Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Op d‘Strooss gesat
Neiegkeeten

Op d‘Strooss gesat

D‘Caritas Lëtzebuerg, där hir Missioun doranner besteet den Äermste bäizestoen

Den e-Bike ass populär, praktesch a schount d’Ëmwelt
Neiegkeeten

Den e-Bike ass populär, praktesch a schount d’Ëmwelt

Zu Lëtzebuerg kann een 2017 als Joer vum Vëlo bezeechnen.

Zesummenaarbecht vu Police an ACL fir eng „sécher“ Vakanz
Neiegkeeten

Zesummenaarbecht vu Police an ACL fir eng „sécher“ Vakanz

D‘Vakanze kommen ëmmer méi no, a vill vun eis wäerten

Wahlrecht fir Auslänner: „déi politesch“ Inclusioun

Wahlrecht fir Auslänner: „déi politesch“ Inclusioun

Wien zu Lëtzebuerg wunnt, schafft an esou zur Entwécklung vum Land bäidréit soll och – ënner gewësse Konditiounen – um politeschen Debat deelhuelen a wielen dierfen. Dat Gespréich hat well eng Kéier ginn an 2015 gouf et dozou e Referendum, deen zolidd an de Gënz gaange war. Elo soll de Sujet nach emol opgeholl ginn, vun engem Referendum ass awer net méi Rieds.

An dësem Kontext ass et wichteg drop hinzeweisen, datt de CSV-President Frank Engel am August erkläert hat, datt seng Partei sech an dësem Dossier „beweegt“ huet, an sech elo och net méi géint d‘Wahlrecht fir Auslänner géif stellen, woubäi déi awer gewësse Konditiounen ze erfëllen hätten. Wéi eng Konditioune gemengt sinn, doriwwer war leider nach näischt Konkretes gewuer ze ginn.

Wahlrecht

D‘ADR hat sech massiv fir den Nee beim Referendum vun 2015 agesat. © ADR (Archiv)

D‘Justiz- a Kulturministesch Sam Tanson (déi gréng) verweist hirersäits op de Fait, datt iwwer 50% vun de Residenten – déi u sech al genuch si fir wielen ze dierfen – Auslänner sinn. Déi awer si vum nationalen demokratesche Prozess ausgeschloss. Ze notéieren ass awer, datt si schonn un de Gemengewahlen dierfen deelhuelen, si sech awer net duerch „Interessi un der Saach“ ervirdinn.

Zum honnertjäregem Anniversaire vum „Allgemenge Wahlrecht“ huet sech d‘ASTI, d‘Associatioun déi auslännesch Aarbechter ënnerstëtzt, zu Wuert gemellt, an denoncéiert e zolitten demokrateschen Defizit am Land. En Defizit deen ëmmer méi a verstäerkt déi sozial Kohäsioun am Land a Gefor brénge géif, diskriminéierend ass a géint d‘Verfassung verstéisst, laut där jidderee gläich ass.

Hate mir dat net schonn alles?

Wann d‘Fuerderung vun der ASTI, d‘Auslännerwahlrecht och op national an europäesch Walen auszedehne sécherlech berechtegt ass, esou dierf drun erënnert ginn, datt beim Referendum vun 2015, gutt 80% vun de Lëtzebuerger dat diametral anescht gesinn hunn, a sech géint d‘Wahlrecht fir d‘Auslänner ausgeschwat hunn. An et géif nees d‘selwecht ausgoe wann d‘Fro widderholl gëtt.

Dat weess och de sozialdemokratesche Fraktiounschef Alex Bodry. Hie begréisst datt d‘Diskussioun nees „op ass“, verweist awer drop, datt et net „opportun wier dem Lëtzebuerger nach eng Kéier déi selwecht Fro ze stellen. Näischt deit drop hin datt en erneite Referendum anescht géif verlafen“. An elo soll da wahrscheinlech d‘Wahlrecht fir Auslänner duerch déi hënnescht Dier agefouert ginn?

Wahlrecht

Net wierklech mä awer iergendwéi och. Den Alex Bodry vertrëtt d‘Usiicht, datt ee no Mëttel a Weeër siche muss, déi derzou féieren, datt sech d‘Auslänner méi um politesche Liewen hei am Land bedeelege kënnen. Dat kéint ee beispillsweis esou maachen, andeems d‘Instanzen déi si vertriede gestäerkt ginn, oder en néit „Organ“ geschafe gëtt, dat dës Missioun zukünfteg iwwerhuele kéint.

Stellt awer grondsätzlech d‘Fro, ob et dann net ubruecht misst sinn, dee ganze Wahlprozess an all politesch Kommunikatioun an den dräi Landessproochen: lëtzebuergesch, franséisch an däitsch unzebidden? Et kann ee jo nëmmen da vun eisen auslännesche Matbierger verlaangen d‘Sprooch ze verstoen, wa si och déi Lëtzebuerger Staatsbiergerschaft ustriewen. Klengt komplizéiert, ass et och.

Foto: © indymedia (Archiv)

Ähnlech Sujeten Auslänner, Lëtzebuerger Sprooch, Referendum 2015, Wahlrecht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel