Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Editorial: Stell der vir et si Solden a kee geet hin
Kultur Meenung

Editorial: Stell der vir et si Solden a kee geet hin

Et steet ee kuerz virum Summer, e Fakt see sech

What the Fakt – Viru 27 Joer stierft de Freddie Mercury un AIDS
Kultur Meenung

What the Fakt – Viru 27 Joer stierft de Freddie Mercury un AIDS

Mëtt vun den 80er Joer erkrankt de Leadsänger vu Queen

GEWËNNSPILL 2019: Ee Stéck Lëtzebuerg mat MELLIS!
Kultur Meenung

GEWËNNSPILL 2019: Ee Stéck Lëtzebuerg mat MELLIS!

Passend fir déi waarm Joreszäit verlouse mir 3 x 1

Wann dat nach den hellege Willibrord erlieft hätt

Wann dat nach den hellege Willibrord erlieft hätt

O Zeter, o Mordicus… fir déi allsäits beléifte Sprangprëssessioun zu Éiere vum hellege Willibrord, déi ëmmer op Päischtdënschdeg stattfënnt, gëtt et ab 2019 net méi Schoulfräi. Domatter ass dat gréisst Iechternacher Fest um Enn! Elo kënnt kee méi, de Verloscht vum Fest mécht aus der Abteistad e Provënznascht…

Gutt ganz esou schlëmm wäert et wuel net kommen, och wann dat aus engem Communiqué vum „Willibrordus Bauveräin“, deen d’Sprangprëssessioun organiséiert, esou erauszeliesen ass. Si haten awer, well se net domatter un d‘Ëffentlechkeet wollte, fir unzefänke beim Ministère nogefrot op et sech heibäi net ëm e „Feeler“ géif handelen.

Nee, e Feeler ass et net an déi Erwuessen hate souwisou kee Fräi. Zudeem, dierfen déi Kanner, déi dann un der Sprangprëssessioun wëllen deelhuelen, dat och weiderhi maachen. D‘Eltere mussen elo allerdéngs eng „Excuse“ an der Schoul virleeën. Eng Excuse, déi wuel vu kengem a Fro dierft gestallt ginn.

Et bléift esou gesinn also alles beim alen. D‘Sprangprëssessioun an der Abteistad kann also och nach déi nächst Joerhonnerte stattfannen. Déi 12.000 bis 14.000 Leit wou sech dem Evenement als Participant oder Spectateur uschléissen, dierften deemno och weiderhi fir gudden Ëmsaz zu Iechternach suergen.

Bleift d‘Fro am Raum stoen, firwat den Organisateur vun der Sprangprëssessioun sech hei esou opreegt. Ouni sech eppes Schlechtes derbäi wëllen ze denken, kéint een elo mengen, datt et e politesch motivéierten Awand wier. Och ass et natierlech gutt méiglech, datt e reliéis motivéierten Awand ass, deen de besuergte Virstand vum „Willibrordus Bauveräin“ op d‘Barrikade gedriwwen huet.

U sech ass et och egal, esouguer wa béides zoutreffe sollt. Se hunn sech eng Präiswäert Reklamm geleescht, an och ech hu mech virun de Won spane gelooss. D‘Marketingstrategie, wann e dann esou gemënzt war, ass erfollegräich ëmgesat ginn. Woumat erwise wier, datt och wann ee sech fir näischt Opreegt, et ni verkéiert ass et ze versichen.

Foto: David Edgar — Travail personnel, CC BY-SA 3.0, https://commons.wikimedia.org/w/index.php?curid=4173110

Ähnlech Sujeten Abtei, Iechternach, Lëtzebuerg, Sprangprëssessioun, Willibrord
Nächsten Artikel Virrechten Artikel