Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Parlamentarier verwerfen d’Reform vun den Autorerechter
Kultur Money Stories

Bréissel wollt sech eng „Copyright-Direktiv“ ginn, mee um Donneschdeg huet

Der Méisproochegkeet an dem Lëtzebuergeschen geet et gutt am Groussherzogtum
Kultur Money Stories

Der Méisproochegkeet an dem Lëtzebuergeschen geet et gutt am Groussherzogtum

Et ass kee Geheimnis, datt sech déi aktuell Regierung vill

What the Fakt: Virun 200 Joer gouf d’Grenz tëscht Kanada an den USA definéiert
Kultur Money Stories

What the Fakt: Virun 200 Joer gouf d’Grenz tëscht Kanada an den USA definéiert

Um 20. Oktober 1818 eenegen sech d’USA a Groussbritannien mam

money

Wann de Braumeeschter der alles richteg erkläert

An der Beierhaascht dem Braumeeschter iwwert d‘Schëller geluusst, a gekuckt wat et soss nach ze gesi gëtt. (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Et drénkt een et all gudden Dag a seele stellt ee sech d‘Fro wéi vill Aarbecht dohannert stécht. Gutt beim industriellen an a grousse Massen hiergestallte Béier wëll een och vläicht net méi wëssen. Mee wann s de wësse wëlls wou dee richteg gudde Béier hierkënnt, da muss de der ee kropen, dee Bescheed weess.

Dat hu mer gemaach, an der Däiwel, wann ee mir gesot hätt datt een dofir muss matten an der Nuecht opstoen… mee bon esou eng léif Aluedung, an dann ze wëssen dat ee jo nach dierf schmaachen. Also gutt, Fréibire soll een net hänke loossen, a fir en Escher ass Nidderkäerjeng jo och net grad aus der Welt.

D‘Béierhaascht: eng villsäiteg Entreprise

Op 240, Lëtzebuerger-Avenue zu Nidderkäerjeng ass se net ze iwwersinn. D‘Béierhaascht S.A. huet nieft senger Metzlerei, dem Hotel-Restaurant eng artisanal Brauerei. Empfaangen huet eis de Guy Majerus, deen hei ewell zanter 2002 dofir suergt, datt dat wat aus dem Kessel kënnt och e wierkleche Genoss ass.

Frësch gezaapt schmaacht och dem Braumeeschter Guy Majerus säi Béier am beschten (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Bei eisem Besuch also, huet de Guy en uewergäerege „Stout“ gebraut. E Béier esou däischter wéi meng Séil, mat Häerz a Gehir hiergestallt. Verréckt, datt de Béier fréier als „Wanter-Béier“ vermaart ginn ass, well e schmaacht d‘ganzt Joer duerch. Dat weess natierlech kee besser wéi de Braumeeschter, mee well de Client am Summer net wëll un de Wanter erënnert ginn…

Gutt, huet de Guy sech geduecht da brauch dat gellegt Gedrénks e neien Numm. Meeschterbéier war e gudde Versuch, huet sech am déiwe Süden awer net duerchgesat. Haut heescht en „Ambrée“ ass esou lecker, datt s de nach net emol méi dat eidelt Glas wëlls hir ginn. Keng spuer Batter, awer och net Zockerséiss, just wéi et muss sinn.

Gebraut gëtt, wat gedronk gëtt

Elo muss dann awer och gewosst sinn, dat de Guy nach véier weider Zorten op der Lee huet. Dorënner och eng „Blanche“ dat engem d‘Häerz opgeet. Eng besonnesch gutt Geschicht fir wann engem richteg waarm ass.

Gutt verpaakt a kill gehalen, esou schmaacht en engem och doheem. Op vrun der Tëlee, op der Terrass oder nieft dem Grill am Gaart. Mat engem „Weessbéier“ bass de net laang eleng (© Martine de Lagardère/moien.lu)

All Kéiers wou de Guy braut, gëtt et 1.500 Liter Béier (ausser béi speziellem Béier, wou et es just 1.000 Liter sinn). Iwwert d‘Joer kommen esou 500 Hektoliter zesummen. Dovunner ginn es der 40% op der Plaz gedronk, 60% ginn u Cliente – dorënner den Oberweis an der Stad, de PallCenter zu Uewerpallen an de Cora zu Féiz. Et bléift es awer genuch och fir Fester, wéi de Blues a Rock Beefort, oder soss Geleeënheeten.

Fir doheem, wann et mat engem Cageot net duer geet, kann ee sech och en 10 Liter Faass kropen. Fir eng Feier ënnert Kollegen oder och just mat der Famill déi ideal Mooss, an et ass e sécher datt kee verdiischtert.

Wéi et dozou komm ass

D‘Béierhaascht ass eng Familljenentreprise. Haut ënnert der Leedung vum Luc an dem Simone Meyer, eng gutt an éierlech Adresse, déi eisem Land gutt zu Gesiicht steet. Wéi et dozou koum, datt, nieft der Metzlerei och eng sougenannte „Micro-Brasserie“ op der Plaz entstanen ass, dat huet eis d‘Simone erkläert.

De Marco Meyer, Papp vum Simone (an dem Luc) huet als Jeeër gären seng Vakanz a Bulgarien verbruecht. Do gëtt et där Restaurante méi wou eng Brauerei mat agebaut ass. An esou koum et, datt de Mann sech geduecht huet, dat wier dach och emol eng gutt Saach, esou eppes zu Lëtzebuerg ze hunn.

Wonnerbar agencéiert Zëmmer fir de Fall dat ee Besuch kritt. Eng Adress déi sech och gutt fir Betriber eegent dee bei senge Gäscht oder Cliente en gudden Androck wëll hannerloossen. (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Wéi dunn och nach hannert dem Betrib en Terrain „fräi“ ginn ass, de Präis dofir ze bezuele war, huet et sech erginn, datt aus der Iddi eng Realitéit ginn ass. An eng déi sech weise kann. Bedenkt een datt op der Plaz hätte sollen Appartementer entstoen, esou ass een haut Frou, datt et anescht komm ass.

Den Hotel-Restaurant an deem et nieft dem beschte Béier (ok dat ass elo meng Meenung, mee iwwerzeegt ierch vläicht awer selwer) och e gudde Maufel z‘iesse gëtt, huet 30 Zëmmer, déi, de Fall gesat dir kritt Besuch an am Heizungskeller ass grad keng Plaz, ab 86 Euro/Nuecht ze loune sinn. De Kaffi moies (mat sengem Buffet) ass do scho mat dran.

Ähnlech Sujeten Bascharage, Beier, Beierhaascht, Lëtzebuerg, Nidderkäerjeng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel