgestallt.

mat indymedia/tlv

Foto: Dem Benjamin „Bibi“ Netanyahu seng aggressiv Haltung géintiwwer der palestinensescher Regierung kritt an Israel vill Zousproch. Seng „Fans“ halen näischt vun enger Zweestaateléisung. Beim politesche Meeting zu Ashdod, huet hie gëschter de Mënschen nees aus der Séil geschwat. © הליכוד

Ähnlech Sujeten Benjamin Nehanyahu, Benny Gantz, Israel, Kachollavan, Likud, Wahlkampf, Westjordanland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel