Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

GEWËNNSPILL 2019: De Lämmy sicht een Doheem!
Neiegkeeten

GEWËNNSPILL 2019: De Lämmy sicht een Doheem!

Riserad, Zockerwatt an … Lämmy?! D’Moien Redaktioun huet um Wee

Net ganz esou einfach fir den Dylan Pereira um Hungaroring
Neiegkeeten

Net ganz esou einfach fir den Dylan Pereira um Hungaroring

E Sonndeg huet um Hungaroring an Ungarn de sechste Laf

Nei Vestiaire fir den SC Beetebuerg
Neiegkeeten

Nei Vestiaire fir den SC Beetebuerg

E Samschdeg huet den SC Beetebuerg ganz offiziell seng nei

Wäilies 2020: Op der Sich no motivéierte Leit aus der Regioun

Wäilies 2020: Op der Sich no motivéierte Leit aus der Regioun

D’Covid-19-Pandemie stellt d’Bio-Wënzer vun der Lëtzebuerger Musel viru grouss Erausfuerderungen. No enger fir de Wäibau moossgeschneidert Saison, blécken d’Wënzer op perfekt virbereet Wäibierger a gesond Drauwen. Fir dass dës Drauwen och zu Wäi kënne ginn, stellt sech d’Fro: Wien wäert se liesen?

Eng Ëmstellung op d’Lies mat der Maschinn kënnt fir déi meeschte Bio-Betriber op der Lëtzebuerger Musel net a Fro. Un ieweschter Stell steet nach ëmmer d‘Lies vun Hand. Am Wäibau gëtt dacks mat internationalen Ekippe geschafft, woubäi déi fläisseg Assistenten dacks aus Ost- a Südeuropa kommen .

Déi virgeschriwwe Moossnamen zur Pandemieandämmung, sief et zur Ënnerbréngung oder Gruppentrennung, erfuerderen en héicht organisatoreschen Opwand. Feeler si virprogramméiert. Wann Infektiounen optrieden, ass dat eng Gefor fir all Bedeelegt an de ganze Betrib steet stëll. Dozou kënnt eng grouss Onsécherheet, well sech d’Lag rapid verännere kann. Wat dës Woch nach gëllt, kann an der nächster Woch vum Dësch sinn.

D’Ekippe musse streng vunenaner getrennt sinn. Zesumme Mëtteg iessen oder d’Lies a geselleger Ronn ausklénge loossen? Dat ass dëst Joer nëmmen an engem geréngen Ëmfang méiglech. D’Reegele si richteg, mä weder einfach ze vermëttelen, nach gutt ze kontrolléieren. Schlussendlech läit d’Verantwortung bei de Betriber.

Wäilies

© Sven Wilhelm / Unsplash

Eng schwéier Laascht an dëser aarbechtsräicher Zäit vum Joer

Rendezvouse musse koordinéiert, Drauwe gepresst an d’Gärung iwwerwaacht ginn. Schwéier virstellbar ewéi hei en Betribsleeder och nach dofir suerge muss, datt Aarbechter sech net ënnertenee besiche fir Ustiechungen ze vermeiden. Eng grouss Entlaaschtung géing et bréngen, wann d’Assistenten aus der Regioun géinge kommen an hire wuelverdéngte Feierowend an den eegene véier Wänn verbrénge kënnen.

Dofir hunn d’Lëtzebuerger Biowënzer en Opruff gestart, fir Liespersonal aus der Regioun anzestellen. Melle kënnen sech Fräiwëlleger déi am September Zäit hunn a gär gewëssenhaft schaffen.

Erfarung ass net zwéngend erfuerderlech. D’Wäilies ass virun allem kierperlech ustrengend an erfuerdert Gewëssenhaftegkeet a Motivatioun. D’Wieder ka wiesselhaft sinn, heiansdo muss spontan reagéiert gi well Pläng séier geännert musse ginn, fir op déi geännert Bedéngungen ze reagéieren.

Wäilies

© Jodie Morgan / Unsplash

Wien sech ugesprach fillt, kann sech op www.ibla.lu mellen an uginn a wéi engem Zäitraum hie bei der Lies hëllefe kann. Betriber déi nach Hëllef sichen, setzen sech da mat de Leit a Verbindung. D’Assistente ginn no de gesetzleche Bedéngungen agestallt. Hier Remuneratioun gëtt individuell besprach. Vill Betriber stellen och d’Mëttegiessen.

Et gëtt recommandéiert virum Schaffufank e gratis Corona-Test an der Regioun ze maachen, fir datt een d’Kolleeginnen a Kolleegen net a Gefor bréngt. Wa sech vill motivéiert Leit mellen, steet enger erfollegräicher Biowäilies näischt méi am Wee. Esou wäert sech weisen, ob et genuch Potenzial an der Groussregioun gëtt, fir lokal Liewens- a Genossmëttel mat de Mënschen aus der Regioun ze produzéieren.

Think global – drink local?

D’Pandemie huet gewisen ewéi wichteg d’Versuergung mat lokale Liewensmëttel ass an datt vermuttlech richteg Entscheedungen hei, zu Problemer op ville Plaze vun der Welt féieren. Déi sozial Komponent vun der Nohaltegkeet ass fir biologesch Betriber besonnesch wichteg. Déi meescht Biobetriber vun der Regioun packen et zënter Joren e Groussdeel vun hiren Assistenten aus der Regioun ze rekrutéieren.

Trotzdeem sinn d’Ekippe vun der Lies nach net komplett, woubäi esou een Opruff dozou bäidroe kéint, datt sech nei Kontakter erginn, Mënsche sech géigesäiteg hëllefen an d’Groussregioun nach méi staark zesummewiisst.

Wäilies

© Matthieu Joannon / Unsplash

Nohalteg denken heescht och sech den Erausfuerderunge vum Klimawandel ze stellen. D’Joer 2020 ass, ewéi schonn déi zwou läscht Vegetatiounsperioden, vu grousser Dréchent gepräägt. Fir datt d’Riewe gutt versuergt sinn an ausgeglach wuessen, kënnt et virun allem op d’Fruchtbarkeet vum Buedem un – humusräiche Buedem späichert méi Waasser.

Am biologesche Wäibau ginn et méi Moossnamen déi dozou bäidroen den Humusgehalt vum Buedem ze erhalen. Wann et wirklech noutwenneg ass, gëtt organesch gedüngt. En ausgeglachene Wuesstem suergt uschléissend fir qualitativ héichwäerteg Drauwen.

D’Biowënzer sinn dervun iwwerzeegt, datt d’Qualitéit am Wäibierg entsteet. Do ginn d’Weeche fir gutt Wäiner a Cremanten gestallt. Dobäi kënnt et wéineg op den Zockergehalt vun den Drauwen un, mä op en ausgeglachent Verhältnis vu Saier a Séissem zoueneen. Weiderhin entscheeden d’Extraktwäerter a vill Aromavirstufen, déi sech schonns an de Wäibierger bilden, doriwwer ewéi spéider de Produit schmaache wäert.

Den Usproch un ee méiglechst héicht Mooss un Natierlechkeet am Wäibierg a Wäikeller, schléisst den Asaz vu villen Zousazstoffer aus.

Opmaacherbild © Lasseter Winery / Unsplash

Ähnlech Sujeten Assistenten, Bio-Wäin, Covid-19, Crément, Drauwen, Handaarbecht, IBLA, Lokal, Musel, Nohaltegkeet, Pandemie, Sich, Wäilies
Nächsten Artikel Virrechten Artikel