Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg huet ze vill Gemengen – muss méi Drock gemaach gi, fir Fusiounen ze maachen?
Meenung Neiegkeeten

Lëtzebuerg huet ze vill Gemengen – muss méi Drock gemaach gi, fir Fusiounen ze maachen?

Eng TNS-Iléres Ëmfro vum RTL huet elo erginn, datt ganzer

surprise
Grenzgänger mat neier Fiskalitéit konfrontéiert
Meenung Neiegkeeten

Grenzgänger mat neier Fiskalitéit konfrontéiert

Mat der Steierreform ännert sech net nëmme villes fir de

Entrevue tëscht dem Lëtzebuerger Flüchtlingsrot an dem Aarbechtsminister
Meenung Neiegkeeten

Entrevue tëscht dem Lëtzebuerger Flüchtlingsrot an dem Aarbechtsminister

Leschten Dënschdeg huet et tëscht dem Minister fir Aarbecht, Sozial-

Editorial: Staatssender verbitt Wahlwerbung op franséisch

Editorial: Staatssender verbitt Wahlwerbung op franséisch

Wéi d‘Regierung sech e ganz besonneschen Deal mat der Bertelsmann-Duechter RTL geleescht huet, an dem Veräin esou den Ustrach vun engem ëffentlech-rechtleche Medium verpasst huet, wousste schonn eng Partie Leit a wéi eng Richtung d‘Zesummenaarbecht mat engem privaten a virun allem auslännesche Mediekonzern géif goen. Et ass eben net méi eise RTL(ëtzebuerg).

De leschte Fauxpas: de Refus vum private Staatssender de Wahl-Spot vun déi lénk auszestralen, well sech d‘Kandidaten hei an franséischer Sprooch un d‘Wielvollek wennt. Elo muss ee wëssen, datt sech am Kontext vun den EU-Wahlen, déi „Onofhängeg Lëtzebuerger Autoritéit vum Audiovisuellen“ (ALIA) am Virfeld ëm d‘Organisatioun vum mediatesche Wahlkampf këmmert.

Et kann awer net un der ALIA leien, datt een säi Wahl-Spot net op franséisch dierf maachen, well déi – e Bléck op d‘Homepage geet duer – kann och kee lëtzebuergesch. Et ass dann eigentlech och net direkt RTL déi den déi lénk d‘Diffusioun verbitt, mee hir Werbeagentur IP (déi sech selwer och ze friem sinn fir op lëtzebuergesch ze kommunizéieren) an et freet ee sech mat wellechem Recht?

Laut déi lénk hätt sech d‘ALIA bei der IP agesat, fir d‘Wahl-Spotten dann awer ze diffuséieren, wat säitens der IP kategoresch refuséiert gëtt. Bei Bertelsmann huet een esou de Facto en einfache Wee fonnt, ouni datt een dofir kéint verantwortlech gemaach ginn, an de Wahlkampf anzegräifen. Firwat, dann ëmmer déi geluefte „Méisproochegkeet“ vu Lëtzebuerg ervirgehuewe gëtt, versteet do keen.

Wahlwerbung

Elo ass richteg a gutt, datt de Premierminister sech net iwwert d‘Onofhängeg vun der ALIA ewech setzt, wat abegräift, datt de Xavier Bettel natierlech och déi vun der ALIA getraffen Ofsproochen net ze kommentéieren huet. Genau esou richteg a gutt ass et awer och, datt et am Kontext vun de Wahl-Spotte keng Obligatioun gëtt, déi beseet, datt dësen op lëtzebuergesch muss verfaasst ginn.

Statt RTL dësen Detail zu Gemitt ze féieren, also dofir Suerg ze droen, datt d‘Bertelsmann-Duechter sengem Konzessiounsvertrag gerecht gëtt, well de Premier awer nëmmen déi bestoend „linguistesch Diversitéit“ am Kontext vun zukünftege Konzessiounsverhandlungen zur Sprooch bréngen. Datt ass de Geck mat de Leit gemaach, zumindest wa gewosst ass, datt kaum e Service lëtzebuergesch kann.

Et geet duer sech d‘Internetsäite vun der Regierung, den Administratiounen (zumindest fir déi meescht), Gemengen a soss offizielle Säiten unzekucken, fir festzestellen, datt een ouni franséisch Sproochkenntnisser séier op Hëllef ugewisen ass, déi et natierlech net gëtt. De Summum ass et festzestellen, dat sech RTL senger Werbeagentur bedéngt, fir enger Partei de Maulkuerf unzedoen.

Hei muss et zudeem erlaabt sinn, op déi tëscht Bertelsmann (CLT/UFA RTL-Group) an dem Premierminister ënnerschriwwe „Konventioun“ anzegoen. Och dëst Schrëftwierk ass am beschte franséisch verfaasst ginn. Wann also souwisou alles (oft) nëmmen op „Franséisch“ gemaach gëtt, kann et eigentlech net un der Sprooch geleeë sinn, wann ee sech weigert e Wahl-Spot ze senden.

Ähnlech Sujeten ALIA, Bertelsmann, CLT/UFA, déi lénk, IP, Maulkuerf, RTL-Group, Xavier Bettel, Zensur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel