Search

You may also like

money
Handelskummer: fir d‘Kohesioun, géint déi sozial Fraktur
Neiegkeeten Sport

Handelskummer: fir d‘Kohesioun, géint déi sozial Fraktur

En Donneschdeg huet d‘Handelskummer hir Analys zur „Aarmut an dem

Endlech nees Bundesliga!
Neiegkeeten Sport

Endlech nees Bundesliga!

Déi géintiwwer der FIFA an/oder UEFA net manner vu mafiéis

Autofestival 2020: Wichteg Tipps a Warnunge vum Konsumenteschutz
Neiegkeeten Sport

Autofestival 2020: Wichteg Tipps a Warnunge vum Konsumenteschutz

T’ass nees Autofestival! A fir net d’Kaz am Sak ze

Wanderen am Éislek: Um Wee zur „Leading Hiking Region“

Wanderen am Éislek: Um Wee zur „Leading Hiking Region“

Schonn an de fréien 30er Joer huet d’Wandererliefnis am Éislek begeeschtert. Och haut nach erfëllt d’Natur de Mënsch, begeeschtert duerch fantastesch Landschaften a suergt fir Erhuelung. Aus dësem Grond schafft den ORT Éislek dorop hin, de Qualitéitslabel „Leading Hiking Region“ ze erhalen, wouduerch dës Regioun zu enger Top-Wanderregion an Europa ernannt kéint ginn.

Am Kader vum LEADER-Projet „Qualitéitswanderregioun Éislek“ sollen déi existent Wanderweeër iwwerschafft a méi attraktiv gestalt ginn. Fir eng éischt Léier vergëtt d’Europäesch Wandervereenegung nämlech säi Label fir exzellent Wanderregiounen, a genee dës Auszeechnung strieft d’Éislek un. Dobäi gëllt et awer verschidde Kritären ze erfëllen.

Natierlech sollen d’Routen gutt beschëldert an ënnerhale sinn. Mee och d’Gastronomie an Iwwernuechtungsbetriber sollen agebonne ginn, sou wéi Servicer zur Informatioun.

Wat ass geplangt?

Getrei dem Motto „Qualitéit amplaz Quantitéit“ goufe bestoend Wanderweeër an hirer Unzuel reduzéiert, fir dass ee sech richteg op d’Iwwerschaffung vun ausgewielte Routen konzentréiere kann. Dobäi kënnt déi nei Kategorie „Éislek Pied“, bei där 18 Qualitéitstouren duerch d’Regioun goe sollen.

Ënnert der Leedung vum ORT Éislek këmmeren sech de Syndicat d’Initiative, déi 24 Partner-Gemengen vum Projet, d’Naturparken Our an Öewersauer, de Forum pour l’Emploi an den CNDS ëm eng eenheetlech a gutt siichtbar Kennzeechnung vun de Weeër. Nodeems d’Planung ofgeschloss ass, sinn hir Ekippe schonn am gaangen déi ronn 2.000 Schëlter, sou wéi Informatiounstafelen um Start vum jeeweilegen Tour opzestellen.

Wanderen am Éislek

Ma, dës 1.887 km Wanderwee dierfen net nëmmen an enger éischter Phas schéin hiergeriicht ginn, mee musse reegelméisseg kontrolléiert an iwwerschafft ginn. An dësem Kader wäert op der Éislek App eng Feedback-Funktioun ageriicht ginn, sou dass de Wanderer direkt op Problemer opmierksam maache kann.

Pünktlech zum Start vun der Touristesaison soll dann och Reklamm iwwert d’Print- an Onlinemedien gemaach ginn. Et ass geplangt 10 topografesch Wanderkaarten, ee Booklet mat 33 ausgewielten Tourentipps an eng Broschür mat Wanderinspiratiounen an den Touristen-Informatiounen zur Verfügung ze stellen. D’Toure wäerten natierlech och online iwwert www.visit-eislek.lu an op der App ze fanne sinn.

Wanderen am Éislek

D’Highlights fir begeeschtert Wanderer

Elo schonn huet d’Éislek ausgezeechent Touren ze bidden. Dorënner fale beispillsweis den „Escapardenne Lee“ (52 km – an dräi Etappe méiglech) dee mam Label „Leading Quality Trail – Best of Europe“ ausgezeechent gouf. Onbedéngt gewandert sinn sollt een och de „Circuit du Lac“, bei deem et iwwer 37,6 km ee Mol ronderëm de Stauséi geet.

Um nationale Wanderwee „Sentier Adrien Ries“ gëtt op 48 km ee Mol ronderëm d’Nordstad getrëppelt.

Grad elo, wou Vakanzen am Ausland mat diversen Hindernisser verbonne sinn, sollt eng Entdeckungstour duerch d’Éislek e feste Bestanddeel vun der aktiver Vakanz sinn. Lëtzebuerg huet vill ze bidden. Fir dem Alldagsstress ze entkommen, physesch aktiv ze sinn, sech ze erhuelen an nei Landschaften ze gesinn, muss ee guer net wäit fueren!

Opmaacherbild: © Juliane Liebermann / Unsplash

Related topics Beschëlderung, Circuit du Lac, Éislek Pied, Escapardenne Lee, Label, Leading Hiking Region, ORT Éislek, Qualitéitswanderregioun, Sentier Adrien Ries, Sport, Tourismus, Wanderweeër
Next post Previous post