Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E leschte Kaffisdësch virun der grousser Vakanz
Kultur Neiegkeeten

https://moien.lu/what-is-exclusively-not-dating/

Beim leschte Kaffisdësch virun der grousser Vakanz huet sech de

who is pasha dating
Kultur Neiegkeeten

D‘Gesondheetskeess leet säi Joresbericht vir

De 24. Juli huet de Verwaltungsrot vun der Gesondheetskeess (CNS)

money
+5% Netto Profit no Steieren: D‘BIL bitt vill!
Kultur Neiegkeeten

+5% Netto Profit no Steieren: D‘BIL bitt vill!

Net Eleng d‘Cargolux ka sech mat gudden Zuele Bretzen, nee

D’Walfer Bicherdeeg 2019: „D’Welt war stomm, bis ech geschriwwen hunn“

D’Walfer Bicherdeeg 2019: „D’Welt war stomm, bis ech geschriwwen hunn“
Editions Schortgen © Shari Pleimelding/moien.lu
D’Walfer Bicherdeeg 2019: „D’Welt war stomm, bis ech geschriwwen hunn“
Editions Rol Schleich © Shari Pleimelding/moien.lu
D’Walfer Bicherdeeg 2019: „D’Welt war stomm, bis ech geschriwwen hunn“
© Shari Pleimelding/moien.lu
D’Walfer Bicherdeeg 2019: „D’Welt war stomm, bis ech geschriwwen hunn“
Achter Verlag © Shari Pleimelding/moien.lu
D’Walfer Bicherdeeg 2019: „D’Welt war stomm, bis ech geschriwwen hunn“
Editions Guy Binsfeld © Shari Pleimelding/moien.lu
D’Walfer Bicherdeeg 2019: „D’Welt war stomm, bis ech geschriwwen hunn“
© Shari Pleimelding/moien.lu
D’Walfer Bicherdeeg 2019: „D’Welt war stomm, bis ech geschriwwen hunn“
RROYZZ Editions © Shari Pleimelding/moien.lu
D’Walfer Bicherdeeg 2019: „D’Welt war stomm, bis ech geschriwwen hunn“
© Shari Pleimelding/moien.lu
D’Walfer Bicherdeeg 2019: „D’Welt war stomm, bis ech geschriwwen hunn“
D'Actiouns Lëtzebuergesch Asbl © Shari Pleimelding/moien.lu
D’Walfer Bicherdeeg 2019: „D’Welt war stomm, bis ech geschriwwen hunn“
Op der Lay © Shari Pleimelding/moien.lu
D’Walfer Bicherdeeg 2019: „D’Welt war stomm, bis ech geschriwwen hunn“
Am CAW © Shari Pleimelding/moien.lu
D’Walfer Bicherdeeg 2019: „D’Welt war stomm, bis ech geschriwwen hunn“
D'Christine Mandy an de René Kollwelter am CAW © Shari Pleimelding/moien.lu
D’Walfer Bicherdeeg 2019: „D’Welt war stomm, bis ech geschriwwen hunn“
Am CAW © Shari Pleimelding/moien.lu
D’Walfer Bicherdeeg 2019: „D’Welt war stomm, bis ech geschriwwen hunn“
© Shari Pleimelding/moien.lu
D’Walfer Bicherdeeg 2019: „D’Welt war stomm, bis ech geschriwwen hunn“
© Shari Pleimelding/moien.lu

Wat ee kulturellen a literaresche Weekend! Mat Freed um Buch, Léift zur Literatur a Passioun zum Liesen hunn d’Walfer Bicherdeeg 2019 Grouss a Kleng ugezunn, fir esou gemeinsam ee véierels Joerhonnert vun dësem fest etabléierten Erliefnis ronderëm dat Geschriwwent ze zelebréieren.

Am Grapp hu si hir neist Eroberunge gehalen, déi elo an nächster Zäit duerchgelies ginn, um Gesiicht hu si een déckt Laache gedroen. Scho vu wäitem koumen engem masseweis liesbegeeschtert Persounen entgéint, déi duerch de Bicheroccasiounsmaart verschiddene Wierker een neit Doheem bidde wollten, anerer hunn un de spannende Virliesungen a Workshops deelgeholl, an erëm anerer wollten emol kucke, wat d’Editeuren ze proposéieren hunn.

Nom erfollegräichen Optakt um Samschdeg, a Presenz vun der Kulturministesch Sam Tanson, dem Walfer Buergermeeschter François Sauber an dem CNL Direkter Claude D. Conter stoungen d’Dieren der Ëffentlechkeet op, fir un der riseger Offer vum Programm deelzehuelen. Nodeems am viraus de Lëtzebuerger Buchpräis u fënnef Wierker a verschiddene Kategorie gaangen ass, konnt een dës freedeg Auszeechnung, sou wéi de stolze 25. Gebuertsdag vun de Walfer Bicherdeeg Samschdes Owes op der Buchparty feieren.

Am Ganzen haten iwwert de Weekend verdeelt dräi riseg Hale fir Kleng a Grouss eng immens Diversitéit am Beräich Literatur ze bidden. Ob Kucken, Kafen oder Kenneléieren, selwer aktiv ginn oder och virliese loossen, et konnt een einfach net enttäuscht ginn. Esou waren ënnert anerem Actioun Lëtzebuergesch Asbl, d’Fotothéik, Editions Guy Binsfeld, den Ernster oder och de Musée de la Résistance op der Plaz.

Dobäi koum d’Ausstellung vun de Schüler aus dem Lycée des Arts et Métiers am Chapiteau, de Beräich „Books for Kids“, déi bekannt Dictée um Sonndeg Moien an opschlossräich Liesungen am CAW.

Walfer Bicherdeeg 2019

D’Christine Mandy an de René Kollwelter am CAW © Shari Pleimelding/moien.lu

Ee Rendez-vous mat sech selwer

Um Sonndeg Mëtteg ass et zum Zesummentreffe mat der Ëffentlechkeet an dem Auteur René Kollwelter komm. Déi kulturell an artistesch Raimlechkeete vum CAW hunn nämlech nieft der kreativer Upassung zum Thema Buch a Literatur Plaz fir d’Kenneléiere gelooss. Esou huet de Lëtzebuerger Auteur iwwert d’Schreiwen a säin neiste Wierk gezielt.

Wéi hien erkläert huet, fir d’Schreiwen eng Aart Therapie, bei där een dat Erlieften an déi domat verbonne Gefiller nach emol reflektéiert an op Pabeier bréngt. Sou gesi kéint een et souguer als Rendez-vous mat sech selwer beschreiwen. De René Kollwelter huet dobäi op verschidden Zitater verwisen, bei deene Journalisten an aner Auteuren drop higewisen hunn, datt hir Welt stomm war, bis datt si geschriwwen hunn. Kee Wonner also, datt mir all dozou opgeruff goufen, eist Bannescht schrëftlech festzehalen, och wann dat Geschriwwent just fir eis selwer bestëmmt ass.

Als Ofschloss vun der Presentatioun huet hien aus sengem neiste Wierk „Voyages au bout des jours“ gelies. Dat franséischt Buch, wat am Abrëll 2019 bei Editions Schortgen eraus komm ass, kann ee mat sengen 322 Säite weder als Autobiographie, nach als Memoire beschreiwen. Et ass vill méi eng Aart Autofictioun a beschreift Anekdoten a Liewensausschnëtter vum Nicolas, deen Auteur, Erzieler an Haaptpersonnage zur selwechter Zäit ass. Esou gëtt déi ganz Panoplie vum Erlieften ouni chronologesch Uerdnung mat gewëssem Humor illustréiert: Enttäuschung a Léift, d’Chamber, d’Kierch an d’Universitéit, d’Rees a Brasilien oder och de Mee 68. Historesch Fragmenter treffen op Individualitéit, Subjektivitéit an d’Intensitéit vum Liewen.

No de Walfer Bicherdeeg ass virun de Walfer Bicherdeeg! An esou lafen d’Virbereedunge fir déi nächst Editioun schonn op Héichtouren. Bei eppes kann ee sech awer elo scho sécher sinn: D’Gemeng an d’Organisateure wäerten alles dru setzen, fir nees een onvergiesslecht Evenement ze bidden.

Ähnlech Sujeten 25. Gebuertsdag, Actioun Lëtzebuergesch, Books for Kids, Buch, Claude D. Conter, CNL, Editions Guy Binsfeld, Ernster, Fotothéik, François Sauber, Kultur, Liesen, Literatur, Sam Tanson, Walfer Bicherdeeg 2019
Nächsten Artikel Virrechten Artikel