Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Muss sech d‘LSAP erneieren?
how to tell if he just wants a hook up Neiegkeeten

is a 22 year old dating a 18 year

Bei de Chamberwahle vum leschte Sonndeg, huet net nëmmen d‘CSV

https://moien.lu/john-crist-dating-website/
how to tell if he just wants a hook up Neiegkeeten

Den Oktober gëtt Rosa – Lafe géint Broschtkriibs

Am Kader vum rosa Oktober, internationale Mount vum Broschtkriibs, proposéiert

Den Dylan Pereira hält u senger Strategie fest
how to tell if he just wants a hook up Neiegkeeten

Den Dylan Pereira hält u senger Strategie fest

De lëtzebuergesche Pilot vum Team Momo Megatron Lechner Racing, kéint

Eng gutt Begleedung fir d‘Summervakanz: Wäisheeten aus aller Welt

Eng gutt Begleedung fir d‘Summervakanz: Wäisheeten aus aller Welt

Et ass, datt dierft kengem entgaange sinn, waarm dobaussen. Et ass gutt wann ee sech seng Plaz am Schied geséchert huet. Besser nach ass et, sech mat engem gudde Buch an de Schied zréckzezéien. A dat kéint mam Jean-Marie Nau sengem „Wäisheeten aus aller Welt“ dann och de Fall sinn.

Mat „méi oder manner léierräich Geschichten a Wäisheeten“ déi den Auteur Jean-Marie Nau op 266 Säiten an dräisproocheg verfaasst huet, ass ee wäertvollt Buch entstanen. Dem fräiberuffleche Lëtzebuergeschenseignant ass et a 84 Kuerzgeschichte gelongen, d‘Vilfalt vu Meenungen, Wäerter an Opfaassungen, déi eis beaflossen, mat vill Humor a Léift ze ëm- a beschreiwen.

Den Auteur, deen all déi Geschichten iwwer Joren ewech zesummegedroen huet, well awer net beléieren oder „opklären“. Villméi sollen déi sëllechen, jo awer ganz lëschteg Geschichten een ermonteren nozedenken. Nodenken iwwert dat wat war, wat ass an nach komme wäert. Sech selwer net ëmmer esou batter eescht huelen, tolerant sinn, och sech selwer géinteniwwer.

Wäisheeten

Wäisheeten aus aller Welt – Auteur: Jean-Marie Nau – 266 Säiten – ISBN 978-99959-786-1-7 – op Amazon erhältlech, och als Kindle Editioun.

Et ass dann awer och e Buch, datt een nom liesen net méi einfach esou an d‘Regal bei déi „Aner“ stellt. Nee, hei huet een eppes, dat, wann een et elo net onbedéngt iwwerall muss (awer dierf) mat huelen, éischter um Nuetsdësch ophieft. Bei esou muencher Geschicht entdeckt een den déiwe Sënn eréischt bei der zweeter Lektüre, a villes verleet een och dozou, nach emol nozeliesen.

Eng gutt Aktioun ass et och nach

Wann engem Mann wéi dem Jean-Marie Nau d‘Koherenz vu materiellen a spirituellen Dimensioune wichteg ass, esou kann ee verstoen, datt dëst Buch ausser dem Keefer/Lieser och anere Mënsche soll Freed bereeden. Dofir huet den Auteur d‘Publikatioun an Zesummenaarbecht mat der „Unity Foundatioun“ publizéiert, déi vun all Buch 2 Euro fir edukativ Projeten asetzt.

D‘ONG „Unity Foundatioun“ ass 1980 zu Lëtzebuerg gegrënnt ginn, a gëtt zanter 1991 vum Ausseministère tatkräfteg ënnerstëtzt. Si ass weltwäit aktiv a spezialiséiert op d‘Educatioun vu Communautéiten, déi duerch „Wëssen“ hir eege sozial a wirtschaftlech Entwécklung stäerken.

De Fernand Schaber, President vun der „Unity Foundatioun“, deen dem Auteur seng Geschichte schonn der eegener Duechter virgelies huet, wéi dat nach an d‘Spillschoul gaangen ass, huet dës „kompakt a liicht verständlech Wäisheeten“ ni „op d‘Säit geluecht“. „Si loossen dem Lieser vill Plaz tëscht den Zeilen, fir de verstoppte Message vum oft onbekannten Auteur ze erfaassen.

Foto: (v.l.n.r.) de Fernand Schaber mam, Esther Zana-Nau, Shania Schaber a Jean-Marie Nau bei der Buchvirstellung um Krautmaart. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Buchvirstellung, Jean-Marie Nau, Unity Foundatioun, Wäisheeten aus aller Welt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel