Search

You may also like

Covid19-Poker a Groussbritannien
Neiegkeeten

Covid19-Poker a Groussbritannien

Op der Insel, wou sech zur Stonn eng Covid19-Variant austoobt,

D‘Schluecht ëm Tripolis
Neiegkeeten

D‘Schluecht ëm Tripolis

Zanter Ufank Abrëll steet déi vum „Westen“ agesate Regierung vu

Maach dech net verréckt, maach en Tour iwwert d‘Schueberfouer
Neiegkeeten

Maach dech net verréckt, maach en Tour iwwert d‘Schueberfouer

De Summer geet zu Enn, d‘Schoulrentrée steet vrun der Dier

Protest géint Big Brother-Gesetzesprojet

Protest géint Big Brother-Gesetzesprojet

Um hallwer zwou de Mëtteg hat den OGB-L, seng Militanten a Supporter opgeruff, un engem Manifestatiounspiquet virun der Chamber deelzehuelen. D’Uleies war ee wichtegt, wëll a kierzt an der Chamber iwwert de Gesetzprojet 7049 soll debattéiert an dann ofgestëmmt ginn. Ee Gesetz dat et de Patronen nach eppes méi einfach soll maachen de Salariée ze iwwerwaachen.

Am Virfeld vum Piquet haten sech déi Lénk, vertrueden duerch den David Wagner, mat der Gewerkschaft solidaresch erkläert. De Claude Adam (déi gréng) hate mer och gefrot ob hien, respektiv seng Partei – déi jo an der Zäit och där ganzer Iwwerwaachung iwwerdrësseg war – sech och mat den Aarbechter géi solidariséieren. Dat konnt den Deputéierten esou net bestätegen. Den Hubert Hollerich, Gewerkschaftler vun der éischter Stonn, huet dann de Verrot vun der Aarbechterklasse virgeworf. Och de Sven Clement, President vun der Piratepartei Lëtzebuerg, huet sech online zu Wuert gemellt:

Source: Screenshot/Twitter

E Fuerderungskatalog als Cadeau

Och op der Plaz, d’Gesondheetsministesch Lydia Mutsch an de Chamberspresident Mars di Bartolomeo (béid LSAP). Och vun hinne wollte mer wëssen op si vläicht do wiere fir sech solidaresch mat de Manifestanten ze weisen. D’Ministesch huet sech net geäussert, mee de Chamberspresident deelt eis mat, datt hien ageluede gi wier, fir ee „Cadeau“ iwwerreecht ze kréien. Heibäi huet sech ëm de Fuerderungskatalog vun der Gewerkschaft gehandelt, déi de Nico Clement dem Mars di Bartolomeo virun der Riet an de Grapp gedréckt huet.

De Chamberpresident Mars di Bartolomeo hellt d’Fuerderungen vum Nico Clement entgéint (Martine de Lagardère/moien.lu)

Et ass net méi wéi normal, de Fuerderungskatalog vum OGB-L unzehuelen an ech bedaueren aus zäitleche Grënn net kennen derbäi ze sinn“, sot de Chamberspresident, dee schonn am héijen Haus erwaart ginn ass fir d’Sëtzung opzemaachen. Hien huet och versprach „derfir ze suergen, datt all Deputéierten dës Fuerderungen ze liese kritt.

Op de Punkt bruecht

Bei de Fuerderunge vun der Gewerkschaft geet et ëm d’Erhale vun engem Gesetz, dat duerch net akzeptabel Argumenter soll opgeweecht ginn. Den Nico Clement erënnert dann nach emol drun, datt se schonns emol ugehéiert goufen an et ass och versprach ginn den OGB-L an dëser Fro nach emol zu enger Entrevue anzelueden. Dat ass och wuel néideg, well esou schnell gehäit den OGB-L d’Bengelen och net bei d’Tromm.

Bei all der generaliséierter Iwwerwaachung am Alldag – esou beispillsweis als Konsument, deem seng Gewunnechte bei all Schratt festgehale ginn, an de sozialen Netzwierker an esou weider – muss et op mannst bei der Aarbecht méiglech si Kontroll iwwert dat ganzt ze hunn. Eng Kontroll déi bis ewell vun der Dateschutzkommissioun (CNPD) méi oder manner Gutt geleescht ginn ass. Déi ass nämlech personell esou ënnerbesat, datt sech d’Gewerkschaft wonnert, datt déi iwwerhaapt nach eppes kontrolléieren.

Um Podium hat den OGB-L ee Büro mat enger Kamera installéiert (Martine de Lagardère/moien.lu)

Am Moment ass et also esou, datt wann ee Patron wëllt eng Kamera installéieren, dësen eng „autorisation préalable“ muss hunn, déi vum CNPD ausgestallt gëtt. Dës Kommissioun ass gläichzäiteg och gehalen ze kontrolléiere, wat déi Kamera genee iwwerwaacht. Mee et si jo net nëmmen d’Kameraen déi d’Aarbechter iwwerwaache. Haut sinn d’Mëttel esou gestreet an d’Moyenen esou vaste, datt ouni Kontroll dem Abus d’Dieren op gemaach ginn.

An genau do huet den OGB-L mam Gesetzprojet 7049 de Problem. Am neie Gesetz soll de CNPD quasi opgeléist ginn. Dat bréngt mat, datt d’Patronat nach just muss eng „Notifikatioun“ eragi fir, beispillsweis eng Kamera opzehänken. De Salariée huet dann och nach just d’Ae fir ze kräischen, wëll bis sengem Awand Rechnung gedroe gëtt ass et längst ze spéit. Säitens der Regierung awer gëtt argumentéiert, datt esou besser kéint kontrolléiert ginn.

Related topics Claude Adam, Gesetzprojet 7049, Iwwerwachung, Lëtzebuerg, OGB-L, Piratepartei
Next post Previous post