Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fummelt mer net um Internet!
International Kultur what is a good online dating headline speed dating in columbia md

https://moien.lu/scamming-internet-dating-sites/

Nee, hei geet et net ëm Pornoen um Internet. Op

grind dating app
International Kultur what is a good online dating headline speed dating in columbia md

Pyongyang test Rakéiten ënnert der Opsiicht vum Kim

Um Donneschdegmueren, huet de südkoreaneschen Etat-Major militäresch Aktivitéiten aus dem

money
Zu Lëtzebuerg kascht déi duerchschnëttlech Aarbechtsstonn 37,60 Euro
International Kultur what is a good online dating headline speed dating in columbia md

Zu Lëtzebuerg kascht déi duerchschnëttlech Aarbechtsstonn 37,60 Euro

Zu Lëtzebuerg sinn d’Aarbechtskäschten héich: D’Groussherzogtum packt et op déi

Walking on Cars & Hollow Coves am Atelier

Walking on Cars & Hollow Coves am Atelier
Walking On Cars © Shari Pleimelding/moien.lu
Walking on Cars & Hollow Coves am Atelier
Walking On Cars © Shari Pleimelding/moien.lu
Walking on Cars & Hollow Coves am Atelier
Walking On Cars © Shari Pleimelding/moien.lu
Walking on Cars & Hollow Coves am Atelier
Walking On Cars © Shari Pleimelding/moien.lu
Walking on Cars & Hollow Coves am Atelier
Walking On Cars © Shari Pleimelding/moien.lu
Walking on Cars & Hollow Coves am Atelier
Walking On Cars © Shari Pleimelding/moien.lu
Walking on Cars & Hollow Coves am Atelier
Walking On Cars © Shari Pleimelding/moien.lu

Virun 3 Joer sinn déi fënnef Museker aus Irland mam Hit „Speeding Cars“ un d’Spëtzt vun den Charts geklommen. Mëttlerweil steet d’Band Walking On Cars op Bühne vun der ganzer Welt. Gëschter hu si, zesumme mat Hollow Coves aus Australien, hir musikalesch Kreatiounen op Lëtzebuerg bruecht!

Ufänke sollt een jo ëmmer fir, an dat ass am Fall vun engem Concert d’Zäit virum éischten Optrëtt. D’Evenement am Atelier war net ausverkaaft, an awer sollt et schrecklech waarm am Sall sinn, wat mir eigentlech just vum gliddegen Héichsummer kennen. Do hu sech d’Fans dozou decidéiert léiwer dobaussen eppes ze drénken oder just fir den Haaptakt bis op Hollerech ze kommen.

Pünktlech um 20:00 Auer stoungen déi zwee Australier vun Hollow Coves op der Bühn, déi hire Publikum mat der Musek op eng verdreemt Rees iwwer hir heemesch Küsten an Natur geholl hunn. Dobäi hu si mech perséinlech un d’Band Oh Wonder erënnert, déi, genau wéi dës zwee Jongen, duerch hiren Harmoniegesang ervirstiechen. Dobäi hunn d’Museker ëmmer nees hir Instrumenter gewiesselt, sou datt si op eng fantastesch Aart a Weis d’Batterie a Bass duerch Gittar, Keyboard a Mondharmonika ersetze konnten.

Spéitstens ab dem Moment, wou d’Indie Folk Band vun der australescher West-Küst mat hire puer Wierder Franséisch probéiert hunn, beim Publikum ee Plus-Punkt ze sammelen, haten si déi eigentlech Walking On Cars-Fans fir sech gestëmmt. An och wa si leider just eng hallef Stonn am Virprogramm hu spillen dierfen, esou huet een awer all Sekonn mat den iwweraus sympatheschen an douce Museker Ryan Henderson a Matt Carins genoss! Do kann ee just hoffen, datt si de wäite Wee Richtung Europa nach emol op sech huele wäerten.

Hollow Caves

Hollow Coves © Shari Pleimelding/moien.lu

De groussen Optrëtt vu Walking On Cars koum elo méi no, an esou hat och den Atelier sech mëttlerweil gutt gefëllt. A schliisslech huet och d’Klimaanlag de Gäscht e bësse frësch Loft gespent. Mat gudder Laun Säitens de Fans huet dunn pünktlech um 21:00 Auer de Concert ugefaangen, wéinst deem d’Leit an den Atelier komm sinn! Mat der déiwer krazeger an traureger Stëmm huet de Sänger Patrick Sheehy bei all Toun d’Fans un enger Aart Häerzschmerz matfille gelooss, woufir d’Band generell säit hirem Debut bekannt ass.

Zesumme mam Sorcha Durham als eenzege weibleche Member, an zwar voller Gefill um Keyboard, sou wéi dem Evan Hadnett op der Batterie, dem Paul Flannery um Bass an dem Dan Devane op der Gittar huet déi alternativ Rock-Grupp aus Irland d’Leit vu Lidd zu Lidd gefouert. Aus der Siicht vun engem grousse Fan hat een um Optrëtt vu Walking On Cars näischt auszesetzen an esou konnt een quasi all Wuert vun Lidder wéi Catch Me If You Can, Tick Tock, Coldest Water oder och Always Be With You matsangen. Dobäi ass eng immens melancholesch a leedvoll Stëmmung vun Toun zu Toun duerch de Concertssall verbreet ginn.

Ganz objektiv gekuckt muss ech allerdéngs zouginn, datt den Optrëtt net wierklech perséinlech eriwwer komm ass. D’Lidder sinn zwar genau esou professionell an iwwerzeegend eriwwer komm, wéi een Speeding Cars a Co vum Radio kennt, an awer sinn d’Songs einfach Stéck fir Stéck gespillt ginn, mat just seelen engem Wuert dotëscht, dat un d’Fans geriicht war. D’Band huet einfach säi Programm gespillt, wouduerch de Concert net schlecht, awer och net top war. A fir säin Entrées-Billet kann ee bestëmmt nieft der Musek e bëssi Gefill erwaarden.

Als Gaascht um Concert huet mir perséinlech d’Virband Hollow Coves besser gefall, woubäi ech mech bei Walking On Cars och gären an Zukunft vum Géigendeel iwwerzeege loossen. Schliisslech muss ee soen, datt och Museker emol ee schlechten Dag hunn, wat hei awer leider op d’Käschte vun de Fans geet.

Ähnlech Sujeten Concert, Den Atelier, Hollow Caves, Indie Rock, Rezensioun, Speeding Cars, Walking On Cars
Nächsten Artikel Virrechten Artikel