Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Migratiounspak: Op der Sich no gescheite Käpp an talentéierten Hänn
we hook up meaning Stories

carbon dating live animals

Méintelaang ass sech gestridde ginn a „verbal Handgräiflechkeeten“ hunn den

https://moien.lu/what-are-some-good-free-hookup-sites/
https://moien.lu/how-to-choose-name-for-online-dating/
we hook up meaning Stories

Tierkei: Wirtschaftskris fir eng Diktatur

Déi tierkesch Lira huet e Freideg e brutale „Plongeon“ missen

Ab September zu Maarteleng: TKD Koryo – Asiatesche Kampfsport vum feinsten
we hook up meaning Stories

Ab September zu Maarteleng: TKD Koryo – Asiatesche Kampfsport vum feinsten

Vum 3. September un, huet déi Maartelenger Sportshal e weidere

Wahlmanifest vun den „déi Konservativ“ (eng Analys)

Wahlmanifest vun den „déi Konservativ“ (eng Analys)

Esou richteg schéngt keen se ze kennen an esou ass villen och d‘Absicht vun der Partei „déi Konservativ“ sech un den Europawahlen ze bedeelegen, e Rätsel. Äntwerte géif d‘Wahlmanifest liwweren, mee wie liest schonn e Programm? Hei eng kuerz Analys wat „déi Konservativ“ wëllen.

Wann et dem Parteipresident, Joe Thein, nogeet, da ginn déi Konservativ bei der EU-Wahl de 26. Mee als „Europareformisten“ ënnert dem Slogan „D‘éischt Lëtzebuerg, dann Europa“mat an d‘Wahlen. Si wieren net géint de Projet Europa, mee hu sech an de Kapp gesat am Europaparlament fir d‘Interesse, d‘Wäerter, d‘Souveränitéit an d‘Kompetenze vu Lëtzebuerg anzetrieden.

Dat eleng ass eng lueflech Initiativ, mee et stellt sech hei dann awer ganz seriéis d‘Fro, vu wéi engen Interessen a Wäerter rieds ass. Bei der Souveränitéit dierft et kloer sinn, firwat et bei de Kompetenzen nees oniwwersiichtlech gëtt. Beim Saz: „Lëtzebuerg ass eis éischt Prioritéit“ kënnt engem onvermëttelt den trumpschen „America First“ an de Sënn. Mee si mengen et anescht.

Wéi elo en „Europa vun de Natiounen an der Vëlkerfrëndschaft“ an den Ae vun déi Konservativ ausgesäit, kann een ënnert dem Kapitel „EU-Systemreform“ (säit 5) fannen. Déi kleng Partei aus dem Lëtzebuerger Süden, besteet op d‘Recht vun der eegener Natioun, a sinn der Iddi vum Nationalstaat unhängeg. Si geséichen et gären, wann sech d‘EU op seng Wuerzele géif bezéien.

Dat heescht dann näischt anescht, wéi e Retour zur Wirtschaftsgemeinschaft (EWG) nom Vertrag vu Roum 1957. Déi Konservativ gesinn d‘Stäerkt vun der EU am Bannemaart, wat ekonomesch awer e reng utopesche Gedanken ass. D‘Globaliséierung léisst sech bekanntlech net emol vun engem Handelskrich verhënneren a grad Lëtzebuerg profitéiert den Ament enorm, vum Welthandel.

De Wielerwëlle respektéieren

E weidere Punkt vun der Kritik un Europa a senger jëtzeger Form: Wéi 2005 de Verfassungsvertrag a Frankräich an Holland beim Referendum vun de Wieler zréckgewise ginn ass, wier de Bierger dëse Vertrag 2009 nees mam selwechten Text ënnerjubelt ginn. D‘Iren hätt een esouguer genéidegt en zweete Referendum ofzehalen. Elo ass datt awer alles „kale Kaffi“ a längst ratifizéiert ginn.

Wann et richteg ass, datt de Leit „villes opgezwongen“ ginn ass an et der EU net gutt zu Gesiicht steet esou burschikos virzegoen, esou muss drun erënnert ginn, datt sengerzäit de „Referendum“ fakultativ war, an d‘Regierunge generell dësen als „consultativ“ annoncéiert haten. Hei op eng nei Verfassung ze pochen an eng Reform vum System ze verlaangen, bréngt de Won net un d‘Rullen.

Dofir kann een dem Gedanken, vun enger besserer Verfassung a Spillregelen, wou dann och vläicht iwwer Austrëttsprozeduren nogeduecht gëtt, nees eppes Positives ofgewannen. Mee déi Konservativ géifen och mat der ganzer Lëscht net genuch Gewiicht op d‘Wo bréngen, fir am Europaparlament esou eng Moossnam duerchzesetzen. Dofir brauch et méi wéi eng staark Fraktioun…

Ufrënne kann ee sech mam Saz: „Déi national Verfassunge mussen awer ëmmer iwwert dem Europäesche Recht stoen, an d’Vetorecht an d’Avise vun de Nationalstaate bäibehale ginn, fir datt déi national Souveränitéit erhale bleift.“ Woubäi bis ewell déi meeschten Decisiounen nach ëmmer mussen eestëmmeg geholl ginn, wat automatesch mat sech bréngt, datt eng Direktive vun de Länner muss ratifizéiert ginn.

Problemer mat der Demokratie?

Wann déi Konservativ an der europäescher Unioun e Problem bei der „Demokratie“ erkennen, kann een hinne Recht ginn. Besser awer wier dann och déi mam Numm ze nennen déi fir dësen demokrateschen Defizit verantwortlech sinn, woubäi een sech dann awer géif mat méigleche Koalitiounspartner uleeën. Dat gëllt och wa rieds geet vun de Verstéiss géint Verträg, Gesetzer a politesche Prinzipien.

Schliisslech muss een déi Konservativ jo och enger politescher Famill zourechnen – egal ob iwwerhaapt e bereet wier se bei sech opzehuelen – an déi kann een elo net wierklech der politescher Mëtt zourechnen, och wann de „Smartwielen“ dat anescht gesäit. Wéi och ëmmer een et dréint, dat wou ee sech nach virstelle kann datt et Sënn mécht, gëtt vun der „politescher Famill“ net emol am Usaz respektéiert a léist sech net ëmsetzen.

Dat gëllt am iwwregen och fir d‘Fuerderung vun europawäite Referenden. Hei gräift dem Joe Thein seng Partei dann nees eppes méi déif an d‘Këscht mat der Opschrëft „Vox Populi“ a schléisst sech a gewësser Mooss de giele Gileten un, och wann sech déi Konservativ e legislatiivt Initiativrecht fir d‘Europaparlament wënschen. Mee Leit aus dem konservative Lager hunn et net esou mat Referenden, dofir mat Autoritéit.

E weidere Virschlag deem eigentlech net ze widderspriechen ass: déi Direktwahl vu Spëtzeposten (EU-Kommissären) an d‘Wahl vum Kommissiounspresident an dem Europarotspresident. De President vum Parlament bleift der Wahl vum Parlament iwwerlooss. Dorops wäerten se zu Bréissel net agoen, hire System huet sech – fir gewësse leit zumindest – als zimlech effektiv erwisen. E Kueb pickt deem anere keen A aus.

Vill ze vill Bürokratie net genuch Transparenz

Déi Konservativ hunn sech en eegent Bild vun der EU gemaach, a notéieren: 12 EU-Institutiounen, 24 EU-Agencen, ronn 44.000 Beamten an nach emol ronn 11.000 Employéeën. Déi mussen alleguerten eng Pai kréien, an net nëmmen si. Och déi Deputéiert, deenen hir Assistenten an d‘Kommissäre brauche Geld fir ze funktionéieren. Hir Paien awer wieren extravagant, vun de Pensiounen net ze schwätzen.

Och do kann een averstane sinn, datt et der gëtt, déi engersäits méi wéi kinneklech entschiedegt ginn, an sech nach niewelaanscht „organiséieren“. Net all déi ze vergiessen, déi hir Zäit als Volleksvertrieder notzen, fir sech beim „zukünftege Patron“ anzeschläimen, wann dësen net schonn dofir gesuergt huet, datt déi Persoun den entspriechende Posten an enger Institutioun zougewise kritt. Mir denken do beispillsweis un d‘EZB.

Ob een elo esou „Leit“ dann och dovunner iwwerzeege kann, datt et géintiwwer de Bierger fair wier, all seng Niewentätegkeeten an d‘Akommes dovunner ëffentlech ze maachen, beäntwert sech vum selwen. Och dee vun den déi Konservativ gefuerderten Zougang zu allen Debaten an Informatiounen (Verëffentlechung an onageschränkt Informatiounsrecht) ass gerechtfäerdegt, wäert awer aus bekannte Grënn ni ëmgesat ginn.

Si setzen sech dann nach fir d‘Informatiounsfräiheet am netz an, fuerdere gläichzäiteg de Subventiounsstopp fir gesellschaftspolitesch Campagnen. Un engem „Wourechtsministère“ dee fir politesch Korrektheet antrëtt, also Meenungen als „Haasspriedegt“ oder „Falsch Noriichten“ kennzeechne géif, sinn se net interesséiert. Do ass et nëmme konsequent, sech géint eng Zensur an de soziale Medien anzesetzen.

Hannert der Grenz

Mat enger gemeinsamer EU-Aussepolitik ginn déi Konservativ och net waarm. Si geséichen et léiwer wann eisen Ausseminister als éischt déi national Interesse géif berécksiichtegen. Si verwerfen all friem Amëschung an d‘Nationalpolitik. Si wëllen dann awer nees méiglechst gutt Bezéiungen zu de Partner an der EU an der NATO, mee fuerderen zugläich eng „frëndlech“ Politik géintiwwer Russland an e Stopp vun de Sanktiounen.

Et soll méi a besser mat de sougenannte Visegrad-Staaten verhandelt ginn, an eng Léisung fir den israelesch-palestinensesche Konflikt gesinn si nëmmen an enger Zweestaateléisung. D‘Tierkei als Bäitrëttskandidat kënnt fir déi Konservativ och net méi a Fro, woubäi et mam Sultan vun Ankara eigentlech – zumindest aus nationalistescher Siicht – Iwwerschneidunge gëtt. D‘Zesummenaarbecht mat Saudiarabien geet och net…

Dat gëtt nees komplizéiert, wëll d‘NATO – dat si als Friddensbündnis bezeechnen – an déi europäesch Verdeedegungspolitik solle gestäerkt ginn, an en europäescht Konzept géint den Islamismus misst ausgeschafft ginn. Elo kooperéiert awer och d‘NATO an d‘EU mat islamesche Verbänn, fir dem Terror duerch radikaliséiert Moslemen ze begéinen. Dat sollt een berécksiichtege wann een et eescht mengt.

Sozial an humanistesch matwierken, och datt géifen déi Konservativ gäre maachen, dat awer nëmme wann emol d‘Problemer bei eis geléist goufen. Entwécklungspolitik misst een effizient an intelligent gestalten. Dat ass fir Lëtzebuerg duerchaus schonn de Fall, och wann et natierlech nach vill Spillraum gëtt. Hëllef zur Selbsthëllef gëtt längst applizéiert, mee dat mat der Befreiung vum „finanzielle Kolonialismus“ klappt net.

D‘EU an den Aussenhandel

Laut Manifest setzen sech déi Konservativ fir eng fräiheetlech a sozial Wirtschaftspolitik an. D‘EU misst sech mat der WTO fir e gutt reguléierten Handel engagéieren an esou dem Protektionismus entgéintwierken. Dat geet dann awer nees mam „D‘Éischt Lëtzebuerg, dann Europa“ net ganz iwwerenaner. Well eigentlech geet et déi Konservativ jo och emol als éischt drëms d‘Interesse vu Lëtzebuerg an der Virdergrond ze setzen.

Déi asiatesch Handelsbezéiunge sinn net déi schlechtst, an ob per Loft oder Schinn, Lëtzebuerg ass längst en Deel vun der neier Seidestrooss. A wat d‘Verhandlunge mat Groussbritannien ubelaangt, esou sollt een elo emol ofwaarden ob et iwwerhaapt nach zum eigentleche Brexit kënnt. Vun allem profitéiert natierlech och d‘Finanzplaz Lëtzebuerg, an déi dierft vum Manifest dat virläit net begeeschtert sinn, huet et och net gelies.

Aussenhandel a Migratioun passe gutt beienaner, an et verwonnert net dat d‘Partei déi sech „Konservativ“ nennt, ähnlech wéi hir Schwësterparteien an der EU e besseren an virun allem aktive Grenzschutz verlaangt. Si setzen sech och fir punktuell Grenzkontrollen innerhalb der EU an, wat et och scho ginn huet an nach gëtt, dem Prinzip vum fräie „Verkéier“ fir Wueren a Mënschen esou awer eigentlech widdersprécht.

Dofir soll mat Migratioun generell Schluss sinn. Déi Konservativ sti fir eng restriktiv a konsequent Asylpolitik. Wien zu Lëtzebuerg Asyl wëll hätt gefällegst seng Demande baussent den EU-Grenzen anzereechen. Zudeem gesinn si den Asyl als „temporär Moossnam“ a verlaangen esou och déi entspriechend Réckféierung wann d‘Zäit dofir räif ass. Den UN-Migratiounspakt gëtt gläichfalls ofgeleeënt.

Lëtzebuerg als EU-Sprooch

Hei eppes dat eis besonnesch interesséiert. Déi Konservativ verlaangen dat eis Mammesprooch offiziell als europäesch Sprooch bewäert gëtt. Dat heescht datt all d‘Publikatiounen och op lëtzebuergesch verfaasst musse ginn. Géien si dat tatsächlech duerchgesat kréien, da géif an „Zukunft“ d‘EU méi lëtzebuergesch „schwätzen“ wéi eis Regierung, zumindest wat déi offiziell Publikatioune betrëfft.

Beim Recht ass een nees am Kader vun der nationaler Politik. Wat d‘Wäertschätzung vun eiser Kultur ugeet esou ass et berechtegt déi ze verdeedegen, wann ee behäerzegt datt Kultur – grad wéi Sprooch a Politik – eppes Evolutives ass. Datt ee sech dann direkt sollt enger patriotescher Kulturpolitik verschreiwen… nujee net emol dem däitschen Heemechtsminister Horst Seehofer ass et vergënnt esou eppes duerchzesetzen.

Dat déi Konservativ – grad wéi d‘ADR – keng EU-Steiere wëllen, beweist dann och alt nees, dat si méi wäit vun Europa ewech sinn, wéi dat ëmgekéiert de Fall ass. D‘EU „kasséiert“ säit se bezitt vun alle Bierger Steieren, mee duerch d‘Hannerdier. Oder mat wéi engem Geld bezilt Lëtzebuerg seng Bäiträg ärer Meenung no? Vun dohier ass dann och eigentlech egal, well fir eis ass den Uspriechpartner och dann d‘Steieramt.

Och beim Thema „solidariséiert Scholden“ an „Dominanz vum Finanzwiesen“ léien déi Konservativ richteg wat d‘EZB ugeet, an awer… D‘Ofschafe vum Boergeld wäerten d‘Banken duerchgesat kréien, déi Konservativ awer eng Notzung vum Bankwiesen ouni Fraisen, net. Déi fiederféierend Politiker a Beamte wiem seng Interessen si ze verdeedegen hunn. Am Fall vu Geld sinn et net dem Bierger a Steierzueler seng.

Vu Geld, Wëssensbildung a Naturschutz

Am Manifest ass selbstverständlech och d‘Staatsverschëldung an den EU-Budget ugeschnidde ginn. Et gëtt e Noutplang fir eise „Frang“ gefuerdert dee sollt den Euro iwwert de Jordan goen, zum Asaz sollt kommen. Um Sozialstaat Lëtzebuerg soll net gefréckelt ginn, dofir misst ee sech dem Kampf géint d‘Aarmut verschreiwen, wat bedeit Sozialversécherung a Gesondheetssystem an nationaler Hand bleiwe mussen.

Déi Konservativ si fir e gréisseren Austausch vu Studenten a Bildungsmethoden innerhalb der EU, wat och abegräift, datt ee sech seng Universitéit oder Héichschoul fräi soll dierfen auswielen. D‘Landwirtschaft soll vun der Politik besser begleet ginn, a géint d‘Fërderung vun der Biolandwirtschaft hu se och näischt. Et soll awer un der Konsumfräiheet fir d‘Bierger bleiwen, wat esou och nach keen a Fro gestallt huet.

Wie Konservativ denkt kann sech net fir Gentechnik, dofir awer sech fir erneierbar Energie begeeschteren. Iwwerhaapt sinn déi Konservativ fir de Schutz vun Natur an Ëmwelt, esou wéi och fir en aktiven Déiereschutz. Interessant dann awer nees, datt si beim Klimawandel vu Klimapopulismus rieden a sech géint eng Verännerung stäipen. Et muss awer eppes geschéien, an zwar méiglechst zügeg.

Bei der Familljepolitik trëfft e sech dann nees op heemeschem Terrain. Déi dierft a kenger Manéier vu Bréissel virgeschriwwe ginn, wat bis dato och kee wëlles hat. Zum enge gëtt et fir esou eppes keng Majoritéit, an et sollt een och bei déi Konservativ wëssen, datt bis haut „konservativ riets“ Politiker d‘Jalone geluecht hunn. Déi hätten sech héchstens vun der Kierch berode gelooss, wat och eppes bosseg wier.

Fazit

Wéi e feststelle kann oder muss, et gëtt och bei déi Konservativ vun allem ee bëssi, mee eppes ze vill national Themeberäicher. Deels ass een am Widdersproch mat der eegener Ideologie, a wéi konnt liesen, och net an Harmonie mat der korporatistescher a politescher Famill. Hir Chancen d‘Zoossiss vun der Schmier ze rappen, sollt een net ënnerschätzen. Och hei zu Land kënnt et zuweile vir, datt d‘Leit mat de Féiss stëmmen.

Ähnlech Sujeten déi Konservativ, EU-Wahlkampf, Europawahlen 2019, Joe Thein, Wahlmanifest
Nächsten Artikel Virrechten Artikel