Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg kritt ee Klimaschutzgesetz
Neiegkeeten

Lëtzebuerg kritt ee Klimaschutzgesetz

Während d‘Jugend an eng Rei eeler Aktivisten an der Stad

Zeréck op Lëtzebuerg, esoulaang et nach méiglech ass!
Neiegkeeten

Zeréck op Lëtzebuerg, esoulaang et nach méiglech ass!

Nodeems de Lëtzebuerger Ausseministère gëschter virun onnéidegen Auslandsreesen ofgeroden huet,

LCGB: Fuerderung fir d’Existenzängscht vu vulnerabele Persounen ze besäitegen
Neiegkeeten

LCGB: Fuerderung fir d’Existenzängscht vu vulnerabele Persounen ze besäitegen

Mat de fortschreidende Lockerungen hu sech vill als vulnerabel agestuuft

Lëtzebuerger Wäin a Cremant: Optimistesch bleiwen!

Lëtzebuerger Wäin a Cremant: Optimistesch bleiwen!

De Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung Romain Schneider huet e Freideg d’Representanten aus dem Wäisecteur getraff, fir esou iwwert déi aktuell Situatioun beim Ubau an der Vente ze diskutéieren. Och d’Wäibaueren erliewe wirtschaftlech Defiziter, mee wéinstens schéngt d’Joer 2020 vum Wieder an der Temperatur hir gutt Konditioune fir d’Wéngerten ze bidden.

Genee wéi an der Landwirtschaft hunn och d’Wäibaueren hir Aktivitéite wärend der sanitärer Kris dierfe weiderféieren. Duerch déi ideal meteorologesch Konditiounen entwéckele sech d’Riewe perfekt virun. Leider gesäit et net nëmme positiv fir de Secteur aus.

Duerch d’Fermeture vum HORESCA an d’Ofso vun zuelräichen Evenementer, bei deenen d’Wënzer Degustatiounen hätten duerchféieren an hir Produiten verkafe kënnen, sinn si mat engem immense Problem bei der Distributioun vu Wäin a Cremant konfrontéiert.

Lëtzebuerger Wäin a Cremant – eist Kulturierwen

Ma, och d’Wäibaueren hu gemaach wat méiglech war, nei Weeër probéiert an esou mat innovativen an digitalen Initiative beim Client gepunkt. De Minister Schneider huet d’Acteure fir hir Kreativitéit gelueft, duerch déi si ee klengen Deel vun der Perte ausgläiche kënnen.

Zesumme gouf schliisslech decidéiert, een detailléierte Bilan fir d’Period Mäerz-Abrëll-Mee 2020 opzestellen a se mam leschte Joer ze vergläichen. Just esou kann een déi genee Zuelen ermëttelen, déi duerch déi sanitär Kris zustane komm sinn.

Eng Pist, déi bei dësem Treffen diskutéiert ginn ass, ass d’Verdeele vun engem Deel u Primmen vun dësem Joer, fir esou de Fonctionnement vum Secteur weiderhin ze garantéieren. Nieft de Mesuren zur finanzieller Hëllef vum Staat huet de Minister zum Ofschloss nach emol un „Neistart Lëtzebuerg“ erënnert.

Ähnlech Sujeten Cremant, finanziell Hëllef, Lëtzebuerger Wäin, Musel, Neistart Lëtzebuerg, Pandemie, Perte, Romain Schneider, Wäibaueren, Wéngerten, Wënzer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel