Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Amerikaner setzen Huawei wéinst Spionagevirworf massiv ënner Drock
true blood dating site

Amerikaner setzen Huawei wéinst Spionagevirworf massiv ënner Drock

Fir de chinesesche Smartphone-Hiersteller an Netzwierkausrëschter Huawei gëtt et esou

https://moien.lu/hinge-dating-app-prices/
true blood dating site

The Punisher mécht et engem net liicht, mee ass awer eng eescht an déif Serie, déi et der Wäert ass

Et ass net déi éischte Kéier, datt een sech um

USA: Wann‘s de wierklech eppes kanns dierfs de kommen
true blood dating site

USA: Wann‘s de wierklech eppes kanns dierfs de kommen

D‘Awanderungsgesetzer an den USA sinn ëm déi 30 Joer al

Wäilies un der Lëtzebuerger Musel – Wat versprécht den 2019er Joergang?

Wäilies un der Lëtzebuerger Musel – Wat versprécht den 2019er Joergang?
(lénks) Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, mat de Vertrieder vum Fonds de Solidarité Viticole, vum Wäibauinstitut, der Domaines Vinsmoselles an dem Wäihandel, sou wéi de Privatwënzer (OPVI) © MA
Wäilies un der Lëtzebuerger Musel – Wat versprécht den 2019er Joergang?
(mëtteg) Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, mat de Vertrieder vum Fonds de Solidarité Viticole, vum Wäibauinstitut, der Domaines Vinsmoselles an dem Wäihandel, sou wéi de Privatwënzer (OPVI) © MA
Wäilies un der Lëtzebuerger Musel – Wat versprécht den 2019er Joergang?
Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung © MA

De Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, huet sech gëschter mat de Vertrieder vum Fonds de Solidarité Viticole, vum Wäibauinstitut, der Domaines Vinsmoselles an dem Wäihandel, sou wéi de Privatwënzer (OPVI) getraff, fir sech esou ee Bild vun der Wäilies 2019 ze maachen. Dobäi hunn d’Wënzer ee positive Bilan gezunn.

Wat versprécht den 2019 Joergang? Esou ee Gespréich kéint net besser ufänken, wéi mat enger Fläsch vum éischte „Lëtzebuerger Fiederwäissen“, deen den neie Joergang perfekt aféiert. Duerch de Spéitfrascht Ufank Mee an déi extrem Hëtztwellen Enn Juli, déi de Riewen zougesat hunn, haten d’Wënzer direkt mat enger immens klenger Recolte (50.000 bis 60.000 hl am Verglach zu 2018 mat sengen 136.000 hl) gerechent. Si huelen et awer sportlech: dës „natierlech Reduzéierung“ kënnt nämlech der Qualitéit ze Gutts.

2019er Joergang

© MA

Vun der Qualitéit hir wäert den 2019er Joergang wahrscheinlech een typesche Lëtzebuerger Joergang ginn. De klimatesche Verlaf präägt zwar grondleeënd d’Joergangscharakteristik, mee de Goût läit beim Wënzer. Mat den techneschem Equipement vun de Kellereien, sou wéi der fachlecher Formatioun vun de Lëtzebuerger Wënzer kann een net méi vun engem manner gudden oder bessere Joergang schwätzen. Mëttlerweil sinn et éischter d’Wiederkapriolen, déi ëmmer méi schwéier viraus ze gesi sinn an esou dem Wënzer méi oder manner Aarbecht um Wäibierg oder an der Kellerei bereeden.

2019er Joergang

© MA

Anescht wéi de kräftegen a kierperräiche Wäi vum leschte Joer, schéngt 2019 ee fruuchtegen, typesche Joergang ze ginn. Déi éischt Analyse vum dësjärege Most versprieche vill. D’Wäerter vun der Saier deiten op ee gutt Lagerpotential hin, d’Oechsle-Wäerter leien däitlech iwwert dem 10-järege Mëttelwäert. Soumat steet dem typesche Lëtzebuerger Joergang näischt méi am Wee!

Wärend elo d’Kellermeeschteren d’Mosten an hirer Entwécklung zum Wäi begleeden, kann ee sech elo schonn een éischten Androck iwwert d’Potential vun den neie Wäiner verschafen. De Lëtzebuerger Fiederwäissen ass ab elo verfügbar.

Ähnlech Sujeten 2019er Joergang, Domaines Vinsmoselle, Fiederwäissen, Lëtzebuerger Musel, Romain Schneider, Wäibau, Wäilies, Wënzer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel