Search

You may also like

Den Donald Trump fënnt dem James Comey säin neit Buch net gutt
Neiegkeeten

Den Donald Trump fënnt dem James Comey säin neit Buch net gutt

„Ligener, Fatzbeidel“: sinn déi vertrietbar Wierder, déi den US-President um

Koalitiounspoker op italienesch
Neiegkeeten

Koalitiounspoker op italienesch

Nodeems et zu Roum bei de Verhandlungen tëscht dem Movimento

Déi zweet Staffel vu Glow kënnt am Juni!
Neiegkeeten

Déi zweet Staffel vu Glow kënnt am Juni!

GLOW ass eng vun deenen aussergewéinlechste Serien, déi Netflix am

Wäisswampech: E Raiffeisen Bankomat gouf gesprengt

Wäisswampech: E Raiffeisen Bankomat gouf gesprengt

Wéi d’Police matdeelt hunn Onbekannter an der Nuecht géint 01:40 Auer e Bankomat vun der Raiffeisen Bank zu Wäisswampech gesprengt.

Duerch d’Explosioun ass den Automat aus senger Verankerung gerappt ginn. D’Stécker sinn iwwert e puer Meter geflunn an et ass – wéi een et sech schonn denke kann – immense Schued an der Entrée vun der Bank entstanen.

Bankomat

De Parquet gouf iwwert de Virfall informéiert an huet d’Kriminalpolice fir d’Spuresécherung an d’Ermëttlung op d’Plaz geschéckt. Blesséiert gouf keen. Ma, d’Police ass awer elo op d’Mathëllef vun eventuellen Zeien ugewisen.

War Dir an der Géigend, hutt eppes héieren, verdächteg Persoune flüchten oder soss eppes Opfälleges beobacht? All Informatioune sollen un den 113 weidergeleet ginn.

Opmaacherfoto © Robert Anasch / Unsplash

Related topics 113, Bankomat, Explosioun, Parquet, Police, Raiffeisen, Schued, Sprengung, Wäisswampech, Zeien
Next post Previous post