Search

You may also like

De Café Shabandar: de Mekka fir déi irakesch Intellektuell zanter engem Joerhonnert
Neiegkeeten

De Café Shabandar: de Mekka fir déi irakesch Intellektuell zanter engem Joerhonnert

Am Häerze vun der Allee vun de Stroossenhändler zu Bagdad,

De Feind am eegenen Haus
Neiegkeeten

De Feind am eegenen Haus

Zu Paräis war et Mëttwoch an der Mëttegstonn zu enger

Black Timeless – En artistesche Weekend op der internationaler Tattoo Convention
Neiegkeeten

Black Timeless – En artistesche Weekend op der internationaler Tattoo Convention

Leschte Weekend gouf nees zougestach – ok, esou schlëmm wéi

Vu Völklingen bis op Bréissel… fir hir an eis Zukunft

Mam Walk of Steel wëllen d‘Vertrauensleit vun der Saarstahl AG d‘EU-Kommissioun op d‘Konsequenze vu verpasste Chancen a falschen Entscheedungen hiweisen

Et war trotzt dem Wëssen, datt et sech beim „Walk of Steel“ ëm ee ganz eeschte Sujet handelt, vill gutt Laun ze spieren, wéi ee gëschter am fréien Nomëtteg d‘Diere vum „Café Streik“, um Sëtzt vum OGBL zu Esch Uelzecht opgedréckt huet. D‘Gewerkschaftler vun dës- an déisäits der Musel hu sech vereent, fir op d‘Gefore vun enger falscher Handels- a Wirtschaftspolitik hinzeweisen.

D‘OGBL-Presidentin Nora Back, war ganz erfreet iwwert déi gutt Laun déi vun däitsche Komerode verspreet gouf, an huet hinnen d‘Ënnerstëtzung vun der Gewerkschaft nach emol assuréiert. Fir de Stephan Ahr vun der „Interessegemeinschaft Metall“ (IGM) ass et eng fantastesch Aventure. Hien huet aleedend betount, datt si sech net erwaart haten, esou de Fanger an d‘Wonn geluecht ze hunn.

Walk

© Martine de Lagardère/moien.lu

Iwwerall wou si bis ewell getrëppelt a sech opgehalen hunn, goufen si beschtens empfaangen an datt hir Aktioun zudeem och vum Ministerpresident an der Wirtschaftsministesch vum Saarland matgedroe gëtt, léisst jo och de Stellewäert vun dëser – sécherlech méi symbolescher – Aktioun ob de gewënschten Niveau hiewen. An et ass hei ganz wichteg, de Sënn an Zweck richteg ze verstoen.

De Stephan Ahr huet nach emol betount, datt et beim Walk of Steel net eenzeg ëm den Erhalt vun der Siderurgie am Saarland oder zu Völklingen geet. Nee mat dësem Walk of Steel geet et ëm d‘Zukunft vun der Stolproduktioun an Europa insgesamt. Dofir mussen si elo dohinner wou déi sëtzen, déi d‘Entscheedungen treffen. An dat schéngt tatsächlech d‘EU-Kommissioun ze sinn…

Walk

© Martine de Lagardère/moien.lu

Fir de Patrick Freichel, Generalsekretär fir den Departement Siderurgie beim OGBL, sollten d‘Leit dobausse bedenken, datt wien elo de Stolaarbechter d‘Ënnerstëtzung verseet, weder dat mam Klima nach mam Handel begraff huet. CO²-neutral Stol ze produzéieren, esou wéi dat vu Bréissel jo och gewënscht ass, muss wirtschaftlech bleiwen a bedéngt datt een déi richteg Jalone setzt.

Europa huet duerchaus d‘Potential Stol am Aklang mam „new green deal“ hierzestellen, mee dat huet säi Präis, an deen ass net ze bezuelen, wa stänneg bëllege Stol, deen natierlech net no eisen Ëmweltoplagen hiergestallt ginn ass, an d‘Unioun eragelooss gëtt. Dat a villes méi wëllen dës engagéiert Marcheuren dem Vizepresident vun der EU-Kommissioun Frans Timmermans erklären.

Walk

© Martine de Lagardère/moien.lu

Haut geet et vum Belval iwwer Stengefort a Richtung Habay. Hoffentlech hu se nees eng méi frëndlech Meteo wéi gëschter… wou si sinn net aus Zocker an d‘Gefor datt si ënnerwee mat Raschten ufänke gëllt als ausgeschloss. A wann si och weiderhin iwwerall esou gutt opgeholl ginn, wéi dat gëschter beim OGBL de Fall war, sollt de Marsch villen nach laang an Erënnerung bleiwen.

Weise mir nach kuerz drop hinn, datt ausser dem Fotograf vum Tageblatt an de Kollege vum SR (Saarlännesche Rundfunk) d‘Medie wéineg Interessi un dëser Aktioun gewisen hunn. Déi ausserparlamentaresch Oppositioun, war dofir scho bal iwwerrepresentéiert, an ee bëssi enttäuscht hunn déi lénk. Si déi de Kampf beim Cactus ënnerstëtzen hu fir d‘Stol-Zukunft net esouvill iwwreg.

Foto: Also et war richteg eekelegt Wieder, mee de Kampf ëm d‘Zukunft vun der Stolindustrie an där hir Aarbechtsplazen ass wäitaus méi wichteg. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics IG-Metall, Marsch op Bréissel, OGBL, Saarstahl AG, Stol ass d'Zukunft, Völklingen, Walk Of Steel
Next post Previous post