Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Bio-Wäilies geet un an do ass eppes Fangerspëtzegefill gefuerdert
International Neiegkeeten

D‘Bio-Wäilies geet un an do ass eppes Fangerspëtzegefill gefuerdert

Et war keen einfacht Joer fir d‘Biowënzer, déi awer ëmmerhin

D’Danica Roem gewënnt als éischt Transgender-Kandidatin d’Walen a Virginia
International Neiegkeeten

D’Danica Roem gewënnt als éischt Transgender-Kandidatin d’Walen a Virginia

D‘Danica Roem, fir d‘Demokraten am Staat Virginia als Kandidatin an

Haus vum Horror: D‘Eltere vun de Kanner plädéieren „Net Schëlleg!“
International Neiegkeeten

Haus vum Horror: D‘Eltere vun de Kanner plädéieren „Net Schëlleg!“

Déi a Kalifornien verhafte Koppel David a Louise Turpin, hunn

Bei de Walen a Slowenien hunn déi riets-konservativ d‘Favoritteroll sécher

Bei de Walen a Slowenien hunn déi riets-konservativ d‘Favoritteroll sécher

Haut gëtt a Slowenien e neit Parlament gewielt, an de fréiere riets-konservative Premierminister, Janez Jansa, erhofft sech nees d‘Muecht ze iwwerhuelen. Fir dëst Zil ze erreechen huet hie bei den Awunner op „Angscht“ gesat, an eng „Invasioun“ vu Migranten an de Raum gestallt.

Eng – streng geholl – extrem populistesch Haltung, déi awer an dësem klenge Land vun der Eurozon de richtegen Nerv schéngt getraff ze hunn. Dat muss een dann allerdéngs och am Zesummenhang mat der geographescher Lag vu Slowenien gesinn: d‘Land ass op der fréierer „Balkan-Route“ geleeën.

1,7 Millioune Leit si Wahlberechtegt, an dem Janez Jansa seng Chance stinn no de véier Joer, während deenen d‘Land vun enger „Mëtt-Lénks“ regéiert ginn ass, esou gutt wéi laang net méi. Hie war dann och 2014 „geschloe“ ginn, wou hie seng Wahlcampagne aus dem Prisong huet misse féieren. Hie war sengerzäit vum Geriicht der Korruptioun beschëllegt a veruerteelt ginn.

De 59 järege gëllt laut dem Sondage vum Institut „Ninamedia“ mat 25,1% vun de Walabsichten, als de klore Favorit bei dëse Legislative genannt. Hien distanzéiert däitlech de Premier Miro Cerar, deem seng Partei SMC (Stranka Modernega Centra) an de Sondage op grad emol 9,3% kënnt. An dat obwuel déi aktuell Regierung op e Rekord-Wuesstem verweise kann.

Mee de Janez Jansa – Premierminister vun 2004 bis 2008 – hat schonn 2012 mat senger Partei SDS (Socialdemokratska stranka Slovenije) en zweet Mandat erhalen, dat hien awer no engem Joer huet missen „opginn“, well hien sech der Korruptioun schëlleg gemaach hat. Dofir war de Staatschef dann och 2014 zu enger Prisongsstrof veruerteelt ginn.

De riets-konservative Politiker deen nach am selwechte Joer d‘Annulatioun vum Uerteel hikritt huet, konnt sech dann och nees politesch engagéieren. Vun der „xenophober“ Rhetorik vu sengem Frënd Viktor Orban inspiréiert, huet de Janez Jansa, sech dann och nees séier kënnen op der politescher Bühn behaapten. Den Orban huet hien dann och massiv a senger Campagne ënnerstëtzt.

Angscht verbreeden

Omnipresent an der slowenescher Politik zanter der Onofhängegkeet am Joer 1991, gëtt de Janez Jansa als „Dissident“ mat enger „gespléckter Perséinlechkeet“ beschriwwen. A wann, esou wéi et d‘Sondage viraussoen, hien als Gewënner aus der Wal sollt ervirgoen, esou dierft et zu delikate Verhandlunge komme vir eng Regierungsmajoritéit zesummenzekréien.

An dësem Kontext muss op den onofhängege Kandidat, Marjan Sarec, higewise ginn. De fréiere Komödiant, haut Buergermeeschter vun enger klenger Provënzstad, gëtt mat sengen 11,9% als „Kinneksmaacher“ gehandelt. De Marjan Sarec huet allerdéngs an engem ganz rezenten Interview behaapt „Mir ginn a keng Koalitioun mam Jansa“.

Eng Positioun déi esouwuel vun de Lénke wéi de Mëtt-Lénks Formatioune gedeelt gëtt. De Marjan Sarec géintiwwer der AFP: „Angscht verbreeden (géint d‘Migranten) an e Premierminister vun engem Nopeschland an de Wahlkampf abannen, domatter ass eng rout Linn iwwerschratt ginn. Weder ech, nach d‘Membere vu menger Lëscht kënnen eis dëser Politik uschléissen“.

Mee de Janez Jansa dierft sech awer der Ënnerstëtzung vun der klenger NSI (Nova Slovenija Krščanski Demokrati) déi laut de Sondagë bei 7,7% leien, sécher sinn. Et wäerten dann déi Wieler sinn, déi sech bis ewell nach net entscheede konnten, déi dat „lescht Wuert“ op dësem Wahlsonndeg sollten hunn.

De sozialen Onmutt

Fir de Janez Jansa ass dat alles, mee net beonrouegend. Hien ass zouversiichtlech de Slowenen de richtege Message geliwwert ze hunn. „D‘Telefonater wäerten ufänken, esoubal wéi d‘Resultater bekannt sinn“, huet hien an enger Televisounsdebatt ënnerstrach. Hien huet do och verséchert, sech mat alle Parteien ze beroden, an esou eng stabil Regierung bilden ze kënnen.

De konservative Jansa, deem eng zolidd Wielerschaft zougeschwat gëtt, kéint dann och dovunner profitéieren, datt nëmme wéineg Leit iwwerhaapt wiele ginn. D‘Experte ginn hei „unisono“ vun enger Bedeelegung ëm déi 60% aus, wat dem Janez Jansa seng Favoritteroll bestätegt.

Hei spillt de Kontext vum wirtschaftleche Wuesstem an engem ganz niddrege Chômagetaux eng grouss Roll. D‘Land, dat immens ënnert der Wirtschaftskris vun 2008 gelidden huet, an 2013 esou just laanscht eng „mise sous tutelle“ gerëtscht war, muss sech neien Erausfuerderunge stellen: no zéng Joer Austeritéit, fuerderen d‘Slowene besser Paien a besser Renten.

Eng weider Fuerderung: d‘Reform vum Gesondheetssystem, deen als käschtenintensiv an ineffikass bezeechent gëtt, mee och de Geschäftsklima misst dréngend verbessert ginn. Dës Onzefriddenheet hat dann och den aktuelle Premierminister Miro Cerar dozou beweegt säi Mandat „ofzekierzen“.

Dem Janez Jansa seng ganz Campagne hat een zentraalt Thema: d‘Immigratioun. Hie wier hei vun – aus Ungarn finanzéierte – Medien ënnerstëtzt ginn, behaapt d‘Zeitung Dnevik.

Bis zu enger hallwer Millioun Migrante sinn 2015/16 duerch Slowenien transitéiert, iert se weider an den Oste vun der EU gezu sinn. Dat hat de Miro Cerar dozou animéiert eng 200 Kilometerlaang Barrière op der kroatescher Grenz opzeriichten. Laut offiziellen Zuelen, géifen haut ronn 1.000 Refugiéeën an Asyl-Demandeure a Slowenien liewen.

mam Bojan Kavcic/AFP

Foto: De Janez Jansa vun der slowenescher demokratescher Partei (SDS) huet mat der Ënnerstëtzung vum ungaresche Premierminister Viktor Orban eng Wahlcampagne gefouert, déi op der Angscht virun de Migranten opgebaut war. Hie gëllt dann och als „Favorit“ bei enger Wal, wou sech keng grouss Bedeelegung erwaart gëtt. © Jure Makovec/AFP

Ähnlech Sujeten Janez Jansa, Marjan Sarec, Miro Cerar, Parlamentswahlen, Slowenien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel