Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘USA wëlle fir d‘Stationéiere vun Truppen a Material bezuelt ginn
International Neiegkeeten

D‘USA wëlle fir d‘Stationéiere vun Truppen a Material bezuelt ginn

Wa sech erweise sollt, datt d‘Aussoe vum fréieren US-Ambassadeur bei

Luxembourg Balloon Trophy: Sech d‘Land emol vun uewen ukucken
International Neiegkeeten

Luxembourg Balloon Trophy: Sech d‘Land emol vun uewen ukucken

Reklamm ass eigentlech genuch gemaach ginn, a wiem et trotz

Institutiounen déi d‘Welt (esou) net brauch
International Neiegkeeten

Institutiounen déi d‘Welt (esou) net brauch

Et gëtt Institutioune vun deenen een erzielt kritt, si wieren

Wäissrussland huet Verännerungen net gären

Fir sécherzestellen, datt d‘Oppositioun d‘Presidentschaftswahl net u sech rappt gëtt se preventiv néiergeschloen. Et soll natierlech och net driwwer beriicht ginn, also späert een d‘Journalisten direkt mat an…

Wäissrussland huet Verännerungen net gären

Den Alexander Lukaschenko huet et net einfach. Do gëtt et a Wäissrussland dach tatsächlech nach Mënschen déi sech op demokratesch Rechter beruffen a wuel och mengen, datt et ënnert senger Fuchtel zu fräie Wahle komme kann. Schlëmmer, et gëtt Oppositioneller déi esouwäit ginn, datt si un Demonstratiounen deel huelen. Zwee Méint virun der Presidentschaftswahl geet esou eppes net.

Kandidate vun der politescher Oppositioun sinn op vill Ënnerschrëften ugewisen, fir sech kënnen opzestellen, a gëschter hunn sech honnerte Leit zu dësem Zweck an der Haaptstad Minsk afonnt. Et hu sech laang Schlaange gebilt an e puer vun dëse Mënschen haten dann och – dat gehéiert sech esou – Fändelen a Megaphoner matbruecht, fir ze signaliséieren: „Mir sinn do, mir hu Rechter“.

Wäissrussland

Esouvill Opmierksamkeet bei enger „net erlaabter“ Versammlung bréngt mat sech, datt d‘Police och ee Wuert matschwätze wëll. Déi huet dann och géint der Owend agegraff, net datt op eemol nach een op de Gedanke D‘Wahl vum 9. August wier fräi a géif no demokratesche Prinzipien ofgehalen. Wier deem esou, géif den Alexander Lukaschenko héchstwahrscheinlech säin Amt verléieren.

Wann déi wäissrussesch Police esou Versammlungen opléist, geet si geziilt vir. Wien sech do net aus de Féiss mécht, muss mindestens mat bloe Plazen en enger Iwwernuechtung am Prisong rechnen. An d‘Poliziste wëssen zimmlech gutt wien de Géigner ass, firwat nieft den Demonstranten och Journaliste bei esou Geleeënheete „matgeholl“ ginn. An déi gi strategesch selektionéiert.

WäissrusslandËnnert den esou verhaften Demonstrante waren dann ënnert anerem och Journaliste vu „Radio Free Europe“ (dat ass ee vun der US-Regierung finanzéierte Radiosender) a vu Belsat (een a Polen stationéierte Sender vun der wäissrussescher Oppositioun). Och dat keen Zoufall, ass hiren Optrag jo awer erwisenermoosse schonn ee politeschen. Si goufe mëttlerweil awer nees fräigelooss.

Autokraten an Uniform si sensibel Wiesen

Wann d‘Oppositioun esou kuerz virun enger entscheedender Wahl ze vill Visibilitéit erhält, dann ass dat oft zum Nodeel vun deenen déi un der Muecht sinn. Ee probat Mëttel dogéint ass d‘Repressioun an esou hunn et Regierungskritiker an Oppositioneller net einfach. Zanter 1994 un der Muecht, huet sech den Alexander Lukaschenko mat dëser Situatioun familiariséiert, a weess domat ëmzegoen.

Wäissrussland

An Éisträich woussten se schonn am Mäerz wéi d’Wahlen ausginn

Zum enge brauche Politiker déi géint untriede wëllen eng helle Wull un Ënnerschrëften, an déi mussen och nach an engem enken Zäitraum zesummebruecht ginn. E Freideg war dann och dee leschten Termäin. Fir d‘Spannung eppes ze erhéijen, hat den Autokrat säin aussiichtsräichste Géigner Viktor Babaryko festhuele gelooss. Dem Geschäftsmann hätt bei de Finanze gefuddelt.

Fir esou ee „Verstouss“ lant een dann emol gäre fir 15 Joer hanner Gitter. Mee net nëmmen de Viktor Babaryko huet et schwéier. D‘Kandidatin Swetlana Tichanowskaja gëtt ageschüchtert. Esou huet en Appell ginn, an deem si opgefuerdert gouf, sech tëscht dem Wahlkampf an hire Kanner ze entscheeden. Hire Mann, de Sergej, en oppositionelle Blogger sëtzt zanter Mee am Prisong.

WäissrusslandDemonstratioune géint d‘Regierung ginn a Wäissrussland ëmmer vu massive Repressioune begleet. Déi lescht Protester déi massiv néiergeschloe goufe waren: de Biergerprotest géint déi eppes ze enk Bezéiunge mat Russland; an de Protest géint ee Gesetz, dat Mënschen déi ze laang ouni Schaf sinn, mat enger Geldstrof an/oder Prisong bestrofe kann. Iwwer wat sech Leit awer och opreege kënnen.

An da sinn do och nach déi stänneg Interventiounen aus dem Ausland. Esou huet d‘OSZE (Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa) déi lescht véier Wahle wéinst Bedruch an Aschüchterungen net unerkannt. Den Alexander Lukaschenko war zolidd beandrockt an dat dierft och de Fall bei der Fuerderung vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen sinn, déi vum Autokrat fuerdert, déi willkürlech verhaften Aktivisten direkt fräi ze loossen.

mat indymedia/waw

Foto: Et ass net esou, wéi wann den Alexander Lukaschenko schlecht gelidde wier. Nieft dem éisträichesche Kanzler Sebastian Kurz, deen den Autokrat fir den Hiecht agelueden huet (no de Wahlen am August) sinn och d‘USA dem Mann net ofgeneigt. Am Februar huet den US-Ausseminister Mike Pompeo sengem neie Frënd ugebueden, hien a Saachen Demokratie a Mënscherechter ze ënnerstëtzen. (File Photo © State Department)

Ähnlech Sujeten Alexander Lukaschenko, Belarus, Oppositioun, Protest, Wahlen, Wäissrussland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel