Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Editorial: Tëscht Fake News a fräier Berichterstattung
Meenung Neiegkeeten

Editorial: Tëscht Fake News a fräier Berichterstattung

Mat der Desinformatioun – oder „Fake News“ – an de

Gräifvullen zu Lëtzebuerg: Eng nei Ausstellung vun natur&ëmwelt
Meenung Neiegkeeten

Gräifvullen zu Lëtzebuerg: Eng nei Ausstellung vun natur&ëmwelt

Um 6. November 2018 war den Optakt vun enger aussergewéinlecher

Bei der Klinick ze parke ka richteg deier ginn – mee elo gëtt reagéiert!
Meenung Neiegkeeten

Bei der Klinick ze parke ka richteg deier ginn – mee elo gëtt reagéiert!

E Familljemember oder Frënd an der Klinick leien ze hunn,

Während dëser Zäit…

Avis zu enger Rees vum Minister Pierre Gramegna an Israel

Während dëser Zäit…

Während de Finanzminister Pierre Gramegna vum 17. op den 20. Mäerz 2019 an Israel war – wou hie sech mam Gouverneur vun der Zentralbank, dem Minister fir Wëssenschaft an Technologie, wéi och aneren Acteuren aus der Wirtschafts- a Finanzwelt getraff huet, dat fir Kontakter ze knäppen an dat grousst Potential zur Zesummenaarbecht festzestellen – besetzt Israel nach ëmmer Palestina.

A während, nëmmen e puer Kilometer ewech de Finanzminister vu Receptioun zu Receptioun geleet gouf, huet déi israelesch Arméi, esou wéi si dat an de leschte 50 Joer all Dag mécht, de Buedem vun de Palestinenser besat an d‘Ressource kolonialiséier: konfiskéiert Lännereien, ausgerappten Olivebeem, zerstéiert Haiser, Waasserquellen accaparéiert. D‘Forme vun der Kolonialiséierung an der Besatzung am Westjordanland si villfälteg.

Während de Pierre Gramegna seng aleedend Ried bei engem vun „Luxembourg for Finance“ an „Equitech“ organiséierten Event gehalen huet, dee sech un d‘Communautéit vun de „Fintech“ adresséiert huet, ware palestinensesch Entrepreneuren, Baueren an Aarbechter am Begrëff hir Aarbecht ze verléieren, wat den ënnerschiddlechen Hürden, déi hinne vun der israelescher Militär-Administratioun operzwonge ginn.

A während dëser Zäit, nëmmen ee Steeworf vun do ewech, leiden zwou Millioune Mënschen zu Gaza ënnert engem inhumanen an illegale Blockage deen hine vun Israel imposéiert gëtt. Datt ganz op engem vun de bevëlkerungsräichste Gebidder op der Welt, vun deem esouguer d‘UNO behaapt, datt et geschwënn onbewunnbar ass. A Während déi Lëtzebuerger Delegatioun domatter beschäftegt war déi ekonomesch Nischen opzedoen, hunn d‘Mënschen zu Gaza sech der Repressioun vun hirem „grousse Marsch vum Retour“ misse stellen. De Bilan zanter Mäerz 2018? Iwwer 250 Doudeger an iwwer 6.300 Blesséierter, wourënner eng 1.000 Persounen déi bis zum Liewensenn handicapéiert sinn.

Laut dem Pressecommuniqué vun der Regierung, hunn Israel a Lëtzebuerg vill Gemeinsamkeeten an e grousst Kollaboratiounspotential entdeckt. Mee zu wéi engem Präis? D‘Situatioun vun de Mënscherechter ass net emol ugeschwat ginn. De Minister Pierre Gramegna huet et och net fir noutweeneg gehalen, sech op palestinensescher Säit en eegent Bild ze maachen. De Palestinenser net begéinen, net ëffentlech iwwert hir Situatioun schwätzen, dat ass hir Existenz verleugnen.

Grad wéi de Premierminister Xavier Bettel 2016, huet sech de Finanzminister fir „business ass usual“ entscheet, ugedriwwe vun der „eenzeger Realpolitik“. Dat steet am Widdersproch zur vum Jean Asselborn gemaachten Aussepolitik, dee sech drop behaapt, datt d‘Weiderféierung vun der Kolonialiséierung an d‘Besatzung déi gréissten Obstakel fir de Fridde sinn.

Esou dréit de Pierre Gramegna derzou bäi, datt déi bestänneg Ongerechtegkeet déi an Israel wéi a Palestina virherrscht, als normal betruecht gëtt. Hien dréit derzou bäi datt Israel sech e verféierend Bild vun enger „Start-up Nation“, engem innovative Staat, e bëssi wéi Lëtzebuerg ka ginn. De „Brand Luxembourg“ huet sech esou mam „Brand Israel“ zesummefonnt.

Domatter ass erwisen, datt d‘Koherenz vun der Regierungspolitik a Fro ze stellen ass. Dobäi gëtt et net nëmmen d‘Finanzplaz an déi sougenannten „high-tech“ mat där sech Lëtzebuerg ervirdoe kann. An esou Här Minister, loosst iech Froen: „Hutt dir jeemools dru geduecht, datt sech Lëtzebuerg, Grënnungsmember vun der europäescher Unioun, sech duerch eng besser (gréisser) Koherenz tëscht senger Verfassung, seng Wirtschafts- a Finanzpolitik, senger Aussepolitik an dem Respekt vun de Mënscherechter kéint ervirdoen?

Matgedeelt vum Comité fir e gerechte Friden am noen osten (CPJPO)

Iwwersat aus dem franséische vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Comité fir e gerechte Fridden am noen Osten, Israel, Palestina, Pierre Gramegna
Nächsten Artikel Virrechten Artikel