Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Service „Call-a-Bus“ a „Rollibus“: Inclusioun beim gratis ëffentlechen Transport
Neiegkeeten

Service „Call-a-Bus“ a „Rollibus“: Inclusioun beim gratis ëffentlechen Transport

Am Kader vum gratis ëffentlechen Transport ab dem 1. Mäerz

Open Skies: En interessante Standpunkt
Neiegkeeten

Open Skies: En interessante Standpunkt

Nodeems d‘USA groussspuereg ugekënnegt hunn, datt si wëlles hunn sech

Nationale Commemoratiounsdag 2018
Neiegkeeten

Nationale Commemoratiounsdag 2018

Den Nationale Commemoratiounsdag gëtt zënter 1946 alle Lëtzebuerger d’Geleeënheet, sech

Héije Besuch bei der Wäilies zu Wuermer

Héije Besuch bei der Wäilies zu Wuermer
© SOPHIE MARGUE / COUR GRAND-DUCALE
Héije Besuch bei der Wäilies zu Wuermer
© SOPHIE MARGUE / COUR GRAND-DUCALE
Héije Besuch bei der Wäilies zu Wuermer
© SOPHIE MARGUE / COUR GRAND-DUCALE
Héije Besuch bei der Wäilies zu Wuermer
© SOPHIE MARGUE / COUR GRAND-DUCALE
Héije Besuch bei der Wäilies zu Wuermer
© SOPHIE MARGUE / COUR GRAND-DUCALE
Héije Besuch bei der Wäilies zu Wuermer
© MA
Héije Besuch bei der Wäilies zu Wuermer
© MA

Gëschter hu S.A.R. de Groussherzog Henri an de Romain Schneider, Minister fir Wäibau, de Lieu-Dit „Koeppchen“ zu Wuermer besicht a bei der Wäilies vum Riesling deelgeholl. Wärend dem Drauwe-Plécke koum et natierlech och zum Gespréich mat de Wënzer.

De Riesling vun der Koeppchen ass bekannt fir seng aussergewéinlech Qualitéit. Op enger Fläch vu 7,8 Hektar stinn d’Riewen, an och eng Kapell vun 1925 zu Éiere vum Schutzpatroun vun de Riewen ass hei ze fannen.

Besonnesch impressionnant war och d’Vue op d’Musel a seng pittoresk Landschaft. Mat enger Pente vu 45 Grad, dem kallekräiche Buedem an enger quasi perfekter Orientatioun a Richtung Süd-Westen ginn d’Drauwe genau der richteger Quantitéit u Sonn ausgesat.

Ma, an dësem Kader huet de Minister Schneider, zesumme mat de Representante vun der OPVI, den Domaines Vinsmoselle an der Federatioun vum Lëtzebuerger Wäin e positive Bilan zur Wäilies 2020 gezunn.

Ouni gréisser Virfäll an trotz Restriktiounen duerch d’Pandemie konnt eng immens zefriddestellend Organisatioun garantéiert ginn. Doduerch, datt d’Wënzer hir Saisonnieren aus dem Ausland net all empfänke konnten, hat een Angscht, d’Lies net wéi soss duerchféieren ze kënne. D’Erausfuerderung konnt awer mat Bravour gemeeschtert ginn!

Eng Quantitéit vun ongeféier 92.000 Hektoliter ass zesummekomm.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie zur Visitt vu S.A.R. dem Groussherzog Henri an dem Minister Roman Schneider.

Ähnlech Sujeten Domaines Vinsmoselle, Musel, Organisatioun, Romain Schneider, S.A.R. de Groussherzog Henri, Wäiriewen, Wuermer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel