Search

You may also like

Haut ass de richtegen Dag fir de Chrëschtdagsbéier
Neiegkeeten

Haut ass de richtegen Dag fir de Chrëschtdagsbéier

Et ass Reveillon soen se, an dat heescht et gëtt

Berlin huet net d‘Absicht Zaldoten a Syrien ze stationéieren
Neiegkeeten

Berlin huet net d‘Absicht Zaldoten a Syrien ze stationéieren

E Sonndeg huet den US-Sonnerbeoptraagte fir Syrien, James Jeffrey, Däitschland

Giel Gileten: Fënneften Dag vun der Mobiliséierung
Neiegkeeten

Giel Gileten: Fënneften Dag vun der Mobiliséierung

Un haidege Mëttwoch, geet d‘Kontestatioun géint ze héich Spritpräisser an

Walfer: Mam Handy hannert dem Steier

Bannent 90 Minutten 33 Infraktiounen, dovunner 27 wéinst dem Benotze vum Smartphone

Walfer: Mam Handy hannert dem Steier

Wéi d‘Police de Moie matgedeelt huet, gouf e Mëttwoch op der Haaptstrooss zu Walfer tëscht 15.30 a 17 Auer de Verkéier kontrolléiert. An dëser Zäit hunn d‘Beamten net manner wéi 33 Verstéiss géint de Code de la Route misse feststellen. Dat ass all dräi Minutten een…

Erschreckend hei d‘Feststellung, datt bei 27 Verstéiss, ëmmer den Handy d‘Ursaach war. 145 Euro an 2 Punkten, esou dat séiert Urteel. Datt haut bal all Radio an engem rezenten Auto mat Bluetooth ausstafféiert ass, zudeem e Kit „Fräi Hänn“ längst net méi der Däiwel eppes kascht, an eigentlech all Mënsch iwwert d‘Gefore vun der Benotzung vum Handy hannert dem Steier Bescheed weess, kann een da scho verwonneren.

Mee et schéngt mam Handy wéi mam Covid19… et feelt u Verstand a Vernonft. Zur Erënnerung, bei 50 Km/h brauch een ronn 15 Meter bei enger Vollbremsung fir un d‘Stoen ze kommen. Wien nëmmen zwou-dräi Sekonnen ofgelenkt ass, fiert 42 Meter „Blann“ duerch d‘Géigend. An et ass jo wierklech net wéi wann een d‘Absicht engem aneren ze schueden. Stellt sech folgerichteg d‘Fro, firwat d‘Leit et net si loossen?

Jo an dëser Welt ass „Multitasking“ sécher eng vun de ville falsche Fuerderungen deenen ee sech erginn huet. Dat sollt dann awer net derzou féieren, datt ee sech och nach do wou Sécherheet de Virrang huet, sollt vun den neien Technologien „ofhängeg“ maachen. Dofir riicht d‘Police dann och nach emol en Appell un all d‘Leit, dat wann ech gelift ze ënnerloossen. Si an d‘Pompjeeë sinn et, déi all gudden Dag gesi wéi esou eppes endegt.

Illustratioun: An nee et sinn net „ëmmer déi aner“ wéi d‘Verkéierskontroll zu Walfer androcksvoll bewisen huet. © Anton Jansson / unsplash

Related topics Handy, Police, Policekontroll, Verkéierskontroll, Walfer
Next post Previous post