Search

You may also like

Rapport Waringo: Premierminister a Monarch op enger Linn
Neiegkeeten

Rapport Waringo: Premierminister a Monarch op enger Linn

Wann ee bedenkt wat dës „Affär“ fir Stëbs opgewierbelt huet

Bohemian Rhapsody – Ee Film den dem Mercury absolut gerecht gëtt!
Neiegkeeten

Bohemian Rhapsody – Ee Film den dem Mercury absolut gerecht gëtt!

Et ass ee Film den d’Geschicht vun der Band Queen

GEWËNNSPILL 2020: De Lëtzebuerger Béier-Adventskalenner
Neiegkeeten

GEWËNNSPILL 2020: De Lëtzebuerger Béier-Adventskalenner

Keng Loscht op den typeschen Adventskalenner mat séisse Leckereien? Wann

D‘Wäilies 2020 ass ugelaf

En Dënschdeg waren de Premierminister Xavier Bettel an de Landwirtschaftsminister Romain Schneider sech an de Miseler Wäibierger ëmkucken. Hei hunn Si sech mat Vertrieder aus dem Wäibau bei der Lies um „Markustuerm“ am Schengener Wäibierg iwwert d‘Aussiichten zum Joergang 2020 ënnerhalen.

An dee versprécht gutt, jo eigentlech ganz gutt ze ginn. De Reen am Ufank vum Joer huet dem Buedem gutt gedoen an och iwwert d‘Joer ewech, war d‘Wieder de Wënzer éischter frëndlech gesënnt. De gudde Mix tëscht Sonn a Néierschlag huet de Wäiriewe gutt gedoen. Esou sinn eis Wënzer dann och am grousse ganze mam Resultat éischter zefridden. An awer war et dréchen…

Fir de President vun „Domaines Vinmoselle“ steet fest: och wann den Ertrag un sech eppes moer ausfält, esou ass d‘Qualitéit op der ganzer Musel exzellent. Den André Mehlen vum Lëtzebuerger Wäibauinstitut (IVV) gëtt vun enger Baisse ëm déi 30% géintiwwer dem Virjoer aus. Dat wieren dann „nëmmen“ esou eng néng bis zéng Millioune Liter, an eigentlech ass dat och vëlleg genuch.

Ëmmerhi muss een dëst Joer och berécksiichtegen, datt duerch d‘Covid19-Pandemie an deen am Etat de Kris ausgeruffene Lockdown dofir gesuergt huet, datt d‘Kellere vun de Wënzer nach gutt gefëllt sinn. D‘Vente huet folgerichteg zolidd gelidden: keng Foiren, kaum Clienten an der soss gutt opgestallter Gastronomie a wesentlech manner Familljefester… Fir vill Wënzer e Kappzerbrieches.

Wann een dann elo dierf unhuelen, datt eng méi kleng Rekolt an dësem Joer éischter Wëllkomm ass, esou dierf dat net doriwwer ewechtäuschen, datt déi droleg Wiedersituatiounen dem Wënzer awer och net entgéint kommen. Et hätt ëmmer nees Zäitraim ginn an deenen et guer net gereent huet, an och déi lescht Woche war et nees eppes ze dréchen, erkläert den André Mehlen.

Ob et dem Klimawandel geschëlt ass oder et dofir aner Erklärunge gëtt, dat hänkt dann nees vum Standpunkt of. Geséchert awer ass, datt wann et mam Wieder esou weider geet, da mussen sech d‘Wënzer no anere Riefzorten ëmkucken, därer déi soss eigentlech éischter am europäesche Süde genotzt ginn. Mee bis et esouwäit ass, loosst eis emol de Fiederwäisse vun dësem Joer schmaachen.

Opmaacherfoto: De Minister Romain Schneider tëscht de Riewen um Markustuerm (Schengen) – © Jean-Christophe Verhaegen/SIP

Related topics Domaines Vinsmoselle, Fiederwäissen, Markustuerm, Romain Schneiderm, Schengen, Wäilies 2020, Xavier Bettel
Next post Previous post