Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„Shutdown“: US-Kongress a Wäisst Haus ginn sech net eens
https://moien.lu/best-dating-site-in-the-uk/

„Shutdown“: US-Kongress a Wäisst Haus ginn sech net eens

Säit Haut Muere sinn d‘USA an der „Shutdown“ (Haushaltsspär) Period

hook up for a tenant
https://moien.lu/best-dating-site-in-the-uk/

sugar mama dating empangeni

Literatur ass eist Portal an aner Welten, aner Zäiten a

Dem US-President säi populistesche Wahlkampf
https://moien.lu/best-dating-site-in-the-uk/

Dem US-President säi populistesche Wahlkampf

Op en neits muss sech den US-President dem Virworf vu

Déi „Sozial Fro“ am Mëttelpunkt vum Wahlprogramm bei déi Lénk

Déi „Sozial Fro“ am Mëttelpunkt vum Wahlprogramm bei déi Lénk

Leschten Donneschdeg huet déi Lénk fënnef Haaptmesuren aus hirem Wahlprogramm virgestallt. Esou steet d‘sozial Fro am Mëttelpunkt, woubäi gefuerdert gëtt, de „Lëtzebuerger Modell“ ze iwwerdenken, an d‘Aarbechtszäit vu 40 op 32 Stonne bis 2030 ze reduzéieren.

Laut déi Lénk gesinn aktuell véier sozial Urgencen, déi musse behuewe ginn. Als éischt ass do de Chômage, deen trotz dem Fait, datt vill Aarbechtsplaze geschafe ginn, nach vill ze héich ass. Besonnesch d‘Laangzäitchômeure géifen hei kaum Perspektiven opgewise kréien, a géifen dann och nach sozial ausgegrenzt.

De Mindestloun géif zudeem – well dësen ënnert der Aarmutsgrenz läit – keen normaalt Liewen erméiglechen. Déi Lénk weist dann och drop hin, datt aktuell zu Lëtzebuerg, 12% vun der aktiver Bevëlkerung (dat sinn déi Leit all Dag schaffe ginn) zu de sougenannten „working poor“ gehéiert. Dat ass mat ee vun den héchsten Tauxen an Europa.

Zudeem stellt déi Lénk fest, datt d‘Aarbechtszäit an d‘Ufuerderungen am Job, de Mënschen hir Autonomie entzitt, an et kaum Méiglechkeete gëtt sech ze „erhuelen“. An der Konsequenz bedeit dat: Stress a Krankheet, mee och kaum Zäit sech ëm d‘Famill ze këmmeren. Net ze vergiessen, datt dat ganzt e negativen Impakt op dat soziaalt Ëmfeld huet.

Aus deem ganze resultéiert dann och, dat d‘Kannerbetreiung sech zu engem lukrative „Geschäft“ verwandelt, woubäi jo grad dëse Service en „ëffentleche“ sollt a misst sinn. A wann ee vu „Geschäft“ schwätzt, sollt engem séier ersiichtlech ginn, datt d‘Kannerbetreiung fir vill Familljen net méi accessibel ass, oder zumindest zur Belaaschtung gëtt.

Ausgoend vun dëse Schiflagen hunn déi Lénk Mesuren ausgeschafft am Beräich vun der Aarbecht, der Sozial- an der Familljepolitik. Déi 5 Mesuren, déi virgestallt goufe, sinn déi wichtegst, mee an hirem Programm si weider Virschléi developpéiert ginn, fir des Mesuren ze begleeden.

„D‘Aarbecht muss méi wäert sinn“

Esou fuerdert déi Lénk eng méi gerecht Opdeelung vun der Aarbecht, a méi Fräizäit. Fir dat ze erreechen, wëll déi Lénk d‘Wochenaarbechtszäit bis 2030 progressiv op 32 Stonne reduzéieren. Bedenkt een, datt si gläichzäiteg de Mindestloun wëllen erhéijen, muss mat gréisstem Widderstand säitens de Patronatsverbänn gerechent ginn.

Gefuerdert gëtt och „e Recht op schaffen“. Fir déi Lénk misst de Staat dëst Recht garantéieren, an esou d‘Roll vum „Employeur en dernier ressort“ iwwerhuelen. Am Kloertext: wien um éischten Aarbechtsmaart keng Schaff fënnt, muss vum Staat eng Aarbecht ugebuede kréien. Am Kontext vun der Iddi, datt et besser ass Geld fir Aarbecht auszeginn, wéi fir d‘näischt maachen, net verkéiert.

Si geséichen et och gären, datt d‘Aarbecht opgewäert gëtt. Esou soll de Mindestloun an zwou Etappen op 2.380 Euro gehéicht ginn. Mat der Reduzéierung vun der Wochenaarbechtszäit ass dat dann allerdéngs eng gewote Fuerderung. Et ass och net ersiichtlech, wéi déi Lénk, sollt et geléngen, d‘Kompetitivitéit vun de Lëtzebuerger Entreprisë well oprecht erhalen.

De Mënsche soll dann och méi Zäit fir d‘Famill zougestanen, an eng gendergerecht Kannererzéiung erméiglecht ginn. Si fuerderen an dësem Kontext och d‘Verduebelung vun der Elterenzäit (Congé Parental) fir all Elterendeel. An och hei dierft et säitens de Patronatsverbänn vill Argumenter ginn, déi dergéint spriechen, egal wéi sënnvoll a richteg de Gedanken ass.

Fir bei de Famillje mat Kanner ze bleiwen, wat och d‘Stéit abezitt déi als „Monoparental“ bezeechent ginn, esou fuerdert déi Lénk, datt jidderengem den Accès zu enger héichwäerteger Kannerbetreiung garantéiert muss ginn. Eng gutt a gerecht Betreiung vun alle Kanner ass eng Investitioun an d‘Zukunft vun der Gesellschaft an erméiglecht d‘Erhale vun der sozialer Kohäsioun.

E Kommentar

Mat ville Punkten a Fuerderungen déi hei vun déi Lénk opgeworf ginn, kann a sollt een och vläicht averstane sinn. Elo muss een awer, zumindest wann ee realistesch op d‘Fuerderunge wëll agoen, sech zu gudder Lescht agestoen, datt villes dovunner am Beräich vun der Utopie muss ugesidelt ginn. Aus dem Wahlprogramm geet nämlech net ervir wéi sech dat ganzt finanzéiere léisst.

Esou beispillsweis déi kontradiktoresch Fuerderung vu Mindestlounerhéijung bei gläichzäiteger Reduzéierung vun der Wochenaarbechtszäit. Béides ass och ënnert de beschte konjunkturelle Viraussetzungen, am Kader vu „Globaliséierung“ a „Kompetitivitéit“, net Majoritéitsfäeg a géif dee wirtschaftleche Wuesstem verlaangen, dee gläichzäiteg kritiséiert gëtt.

Absolut richteg dann d‘Fuerderung, datt ee vu sengem Loun wierdeg muss Liewe kënnen an, datt de Mënsch nees méi Zäit fir d‘Famill an d‘Fleeg vu sengem sozialen Ëmfeld muss erhalen. Déi ass allerdéngs och ëmsetzbar, ouni datt un der Aarbechtszäit gefréckelt gëtt, verlaangt awer couragéiert politesch Entscheedungen. Wien déi treffe soll, datt geet aus dem Wahlprogramm net ervir.

Hei muss een oppassen, datt ee sech net dem Virworf vun engem „lénke Populismus“ aussetzt. D‘Chancen, datt déi Lénk no de Wahle vum Oktober mat an der Regierung sëtzt, sinn, dorunner ka kaum gezweiwelt ginn, geréng. Et ass also ersiichtlech, datt déi Lénk kaum an d‘Gefor kënnt, déi eege Fuerderungen och mussen ëmzesetzen. An dat wier och esou, wann se kéinte koaléieren.

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, déi lénk, Sozialpolitik, Wahlprogramm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel