Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De CDJ Éiter-Schraasseg Asbl presentéiert „De Bopa léisst et kraachen“
https://moien.lu/gain-kpop-dating/

De CDJ Éiter-Schraasseg Asbl presentéiert „De Bopa léisst et kraachen“

No enger kreativer Paus vun engem Joer stinn d’Acteure vum

dating a foreign service officer
https://moien.lu/gain-kpop-dating/

park min young and lee min ho dating

Elo schwätzt dann och den amerikanesche President vu Rassismus. Dat

London: Theresa May wëll kee Kompromëss beim Brexit
https://moien.lu/gain-kpop-dating/

London: Theresa May wëll kee Kompromëss beim Brexit

Um Sonndeg huet déi britesch Premierministesch Theresa May versprach, hire

Wäilies op der Musel: Vinsmoselle mat neiem Rekord

Wäilies op der Musel: Vinsmoselle mat neiem Rekord

Wéi de Landwirtschaftsminister sech leschten Dënschdeg op d‘Musel beginn huet, fir de Wënzer bei Lies iwwert d‘Schëlleren ze kucken, gouf och hien eppes iwwerrascht. Déi blécke begeeschtert op e Rekordjoer, an datt ass och gutt esou, wëll d‘Reserven haten an de leschte Jore gelidden.

2017 haten d‘Wënzer nach dem Fernand Etgen (DP) hiert Leed geklot. Et war jo och e schwieregt Joer: de spéide Frascht, hat vill Schued ugeriicht. No engem scho battere Wäijoer 2016, war et héich Zäit ginn, datt et nees „biergop“ gaangen ass. An de President vun der Vinsmoselle bestätegt: „2018 ass en aussergewéinlecht Joer“.

De Josy Gloden, dee sech perséinlech vum gudde sanitären Zoustand vun de Riewen an der Qualitéit vun den Drauwen iwwerzeegt huet, ënnersträicht: „Et ass alles esou gutt, do gëtt keng Drauf op de Buedem fale gelooss“. De leeschte Reen, Enn August, huet säint derzou bäigedroen, datt ee sech zu Lëtzebuerg op eng erfollegräich Wäilies freeën dierf.

Masseg Drauwen

Kuckt een sech dann emol déi „dréchen“ Zuelen un, kann et engem dronke ginn. Eleng bei der Vinsmoselle waren um Méindeg 497 Tonnen Drauwe gepresst ginn. Den techneschen Direkter, betount awer, datt bei dësem Gewiicht all d‘Zorten, also Rivaner, Auxerrois, Chardonnay an de Pinot, zesummegeholl goufen.

Dat gesot, dierf ee feststellen, datt nach ni esou eng Quantitéit op engem Dag verschafft ginn ass. De Bernd Karl ass allerdéngs och op seng Equippe houfreg, déi bis Mëtternuecht gewuddert huet, an esouguer nach e puer Stonnen dru gehaangen hunn, well jo d‘Kelter schliisslech hu missen ausgespullt ginn, fir déi nei Charge, déi um Dënschdeg erwaart ginn, weiderzeverschaffen.

Virun den Diere vun der Kellerei zu Wellesteen huet de Floss un Traktere mat gutt gefëllten Unhänger net ofgerass. Iert se gepresst ginn, muss den Zockergehalt vun den Drauwe gepréift ginn. Dat ass schonn eleng dowéinst immens wichteg, well wat se méi Oechsele noweisen, wat et am Wënzer senger Kees méi „rabbelt“. Ass dat gekläert kann den eigentleche Prozess ulafen.

Déi allerbeschten Nouvelle dann zum Schluss: de Fiederwäissen ass schonn ënnerwee, deen een oder aneren dierft e scho probéiert hunn, an deen ass esou sprëtzeg Frësch… hmmm lecker!

Ähnlech Sujeten Fernand Etgen, Josy Gloden, Landwirtschaftsminister, Musel, Vinsmoselle, Wäilies, Wënzer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel