Search

You may also like

AHA Lëtzebuerg: Zefridde mat temporärer Mesure fir Hochzäiten
Neiegkeeten

AHA Lëtzebuerg: Zefridde mat temporärer Mesure fir Hochzäiten

AHA Lëtzebuerg (Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker a.s.b.l.) begréisst,

World Rescue Challenge 2019 – Exzellent Resultater vun de Lëtzebuerger
Neiegkeeten

World Rescue Challenge 2019 – Exzellent Resultater vun de Lëtzebuerger

Vum 12. bis de 15. September hunn 3 Ekippen aus

Jean Asselborn: Lëtzebuerg soll hëllefen, de Fridden am Sahel nees hierzestellen!
Neiegkeeten

Jean Asselborn: Lëtzebuerg soll hëllefen, de Fridden am Sahel nees hierzestellen!

De Lëtzebuerger Aussen- an Europaminister Jean Asselborn huet bei der

Bessere Marketing fir gudde Wäin

Eng nei Strategie soll hëllefen

Bessere Marketing fir gudde Wäin

Mat enger méi grousser Konkurrenz, Clienten déi nei oder aner Erwaardungen hunn, ass et verständlech, datt de Wäi-Maart sech verännert. Eng Situatioun, déi bei de Lëtzebuerger Wënzer bekannt ass a fuerdert, sech unzepassen. Dofir awer muss ee sech a Fro stellen an organiséiere fir sech um Marché ze behaapten.

De Wäibauminister Fernand Etgen (DP) wëll dann och säi Beitrag leeschten an de Lëtzebuerger Wënzer ënnert d‘Äerm gräifen. Dofir soll sech elo an eng nei Marketing Strategie investéiert ginn, natierlech an enker Zesummenaarbecht mat de Concernéierten.

Eng gemeinsam Visioun

Well en esou eppes net selwer kann an de Grapp huelen, gëtt eng Firma engagéiert déi eng Gemeinsam „Visioun“ soll entwéckelen. Dat am Sënn vun der strategescher Ausriichtung an der Bestëmmung vun der organisatorescher Struktur déi dës dann och soll ëmsetzen.

Déi beoptraagten Experten hunn dat an verschiddenen Atelieren tëscht Mee 2016 a 2017 mam Ministère, dem Wäibauinstitut an den dräi Produktiounsgesellschaften (Vinsmoselle, Organisatioun vun de Professionellen onofhängege Wënzer ASBL an dem Verband vun den Händler) ausgeschafft.

D‘Marketingstrategië baséieren dann och op de Modalitéiten déi béi dësem Prozess validéiert gi sinn. Doranner enthalen ass een Aktiounsplang mat 17 konkret Projete fir déi nächst dräi bis fënnef Joer, esou wéi och d‘Strukture fir de Fonctionnement an d‘Gouvernance.

Nei Reegele

Fir déi Demarche nohalteg ze gestalten, sinn nei Regele fir d‘Gouvernance ausgeschafft a formaliséiert ginn. D‘Charta an där d‘Regele festgehale sinn, goufe vun de fënnef concernéierten Acteuren ënnerschriwwen a sollen d‘Aarbechten an de nächste Jore begleeden.

Déi strukturell Prinzipie vun der Gouvernance baséieren op:

  • all Initiativë mussen am strikte Respekt vun der definéierter Strategie an dem Aktiounsplang ausgefouert ginn, an dem Wäi-Secteur zu Lëtzebuerg erlaben nei Impulser ze kréien;
  • d‘Zil ass et mat de bestoende Moyenen, déi vum Secteur an dem Ministère ausgeschafft gi sinn, ee maximalen Impakt fir de Secteur ze erreechen an esou konkurrenzfäeg mat anere Wäiregiounen ze sinn, déi op héijer Volummen an mat anere Budgete kënnen agéieren;
  • d‘Demarche muss de Wäi-Secteur a sengem Ensembel ënnerstëtzen an dobäi d‘Interesse vun allen Acteure respektéieren;
  • d‘Ëmsetze vun de Projete verlaangt een operationellt matschaffe vun den Acteuren aus dem Secteur;
  • dat ganzt bleift natierlech gebonnen un de Respekt vun de Reglementatioune (national an international) déi de Ministère muss anhalen an fir déi hie verantwortlech ass.

Laut dem Communiqué vum Ministère kann op dëser zolitter Basis a mat enger neier Entwécklungsstrategie optimistesch an d‘Zukunft gekuckt ginn. Et huet een zudeem och Vertrauen an d‘Potential vum Secteur an steet hannert enger Valorisatioun vun den heemesche Produkter um nationale Maart.

Foto: Courtesy Domaines Vinsmoselle

Related topics Lëtzebuerg, Wäin
Next post Previous post