Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – de Festival vun de Primaten
International Neiegkeeten

What the Fakt – de Festival vun de Primaten

Sou munche wäert haut säin Aarbechtskolleg, Bänknoper oder Partner ukucken

dislikemoney
Restrukturatioun bei Siemens: Dausende fäerten ëm hir Aarbecht
International Neiegkeeten

Restrukturatioun bei Siemens: Dausende fäerten ëm hir Aarbecht

Rentabilitéit a Profitmaximéierung: den däitschen industrielle Siemens dee weess wéi

Ech si verzweiwelt (Lieserbréif)
International Neiegkeeten

Ech si verzweiwelt (Lieserbréif)

Et steet schlëmm ëm eis Geschäftsleit. Nach ëmmer ginn et

Walen an Ungarn: Véier weider Joer fir de Viktor Orban

Walen an Ungarn: Véier weider Joer fir de Viktor Orban

De Viktor Orban a seng national-konservativ Partei Fidesz komme gestäerkt aus de Parlamentswahlen eraus. Domatter huet de Populist säin drëtt Mandat sécher, an hie kann esouwuel d‘Zentralisatioun vun der Muecht virundreiwen, wéi och säi Gestreits mat Bréissel verdéiwen.

Mee de Succès vum kontroverséiertste Premierminister an Europa ass ouni Appell: no der Auszielung vu bal alle Stëmmziedel, an mat enger staarker Mobilisatioun vun de Wieler, erhält d‘Fidesz 48,8% vun de Stëmmen. Si hunn domatter 30 Punkte Virsprong op déi riets-radikal Jobbik, déi sech allerdéngs vun hirer xenophober Rhetorik verabschit huet.

Et ass awer och e Resultat, dat der neier Majoritéit ka bis zu 133 Mandater, vun den 199 déi am ungaresche Parlament Plaz hunn, abréngen. Dat wier op e neits eng Zweedrëttelmajoritéit, wéi schonn 2010 an 2014. Eng Majoritéit déi et och erméiglecht, d‘Verfassung ze änneren.

„D‘Land ass orange“, d‘Faarf vun der Fidesz. Dat d‘Feststellung vun engem vun de wichtegsten Informatiounssite „index.hu“. Woubäi een eigentlech misst vun der Presse schwätzen, mee déi gëtt esou eigentlech nach just um Pabeier. De Viktor Orban huet de Pluralismus an de Medien, während de leschten aacht Joer quasi ofgeschaaft.

An datt de Viktor Orban net wierklech dat ass, wat een allgemeng als en Demokrat géif bezeechnen, léisst sech och dorunner erkennen, dat déi europäesch Staatscheffen sech net precipitéiert hunn fir dem 54 järegen ze gratuléieren.

Deem säin nationalistescht Gebraddels géint „d‘Invasioun vun de Migranten“, d‘Multikulturalitéit an déi supposéiert Amëschung vu Bréissel, komme bei enger grousser Partie EU-Memberlänner schlecht un. Et gëtt dem Populist vu Budapest zudeem och virgeworf, d‘Wäerter vun der europäescher Union mat Féiss ze trëppelen.

De Frëndeskrees

Elo ass de Viktor Orban awer net isoléiert. Hien, deen ab 2015 honnerte Kilometer Stacheldrot a Clôturen opstelle gelooss huet, fir d‘Refugiéeën – déi hien als Terroriste bezeechent – opzehalen. An den ungaresche Premierminister gesäit seng Mesuren doduerch gerechtfäerdegt, datt et och aner EU-Länner gëtt, déi sech eng ähnlech Migratiounspolitik ginn hunn.

An et ass dann och esou, datt den Viktor Orban enk mat sengen Alliéierten zesummeschafft. Hei wier als éischt Polen ze ernimmen. Déi hunn sech eng ähnlech nationalistescher Politik ginn, si kategoresch géint d‘Opnam vu Flüchtlingen, hunn d‘Onofhängegkeet vun der Justiz gebrach an sech de staatleche Medien ermächtegt.

Am Kontext vu sengem souveränistesche Kräizzuch, gëtt den ungaresche Premierminister un, zesumme mat Italien an Éisträich un enger Allianz vu Länner ze schaffen, déi sech géint eng Immigratioun vu Mënsche mat moslemeschem Glawen ausschwätzen. Mat engem Bléck op déi lescht Walen an Europa, kéint him dat och geléngen.

Zu Wien ass säit de Wahle vum Dezember eng extrem riets a national konservativ Koalitioun un der Muecht. Zu Roum ass et d‘Liga vum erkläerte Faschist Matteo Salvini, déi d‘Koalitioun uféiert. An och d‘Populisten aus der zweeter Rei, stellen sech hannert de Viktor Orban.

„D‘Ëmkéierung vun de Wäerter an d‘Massenimmigratioun, esou wéi se vun der EU gewënscht ginn, sinn op et neits zréckgewise ginn“, freet sech um Sonndeg via Twitter, d‘Patronne vum riets-radikale Front National, d‘Marine Le Pen. An och den islamophobe Geert Wilders aus Holland, huet sech et net huele gelooss sengem Frënd vu Budapest ze gratuléieren.

Fir de Politolog Daniel Hegedus, vum Observatoire vun de Fräiheeten „Freedom House“, ass et „e Volltreffer fir de Fidesz, a gëtt dem Orban, wéinst der grousse Bedeelegung, eng enorm Legitimitéit, och op internationalem Niveau“. Hie fäert dann och, datt déi kritesch Stëmmen an der Zivilgesellschaft nach méi haart ugegraff wäerte ginn.

Seng Feinden

Zanter 2010 huet d‘Fidesz vill Institutiounen a Kritiker am Land de Maulkuerf ugedoen. Esou d‘Medien, d‘Justiz, d‘Wirtschaft an esouguer d‘Kultur. Alles ganz legal, well een am Parlament iwwert déi benannten Zweedrëttelmajoritéit verfüügt. D‘Kritik vun der EU-Kommissioun an villen internationalen Observatoiren, huet ee vu sech ofpärele gelooss.

Virun der Wal, hat de Premierminister gesot, datt hien „moralesch, politesch a juristesch“ Mesure géint seng Géigner wäert ergräifen. De Viktor Orban huet och gesot, datt hien eng Lëscht am Besëtz hätt, op där d‘Nimm vun 2.000 Persoune stinn, déi bezuelt wiere fir seng Regierung ze stierzen.

„Mir wësse ganz genee wien se sinn, mir kennen hir Nimm a wësse fir wien a wéi se schaffen“, esou dem Viktor Orban seng Menacë géinteniwwer den ONGen, déi vum amerikanesche Milliardär George Soros finanzéiert ginn. De Soros, gebiertegen Ungar an eng och hefteg ëmstridde Persoun, war am – antisemitesch geféierte – Wahlkampf de Stoussnéckel.

E neie Pak vu Mesure, déi elo no de Wale sollen ergraff ginn an als „Stop Soros“ bekannt gi sinn, zilen drop of, d‘ONGen déi d‘Immigratioun ënnerstëtzen ze besteieren. A wann sech dann och an de Meenungsëmfroen, eng Majoritéit vu Leit fir e Changement ausdrécken, esou stellt e fest, datt d‘Oppositioun et net fäerdeg bruecht huet, dorausser Kapital ze schloen.

An d‘Parteien, op vu lénks oder schlicht liberal, hunn am Wahlkampf op d‘Problemer higewisen. Den Zerfall vum ëffentlechen Déngscht, d‘Auswanderung vun der Jugend, déi zweiwelhaft Praktike vun de Kreesser déi un der Muecht sinn. Hei notamment den eegenaartegen Ëmgang mat den EU-Fongen. Mee datt wat sech Oppositioun an Ungarn nennt, gëtt net als kredibel Alternativ ugesinn.

mam Géza Molnar an dem Sophie Makris/AFP

Foto: E Fidesz-Unhänger huet mat sengem Plakat um Sonndegowend d‘Situatioun vu senger Partei no de Wale resuméiert. © Atilla Kisbenedek/AFP

Ähnlech Sujeten Fidesz, Jobbik, Parlamentswahlen, Ungarn, Viktor Orbán
Nächsten Artikel Virrechten Artikel