Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg geet am Amazon-Dossier an Appell
dating someone with war ptsd speed dating real housewives

feminist online dating

Ausser mam Brexit, huet ee sech zu Bréissel um EU-Sommet

online dating services in kenya
dating someone with war ptsd speed dating real housewives

D‘Stad Lëtzebuerg iwwer Ouschteren touristesch gutt besicht

De Luxembourg City Tourist Office (LCTO) huet mat vill Freed

Nees Rakéiten iwwer Korea
dating someone with war ptsd speed dating real housewives

Nees Rakéiten iwwer Korea

Virun enger Woch hat Südkorea schonn den Ofschoss vun zwou

dislike

Wann de Jughurt sauer schmaacht

E Kommentar

Wann de Jughurt sauer schmaacht

Et ass e Virbiewen vum Wahlkampf, wann sech zwee Ministeren sech an d’Hoer kréien. An et geet net ëm näischt: Net manner wéi d’Landesplanung steet am Mëttelpunkt. Nodeems de François Bausch (déi gréng) gesot huet, datt net jiddereen misst ugeholl ginn, huet elo och d’Carole Dieschbourg (déi gréng) an déi selwecht Kierb geschloen. Erausgepickt goufen zwou Fabricken, eng fir Jughurt an eng fir Stolwoll, déi an hiren An net an d’Konzept vum Land passt.

Dat ass äusserst treffend. Well d’Ëmweltbilanz vun esou Betriber, déi ass net ouni. An da muss een infrastrukturell Käschten arechnen, wann nach méi Aarbechter, Pendler an och Liwweranten an déi Géigende vum Land musse fueren an transportéiert ginn. Gäre schwätzt ee vun de villen Aarbechtsplazen, déi dat abréngt. An dat ass jo nëmme richteg, virun allem wann een en Aarbechtsminister huet, deen eng Vollbeschäftegung wëll gesinn. Dat ass him net iwwel ze huelen, et ass jo schliisslech säin Job. Mee awer muss een sech hei froen: Ass dat qualitative Wuesstem? Kënne sech déi Entreprisen net eventuell an der Groussregioun usidelen, anstatt bei eis nach méi Land ze verbauen an nach méi Infrastrukture fir sech an Usproch ze huelen?

Et herrscht eng richteg Pokémon-Mentalitéit („Gotta catch ’em all!“), datt jiddereen ëm all Präis muss ugeholl ginn. D’Ministesch huet duerchaus e Punkt, wann se d’Nohaltegkeet vun dëser Politik unzweiwelt. An d’Nohaltegkeet wäert, niewent dem Logement, deen Wahlkampfthema par excellence ginn. Dozou braucht een sech schonn nëmmen an den soziale Netzwierker ëm ze héieren.

Mee ass Enthalung do nach de richtege Wee? Sécherlech huet och den Etienne Schneider (LSAP) Recht, wann en drop pocht, datt traditionell Industrie och zu Lëtzebuerg eng Plaz hätt. Mee wéi eng dat an Zäite vun der Digitaliséierung ass, dat sief mol nach dohinner gestallt.

Kloer schéngt och fir jiddereen ze sinn, datt an der Landesplanung villes verpennt ginn ass a mir haut dowéinst diskutéieren. An et gëtt gäre vergiess, datt d’Regierung a Punkto Wuesstem zwar wuel Afloss kann huelen, mee enger Entreprise net riicht eraus virschreiwe kann, datt se sech net am Land néier ze loossen huet. Do läit dann och de Kär: Ënnert dem Stréch ass Ministesch Dieschbourg dofir zoustänneg, datt d’Ëmweltoplagen agehale ginn. A wann déi net streng genuch sinn, da muss méi Drock gemaach ginn, fir datt déi vum Legislateur deementspriechend ugepasst gëtt.

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Etienne Schneider, François Bausch, Jughurt, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel