What the Fakt – Wéi d’Alice a säi Wonnerland entstane sinn!
Et war haut viru genau 154 Joer, datt dem britesche
D’Associatioun Stand Speak Rise Up!, eng Initiative sou S.A.R. der
Déi spuenesch Regierung huet rabiat Moossname geholl fir ze verhënneren
Un d‘Feier hu sech d‘Kalifornier scho bal gewinnt an esou wéi anerwäerts eng „Ree-Saison“ gëtt, esou huet den US-Bundesstaat seng „Feier-Saison“. Déi eleng mécht den Awunner d‘Liewe scho schwéier genuch, mee elo kréien si aus Sécherheetsgrënn och den Stroum ofgestallt.
Dramatesch ass et zur Stonn am Norde vu Kalifornien. Am Sonoma County, engem Wäibaugebitt kréien d‘Pompjeeën e Feier einfach net ënner Kontroll. Am schlëmmste Betraff d‘Stad Geyersville, wou honnerten Haiser hu missen evakuéiert ginn. E Reporter vum amerikanesche Sender KCRA huet via Twitter bericht: „D‘Feier ‚reent‘ vum Himmel“. An dësen Androck täuscht net…
Erschwéierend fir d‘Rettungsdéngschter: de Wand. De Wiederdéngscht huet bekannt ginn, datt et zäitweis Wandgeschwindegkeete vu bis zu 100 Stonnekilometer gëtt. Dat erkläert dann och, firwat sech d‘Feier séier op enger Fläch vu ronn 40 Quadratkilometer ausgebreet huet an d‘Pompjeeën zur Stonn d‘Feier net an de Grëff kréien. E Feier am Wäibaugebitt ass zudeem ongewéinlech.
Mee net nëmme Sonoma County hunn d‘Flamen am Wiergegrëff. Och de Süde vu Kalifornien ass betraff: zu San Bernardino hunn 80 Haiser wéinst engem Flächebrand missen evakuéiert ginn. Et si Schoulen zougemaach ginn an eng Rei Stroossen goufen als Virsiichtsmoossnam gespaart. Et wier méiglech datt dës Feier kéinte wéinst dem marode Stroumnetz ausgebrach sinn, heescht et.
Aus dësem „gudde“ Grond gëtt haart driwwer nogeduecht an verschiddene Regiounen de Stroum einfach ofzeschalten. D‘Energierversuerger PG&E an SoCal Edison hunn de Reseau verkomme gelooss a wëllen elo de Stecker zéien. Am Norde vum Bundesstaat sinn vun dëse Moossnamen eng 180.000 Menage betraff, am Süde kéinte bis zu 300.000 Awunner vun der Stroumspär betraff sinn.
De Problem vum marode Stroumnetz ass net nei, dee besteet schonn zanter Joerzéngten, mee eppes ënnerhuelen heescht Geld an de Grapp huelen an do hält bei Entreprise generell de Spaass op. Esou hu scho viru 14 Deeg honnertdausende Kalifornier missen ouni Stroum auskommen. Schonn do hat et d‘Decisioun ginn, aus Virsiicht ofzeschalten. Dat well d‘Fonke vu de Leitunge Feier ausléisen.
Elo beschwéieren sech d‘Bierger an d‘Politiker gläichermoossen. Eppes spéit ugesiichts dem Fakt, datt säit Jore jidderee weess, datt weder PG&E nach SoCal Edison méi wéi dat „Noutwennegst“ u Reparaturen un dësem urale Stroumnetz virgeholl hunn. Elo ze fuerderen, datt d‘Konzerner missten all déi betraffe Cliente finanziell ze entschiedegen, ass verständlech mee léist de Problem net.
mat indymedia/lax
Foto: Esou gesäit et zur Stonn am Sonoma County aus. Wéinst dem staarke Wand, deen zäitweis mat bis zu 100 Stonnekilometer iwwer d‘Land gefeegt ass et de Pompjeeë kaum méiglech d‘Feier an de Grëff ze kréien. Ausgeléist gi wieren d‘Feier duerch defekt Stroumleitungen a Verdeeler. © FNR (via Twitter)