Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Emanzipatioun a Saudiarabien: Och eng Fra dierf mam Auto fueren
oslo hookup Neiegkeeten

https://moien.lu/start-of-online-dating/

A Saudiarabien ass eng historesch Entscheedung getraff ginn: am eenzege

https://moien.lu/speed-dating-london-2018/
oslo hookup Neiegkeeten

Britesch Euroskeptiker wëllen e Konzessiounsfräie Brexit

D‘Plattform „Leave means Leave“, déi engem konzessiounsfräie Brexit favorabel ass,

Editorial: wann der de Schnéi Angscht mécht bleif vun der Strooss!
oslo hookup Neiegkeeten

Editorial: wann der de Schnéi Angscht mécht bleif vun der Strooss!

Et gëtt Mënschen, deenen een och mam allergréisste Versteesdemech net

Walfer: ee Weekend laang d‘Haaptstad vun der Literatur

Bicher, Auteuren a Lieser haten sech op de Walfer Bicherdeeg Rendez-vous ginn

Walfer: ee Weekend laang d‘Haaptstad vun der Literatur

Et dierf ee vun de Walfer Bicherdeeg hale wat ee wëll, mee dësen traditionelle Rendez-vous virun de Feierdeeg zu Joresenn, ass ëmmer nees et richteg flotte Moment fir Grouss a Kleng. Wiem et ze beschwéierlech war den ëffentlechen Transport ze notzen, huet gutt Schong gebraucht.

Ronderëm den Uert vun der Veranstaltung, war e Samschdeg scho kuerz no 9 Auer keng eenzeg (legal) Parkplaz méi ze fannen. An et sollt ee mengen, datt wann engem bewosst ass, datt all Joers eng 12.000 Leit Interessi un de Walfer Bicherdeeg hunn, ee schonn automatesch op Bus oder Zuch ëmklëmmt. Deem war och 2018 net esou, an entspriechend chaotesch war et mam Verkéier.

Ee räichhaltege Programm

Dat gesot, hale mir awer fest, datt d‘Walfer Bicherdeeg dat grousst Fest sinn, fir all Bicherwuerm, Auteur, Verleeër a Lieser. A véier risegen Halen si souwuel ganz nei Geschichte vun den Editeuren an Auteuren, wéi och Second-Hand Bicher fir ëm déi 1 bis 2 € ugebuede ginn. Et ass och den Uert wou ee villen Associatiounen an Institutioune begéine kann. An hei gouf engem dann och Sëlleches Gebueden: Liesunge fir d‘Krapperten an déi wou sech erwuesse fillen, d’Konschtausstellung „Landscapes“ an d’Portraite vu Lëtzebuerger Auteure vun de Schüler vum LTAM, Diskussiounen an natierlech dat wichtegst, d‘Dictée…

Walfer Bicherdeeg

Et ass ëmmer erëm spannend an opreegend no passende Buch ze sichen an eng nei Geschicht mat Heem ze huelen.
© Shari Pleimelding/moien.lu

Den Zousproch war esou grouss, do huet ee schonn eppes Gedold misse matbréngen, wéi een et un der längt vun de Waardeschlaange virun den ënnerschiddleche Säll konnt gesinn. Mat iwwer 50 Auteuren, déi hir lescht Wierker virstellen an deels virliese komm sinn, an de ville Verlagshaiser (op Grouss oder Kleng) déi gewisen hunn wat si fir d‘Lieser parat halen, e literareschen Highlight.

Dëse kulturelle Programm gouf natierlech och vu musikaleschen Highlights begleet. Ëmmer erëm huet een déi véier Museker vu Saxitude um Site spillen héieren, déi ee musikalescht Repertoire un Jazz, Pop, Funk a Rock Grooves ze bidden hunn. Donieft huet de Beat vum Captain Stambolov, den DJ Set vum Gudde Wëllen a roueg Kläng vum Claudine Muno de Publique faszinéiert. Wien selwer Hand uleeë wollt hat hei d’Chance um „Urban Piano“ säin eegene klenge Concert ze organiséieren.

Buchpräis

Traditioun verflicht, esou sinn och dëst Joer, am Kader vun de Walfer Bicherdeeg, d‘Laureate vum Lëtzebuerger Buchpräis annoncéiert ginn. An der Kategorie „Literatur“ geet de Präis un den Nico Helminger fir: Kuerz Chronik vum Menn Malkovitsch sengen Deeg an der Loge (Ed. Binsfeld).

An der Kategorie „Jugend-Literatur“ sinn et d‘Auteure Keong A-Song an Thomas Schoos, déi fir „Woow !!! Lëtzebuerg“ (Ed. Binsfeld) ausgezeechent goufen. D‘Kategorie „Thematescht Buch“ geet un d‘Auteure Luciano Pagliarini a Laura Caregari, fir „Eugène Mousset – Le Maître d‘Esch“ (Ed. Schortgen).

De „Publikumspräis“ an un de Mike McQuaide, fir „An American in Luxembourg“ (Ed. Saint-Paul) gaangen, an de „Coup de Coeur vun der Jury“ huet d‘Nathalie Ronvaux mat sengem Wierk: „Subdrider – En Aller Simple“ (Hydre Editions) erhalen.

Walfer Bicherdeeg

Weist hei är nei Wierker! D’Editeuren hunn hir neitste literaresch Kreatiounen presentéiert. Déi Bescht goufen natierlech och ausgezeechent.
© Shari Pleimelding/moien.lu

Actioun Lëtzebuergesch – eis Sprooch

Natierlech dierf bei esou engem Evenement eis Lëtzebuerger Sprooch net feelen. D’Actioun Lëtzebuerg setzt sech schonn een halleft Joerhonnert fir d’Erhalung vun eiser Sprooch an. Et waren och si, déi Lëtzebuergesch Nimm vir d’Arrêten vum neien Tram gefuerdert an duerchgesat hunn, ee wichtegen an noutwännege Schrëtt fir eist klengt Land.

Um Stand sinn ënnert anerem Bicher mat Lëtzebuerger Lidder presentéiert ginn, ee wichtegen Deel vun eiser Kultur an Traditioun. Kennt Dir beispillsweis nieft eiser Heemecht nach „De Feierwon“ „Kättche, Kättchen, breng mir nach ee Pättchen“? Eis Lëtzebuerger Lidder dierfen net verluer goen. Des Meenung vertrëtt den Jean Kandel voll a ganz an huet dofir vill Zäit a Méi investéiert Lidderpartituren ze archivéieren an elo och an engem Heft zesummen ze faassen.

Op een neits nächst Joer!

Egal op nei oder al Bicher, mat oder ouni Biller, op däitsch, franséisch oder lëtzebuergesch, et ass bal net ze gleewen, wéi vill Bicher dëse Weekend en (neit) Doheem fonnt hunn. Doriwwer sollt ee sech freeën dierfen, et bedeit datt d‘Buch, a senger physescher Form nach net ausgedéngt huet. Elo ass et nees eriwwer, mee et dierft 2019, mat der 25. Editioun och nees richteg flott ginn.

Ähnlech Sujeten Actioun Lëtzebuergesch, Buchpräis, Claudine Muno, De Gudde Wëllen, Edition Saint-Paul, Editions Guy Binsfeld, Editions Schortgen, RTL Dictée, Saxitude, Walfer, Walfer Bicherdeeg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel