Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fondatioun Autismus Lëtzebuerg: Zesummen ass ee staark!
Fail Neiegkeeten

Fondatioun Autismus Lëtzebuerg: Zesummen ass ee staark!

Ee Mangel un Ariichtungen an Déngschtleeschtunge fir Persounen, déi Autismus

Wéi eng politesch Offer fir d‘Europawahlen?
Fail Neiegkeeten

Wéi eng politesch Offer fir d‘Europawahlen?

Déi europäesch Unioun steet ënner Drock: Brexit, Sträit mat den

What the Fakt – Den Ufank vum Enn vun der Titanic!
Fail Neiegkeeten

What the Fakt – Den Ufank vum Enn vun der Titanic!

Als deemoleg gréisst Passagéierschëff vun der Welt huet d’Titanic als

dislike

De Pensiounsregimm gëtt zum Wahlkampfthema

De Pensiounsregimm gëtt zum Wahlkampfthema

Wann ee sech eens ass, datt de Wuesstem zu Lëtzebuerg am Mëttelpunkt vun de Chamberwahle vum Oktober dierft stoen, esou wäert och de Pensiounsregimm eng grouss Roll spillen. A wa gewosst ass, datt d‘LSAP alles beim ale wëll loossen, esou geséich et d‘CSV gären, datt nach haut Mesuren ergraff ginn, déi den zukünftege Generatiounen de gläichen Niveau garantéiert.

Beim Wuesstem, schéngt ee sech dann och parteiiwwergräifend eens ze sinn, datt dëse muss nohalteg sinn. Woubäi jidderengem muss kloer sinn, datt de Wuesstem säin aktuelle Rhythmus muss bäibehalen, wann de Liewensstandard un deen ee sech gewinnt huet, soll erhale bleiwen. Bei de Pensioune gëtt et dogéint wéineg Konsens, awer vill Gespréichsbedarf.

Zwee wéi Feier a Waasser

Et sinn dann och d‘Spëtzekandidate vun der LSAP (Etienne Schneider) an der CSV (Claude Wiseler) séi sech beim Thema „Pensiounsregimm“ am heftegste bekrichen. Während de Vizepremier Etienne Schneider kee Grond gesäit eppes um aktuelle System ze veränneren, wëll de Claude Wiseler Mesuren ergräifen, iert ee sech de Kapp un der Rentemauer stéisst.

Eng Rentemauer, déi et fir de Premierminister esou net gëtt. An de Xavier Bettel (DP) gëtt et sech och net midd ze widderhuelen, datt him vun der Rentemauer geschwat gëtt zanter hien d‘Liicht vun der Welt gesinn huet. De Spëtzekandidat vun der demokratescher Partei gesäit och kee Grond zur Panik. Mat 20 Milliarden an der Reserv (dat entsprécht den Ausgabe vu 4 Joer) verständlech.

Mee esou berouegend wéi sech de Montant vun der Reserv unhéiert, muss och hei nach emol drop higewise ginn, datt déi dem Wuesstem geschëlt ass. Freet sech also wat geschitt, wann d‘Leit es dem Turbo-Wuesstem midd sinn. Kann een dann nach de spéidere Generatiounen e séchere Rentenniveau garantéieren? Gett de Wuesstem gebremst, brauch et awer Alternativen.

An d’Handelskummer huet een och eng Meenung

Wuesstem a Sozialausgaben, sinn zwee Sujeten, déi och an der Handelskummer fir vill Gespréich suergen. An d‘Fondatioun IDEA, e „Kand“ vun der Handelskummer, setzt sech an fir neien intergenerationelle Vertrag. „Et ass ouni Zweiwel de Koloss mat leemege Féiss vun der sozialer Kohäsioun zu Lëtzebuerg“, heescht an engem rezenten Artikel op hirer Internetsäit.

D‘Fondatioun IDEA ass net d‘Sproochrouer vum Salariat. Hei gëtt knëppelhaart d‘Positioun vum Patronat verdeedegt. Dat gewosst, muss sech d‘CSV dann awer mat zolitten Argumenter rëschten, fir dem Wieler verständlech ze maachen, datt um Pensiounsregimm muss gefréckelt ginn, wou se eigentlech op der Linn vun IDEA leien.

A wat wëll d‘CSV eigentlech? Eng „Retouche“? Dat wier kee Konzept, also ass dovunner auszegoen, datt déi chrëschtlech sozial Vollekspartei un enger Reform schafft. Dat dierft och d‘Intentioun vun IDEA sinn. D‘Fondatioun stellt fest, datt Lëtzebuerg haut 2 mol esouvill Geld bei de Pensiounen ausgëtt, wéi es u Cotisatiounen erakënnt.

Datt dat bis ewell gutt geklappt huet, esou d‘Fondatioun, läit dorunner, datt d‘Frontaliere ronn 40% vun de Beiträg bezuelen, der awer am Moment manner wéi 25% eraushuelen. Net ze vergiessen, datt d‘Kompensatiounsreserv e konsequent Akommes generéiert.

D‘Liewenserwaardung klëmmt an de System kënnt net mi no

No de Berechnunge vun der Fondatioun, huet sech e Rentner bannent den éischte 6 Joer seng Cotisatiounen zréckgeholl, déi hie 35 bis 40 Joer abezuelt huet. Aktuellen Zuelen no, cotiséieren haut 400.000 Aktiver fir d‘Pensioun vun 175.000 Rentner ze sécheren. Well sech awer d‘Liewenserwaardung empfindlech verlängert huet, kéint een um bestoende System net festhalen.

Hei gëtt dann och gewarnt: „Op eng onendlech favorabel Evolutioun vun de bekannte Parameter ze wetten, dat nennt ee ‚Schnéiballsystem‘. E System dee Strofbar ass an vun der ganzer Finanzwelt sanktionéiert gëtt, awer akzeptabel erschéngt wann et en ëffentleche System ass?“, esou d‘Auteure vum Artikel op der Internetsäit vun IDEA.

Den aktuelle Pensiounssystem ass net nohalteg

Den Debat ass awer net nei. Dem Patronat ass säit laangen de „Regierungsstëllstand“ géintiwwer den Erausfuerderunge vum Pensiounssystem en Dar am A. Hei deet et gutt sech d‘Zuelen eppes méi genee unzekucken, fir e bessert Verständnis vum Problem ze kréien. Aktuell gi 7% vum Bruttoinlandprodukt (BIP) fir d‘Pensiounen opgewannt. A 40 Joer gëtt dat duebelt benéidegt.

Bei der Fondatioun IDEA berechnen d‘Auteure vum Artikel, datt wann een haut misst 14% vum BIP ausgi fir d‘Renten ze bezuelen, misst de Staat zousätzlech Mëttel an héicht vun 3,5 Milliarden Euro fannen. IDEA ass zudeem och iwwerzeegt, datt de System esou wéi mir en haut hunn, net gerecht ass, well Lëtzebuerg sech hei eng Schold vun 900% operleet.

An datt sinn och gréisstendeels d‘Argumenter déi virrangeg ugefouert ginn, fir den intergenerationelle Vertrag ze iwwerdenken. E Vertrag deem ee sech elo muss unhuelen, fir datt de „Sozialstaat“ och muer nach Pensioune garantéiere kann, déi dësen Numm och verdéngt hunn. Näischt ze maachen hätt dramatesch Folgen a stellt déi sozial Kohäsioun vu muer a Fro.

Ähnlech Sujeten Claude Wiseler, Etienne Schneider, Fondatioun IDEA, Handelskummer, Pensiounssystem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel