Den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP)
Wat schonn emol wichteg ass – den Dossier opmaachen (oder net)
Wat schonn emol wichteg ass – den Dossier opmaachen (oder net)
Wéi et um Dënschdeg vum Gesondheetsministère matgedeelt gouf, ass de
Et war voll ginn am Bouneweger Kulturzentrum, wéi déi lénk
De Lech Walesa – historesche Chef vun der polnescher Gewerkschaft „Solidarność“ an Nobelpräisdréier – huet dëse Mëttwoch ugekënnegt, zukünfteg un all Manifestatioun géint déi schiedlech Muecht vun der nationalistesch-konservativer Partei „Recht a Justiz“ (PiS) deelzehuelen.
„Ab haut wäert ech iwwerall wou ech et kann, u Meetingen an aner Protest-Manifestatiounen deelhuelen“ deklaréiert den 73 Joer ale ehemolege polnesche President op sengem Profil bei Facebook. Dee fréiere Gewerkschaftler kann net méi de schiedlechen Aktioune vum PiS, dee vum Jaroslaw Kaczynski kontrolléiert gëtt, nokucken.
Vun enger polnescher Internet-Säit befrot, huet hien erkläert es genuch ze hunn. Dat besonnesch no der Verhaftung ee Samschdeg vum Wladyslaw Frasyniuk, sengem ale Frënn an Kampfgenosse géint de kommunistesche Regime. Dee war zesumme mat enger Honnert Manifestante vun der Police festgeholl ginn, déi sech enger mounatlecher Marche, ugefouert vum Kaczynski an un Erënnerung un de Crash vum Presidentefliger 2010 a Russland, zu Warschau erhuewen hunn.
Säit de PiS am Oktober 2015 un d’Muecht komm ass, ass de Lech Walesa hinnen ëmmer kritesch entgéintgetrueden. Dëst och wéinst den drastesche Mesuren déi si geholl hunn, notamment déi géint dat konstitutionellt Geriicht, déi ëffentlech Medien an weider demokratesch Institutiounen. Mesuren déi och der EU gehéierlech Suerge bereeden.
De Lesch Walesa gouf reegelméisseg beschëllegt, an de 70er Jore mat den kommunistesche Geheimdéngschter (SB) zesummegeschafft ze hunn. Hie war deemools ee jonken Aarbechter an huet eréischt an den 80er d’Leedung vun de grousse Solidaritéit-Streiken an de Wäerfte vu Danzeg iwwerholl. Mat him un der Spëtzt soll zéng Joer méi spéit de Kommunismus a Polen en Enn kréien. De Walesa huet och ëmmer ofgestridde jeemools mat de Kommuniste kollaboréiert ze hunn.
mat AFP
Foto: Manifestante mam Poster vum Lech Walesa haten am Februar 2016 zu Danzeg géint d’Regierung demonstréiert (© Janek Skapzinski/AFP)