Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Autofestival: Stramm Verkafszuelen erfreeën d‘Garagisten
Neiegkeeten

Autofestival: Stramm Verkafszuelen erfreeën d‘Garagisten

Um Méindeg ass déi 55. Editioun vum Lëtzebuerger Autofestival op

Ass de Bettel dem Trump säi Kniecht?
Neiegkeeten

Ass de Bettel dem Trump säi Kniecht?

Nom US-Ambassadeur zu Berlin, Richard Grenell, ass et elo deen

Joresbericht vum ILR zum oppenen Internet
Neiegkeeten

Joresbericht vum ILR zum oppenen Internet

De leschten Donneschdeg huet den ILR (Lëtzebuerger Regulatiounsinstitut) säi véierte

Wäibau zu Lëtzebuerg: kee Grond do sech verréckt maachen ze loossen

Wäibau zu Lëtzebuerg: kee Grond do sech verréckt maachen ze loossen

Vill waren der ageluede ginn, sech dem Frëndschaftspatt am Wäibauinstitut (IVV) unzeschléissen, an alleguerte sinn se komm. Alle virun d‘Acteuren aus dem Secteur, d‘Vertrieder vun der Gemengen- a Landespolitik, d‘Medien an net ze vergiessen, eis Wäikinniginnen a Prinzessinnen.

Empfaangen hunn dem IVV-Direkter Robert Ley seng Mataarbechter déi vill Gäscht mat engem genësserleche Cremant, wouduerch een och nëmmen zefridde Gesiichter gesinn huet. En gutt, fir net ze soen exzellent Ambiance, huet sech breet gemaach, wat awer net iwwert déi eescht Situatioun vun de Wënzer sollt ewechtäuschen.

An de Robert Ley ass dann och a senger Ried op déi zentral „Suergen“ mee och op d‘Fortschrëtter am Wäubausecteur agaangen. Mat 80 Hektoliter ass een deemno hannert den Ufuerderungen zréckbliwwen, woubäi et awer ze betoune gëllt, datt d‘Qualitéit net gelidden huet, ganz am Géigendeel.

Et erhofft ee sech dann awer – an dat net nëmmen am Wäibauinstitut – endlech nees emol e gutt a produktiivt Joer. Woubäi den IVV-Direkter dann awer d‘Fro an de Raum gestallt huet, wat da wier wann d‘Produktioun bei 120 Hektoliter géif léien? Zu wéi engem Präis wier eist Gold aus de Wäibierger dann nach verkeeflech?

Eng koherent Marketingstrategie

Fir een esou héichwäertegt Produkt wéi eise Wäin a Cremant um Maart ze etabléieren, geet et eleng mat guddem Wëllem an exzellenter Qualitéit net méi duer. Mat enger koherenter Marketingstrategie, déi vun allen Acteuren am Secteur muss gedroe ginn, soll deemno net nëmmen den Ofsaz befligelt, mee och dem Wënzer säin Akommes geséchert ginn.

De Robert Ley huet dann ausdrécklech begréisst, datt de Staat sech engersäits d‘Moyene ginn huet dem Marketing de néidege Stellewäert zouzegestoen, mee och d‘Wënzer finanziell stäipt, wann d‘Situatioun dat erfuerderlech mécht. Et gëtt sech also beméit, wat awer dann och implizéiert, datt een muss zesummeschaffen. Solidaritéit ass d‘Gebuet vun der Stonn.

Fir den IVV-Direkter ass dann och net vu Muttwëll, sech emol an Erënnerung ze ruffen, datt nach an den 20er Jore vum leschte Joerhonnert, de Wäibau bal ganz op den Elbling (90%) ausgeriicht war. Deen ass vun de däitschen Noperen appreciéiert ginn a zu Schaumwäin (Sekt) transforméiert ginn. Haut mécht den Elbling nach grad emol 5% vun der Produktioun aus.

Mat der Aféierung vun der Cremant-Produktioun 1991, huet zudeem e weidert Spëtzeprodukt etabléiert, an et sollt een d‘Qualitéit vun eisem „spruddelege“ Wéngchen net ënnerschätzen. D‘Ëmstellung op Burgunderzorte wier nach net ganz ofgeschloss, mee et wier een um gudde Wee. Zudeem nach déi gutt Nouvelle, datt dëst Joer de Projet „Terroir“ wäert zum Ofschloss kommen.

Matenee statt géinteneen

De Landwirtschaftsminister Fernand Etgen, huet dann och a senger Ried, all d‘Acteuren opgefuerdert zesummenzestoen an de Problemer als Eenheet géinteniwwer ze trieden. Et géif ëmmer manner Betriber, wat schued ass. Ugesicht den 1.300 Hektar Wäibaugebitt, misst ee sech bewosst ginn, datt d‘Weiderféierung vun de Betriber wichteg fir d‘Land ass.

Jonk Wënzer mussen Zougank zu der beschter Formatioun kréien déi méiglech ass. Déi sinn dem Landwirtschaftsminister dann eng Häerzensugeleeënheet. An dësem Kontext betount de Fernand Etgen dann och, datt d‘Akommes vum Wënzer net nëmme vun de Laune vun der Natur ofhänkt, mee och de Laune vum Konsument ausgesat ass.

Wäibau

Besonnesch erfreet ass de Landwirtschaftsminister iwwer d‘Feststellung, datt am Wäibau de Glyphosat nëmme ganz punktuell agesat gëtt, an am allgemengen – an Zesummenaarbecht mam Wäibauinstitut – no neie Léisunge gesicht gëtt, déi dat Gëft gänzlech aus eise Wäibierger eraushält. © Martine de Lagardère/moien.lu

Et wier den erkläerte Wëlle vun der Regierung, d‘Wënzerbetriber am Kader vun de gesetzleche Méiglechkeeten ze stäipen. Op elo bei der Investitioun a modern Kellereien, iwwert d‘Steieren an der Ënnerstëtzung bei de Primme fir d‘Ausfallversécherung. An datt d‘Akommes vum Wënzer muss geséchert bleiwen, ass evident an sollt een net als „Kaddo“ verstoen.

De Minister huet dann och nach drop higewisen, datt de Remembrement esouwäit ofgeschloss ass. Leedeglech zu Stadbriedemes hätt een nach all Hänn voll ze dinn. Wat d‘Wënzer an de Marketing betrëfft, esou huet de Fernand Etgen ermant sech dem digitalen Zäitalter unzehuelen. De Afloss vum Internet wier eng Chance déi ee sënnvoll misst notzen.

Ähnlech Sujeten Fernand Etgen, Landwirtschaftsministère, Robert Ley, Wäibau, Wäibauinstitut, Wënzer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel