Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Lëtzebuerg am Big Apple – Op der Sicht no neien Opportunitéiten
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg am Big Apple – Op der Sicht no neien Opportunitéiten

Am Kader vum Deplacement op New York, wou den Ierfgroussherzog

money
Europa: Feindschaft statt Partenariat (Analys)
International Neiegkeeten

Europa: Feindschaft statt Partenariat (Analys)

Europa, esou déi traureg Bestätegung vun engem laange Verdacht, ass

Oh yes,we have no bananas!
International Neiegkeeten

Oh yes,we have no bananas!

Freides, 10. Januar 2020 | 20:00 ARTIKUSS – Zolwer E musikalesche

Wallounien: Wéi steet et mam Tracing?

Wallounien: Wéi steet et mam Tracing?

D‘Agente vun der wallounescher fir Liewensqualitéit „AViQ“ hunn et net einfach. Wéi et heescht géifen d‘Bierger beim analogen Tracing net seriéis kooperéieren. Dat zumindest huet en héije Mataarbechter vun der AViQ, esou gëschter am Interview bei de Kolleege vun der RTBF gemengt.

Eis belsch Noperen hunn sech jo wéi mir hei zu Lëtzebuerg, fir den analogen Tracing entscheet, mat deem den Autoritéite sollen déi Leit erëm, déi mat engem Covid19-Infektiounsfall a Beréierung komm sinn. 98% vun de Leit schéngen domadder kee Problem ze hunn, mee déi 2% wou partout net matschaffe wëllen, suerge fir Kappzerbrieches.

Laut dem Direkter vum IT-Service, Cédric Charron, wier dëse Refus op déi zimmlech intrusiv Demarche vum analogen Tracing zeréckzeféieren. Hei gëtt vun de Patienten erwaart, datt si den Agenten en déiwen Abléck an hiert Privatliewe ginn. Schliisslech muss d‘Agenten ee Maximum un Informatiounen zu deene Persoune sammelen, mat deenen de Patient a Kontakt gestanen ass.

Zudeem mussen d‘Leit soe mat wiem si zwee Deeg virun a bis zu siwen Deeg no den éischte Symptomer a Kontakt komm sinn. A wann, wéi et d‘Zuele weisen, déi meescht hei matmaachen, esou stellt de Cédric Charron fest, datt d‘Bierger sech awer net wuel fillen a Froen hunn. Froen déi opkommen, wëll et erhieflech un Informatioune feelt.

Opwenneg a net ëmmer verständlech

D‘Prozedur vum analogen Tracing ass komplizéiert, an de Bierger muss kënne verstoe wat do vir sech geet, wat hien dat soll bereetwëlleg iwwert sech ergoe loossen. Wann, esou de Cédric Charron, 98% vun de Leit participéieren, esou muss een hei feststellen, datt d‘Informatioune mangelhaft sinn.

Hien erkläert: „D‘Zil vum Tracing ass et net déi infizéiert Leit ze befroen, déi scho vun hirem Hausdokter geschützt ginn, an deen si beroden huet. D‘Objektiv ass, ee Maximum u Persounen erëmzefannen, déi mat hinnen a Kontakt waren, wier dës kënnen ze testen an ze schützen“. Et geet also kloer drëms ze wësse wien vun der Famill, Frënn an Aarbechtskollegen een am genannten Zäitraum Kontakt mam Patient hat.

Zum Enn vun der Phas II vum Confinement, huet d‘AViQ am Schnëtt 2,5 Kontakter pro positivem Patient notéiert. Eng Zuel déi niddreg schéngt, mee bezunn op den Uerder seng Distanzen zu aneren anzehalen, wier dat logesch. Och de Fait datt d‘Leit Disziplin bewisen hunn an d‘Gest Barrière agehalen hunn, impaktéiert den Tracing.

Bis ewell um gudde Wee

Elo mam Antrëtt an d‘Phas III kann sech dëse Parameter änneren, an natierlech hofft een, datt elo keng 10 Kontakter pro Patient gemellt musse ginn. A Wallounien spillt och déi geographesch Lag eng Roll. D‘Leit liewe méi isoléiert op den Dierfer, hu schonn ënnert „normalen“ Ëmstänn manner Kontakter mat Leit vu baussen.

Wann et allerdéngs zu grousse Versammlunge kënnt, esou wéi dat de Weekend iwwer de Fall war, wou och an der Belsch d‘Leit géint Policegewalt a Rassismus demonstréiert hunn, kann et den analogen Tracing séier iwwerfuerdert ginn. Och den analogen Tracing berout um Prinzip vun der Fräiwëllegkeet. Mee op esou Plazen ass de „Kontakt“ net zwéngend bekannt.

Wou d’Technik besser ass

Ass dann eng Tracing-App d‘Äntwert? Et wier net „déi“ Léisung, mee en zousätzleche Bausteen. Esoulaang wéi d‘Leit wësse mat wien se wou wéini Kontakt haten, ass den analoge System ganz effektiv – esouwäit d‘Leit éierlech sinn – mee bei Masseveranstaltunge wier eng App ze privilegiéieren. Mee dat bréngt nees aner Froe mat sech.

D‘Recht op Manifestatioun ass ee Biergerrecht. Wann eng App hei bestëmmt hëllefe kann d‘Kontakter ze retracéieren, esou géif et den Autoritéiten och erméigleche festzestelle wie vu sengem Manifestatiounsrecht gebrauch gemaach huet. Et ass deementspriechend komplizéiert.

Fir den Ament sinn a Wallounien ronn 500 Mataarbechter mam Tracing beschäftegt. Ugesiichts der gudder Entwécklung gëtt awer driwwer nogeduecht dësen Effektiv ze reduzéieren. Dat ka schonn a véierzéng Deeg ufänken, jee nodeem wéi gutt d‘Situatioun an der Phas III vum Deconfinement evoluéiert.

mat indymedia/nam

Illustratioun: Esoulaang wéi d‘Leit wësse mat wiem se Kontakt komm sinn a sech vu grousse Versammlungen ewech halen, ass den analogen Tracing zwar intrusiv, mee och effektiv. Kënnt et awer dozou, datt et analog net méi méiglech d‘Kontakter ze verfollegen, da wier eng Applikatioun déi besser Wiel. © Markus Winkler / unsplash

Ähnlech Sujeten AViQ, Contact-Tracing, Coronavirus, Covid19, Tracing-App, Wallounien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel