Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Syrien: Ankara schéckt Panzer iwwer d‘Grenz fir Kurdemiliz auszeschalten
International Neiegkeeten

Syrien: Ankara schéckt Panzer iwwer d‘Grenz fir Kurdemiliz auszeschalten

Tierkesch Panzer an Infanterie sinn um Sonndeg an de Norde

Nationale Commemoratiounsdag: Proklamatioun vun der Regierung
International Neiegkeeten

Nationale Commemoratiounsdag: Proklamatioun vun der Regierung

Zanter 1946 gëtt all Joer den nationale Commemoratiounsdag gefeiert, fir

De Student erschéisst seng Elteren um Campus vun der Uni
International Neiegkeeten

De Student erschéisst seng Elteren um Campus vun der Uni

Um Freidegmueren huet e 19 järege Student seng Elteren um

Däitschland: Wann de Loyer net méi ze bezuelen ass, ginn d‘Leit op d‘Strooss

Däitschland: Wann de Loyer net méi ze bezuelen ass, ginn d‘Leit op d‘Strooss

Zu Berlin waren um Samschdeg d‘Mënschen op d‘Strooss gaangen, fir géint de Wahnsinn vun de Loyeren an de den däitsche Groussstied ze manifestéieren. Laut der Police wieren se zu 10.000 gewiescht, d‘Organisateuren hunn der 25.000 gezielt.

Mécht een Abstraktioun vun den Zuelen, esou ass et dann awer déi bis ewell gréisste Maniff géint d‘Präisexplosioun um Wunnengsmaart, vun deenen all d‘Groussstied an Däitschland betraff sinn. Eng Tendenz déi sech an Tëschenzäit zur Gefor fir déi sozial Kohäsioun entwéckelt.

D‘Manifestante waren dem Opruff vun iwwer 250 Associatioune fir „de Widderstand géint d‘Ausgrenzung an de Loyer-Wahnsinn“ nokomm, fir zu Berlin duerch d‘Quartiere Schöneberg a Kreuzberg ze marschéieren.

Op grousse Plakater konnt ee liesen: „D‘Locataire si keng Zitrounen“. An am Chouer ass gefuerdert ginn: „Wann d‘Loyeren an d‘Luucht ginn, ruffe mir op ze expropriéieren“. D‘Organisatiounen an d‘Manifestante fuerderen eng besser Reguléierung vum Wunnengsmaart.

D‘Politik hält sech eraus a privilegiéiert d‘Spekulatioun

Beklot gëtt virun allem, datt d‘Politik d‘Spekulatioun privilegiéiert an de Bau vu bezuelbarem Wunnraum behënnert. „D‘Recht op eng Wunneng, datt ass eppes datt ëmmer méi Leit verwiert gëtt“ iergert sech d‘Claudia Rische, déi an engem Communiqué zitéiert gouf.

Laang als präiswäert gelueft, ass Berlin an de leschte Joren an Däitschland zum Symbol fir d‘Deierecht an d‘Präisexplosioun vun de Loyere ginn. Laut enger Etüd, déi d‘lescht Woch vun der Fondatioun Hans-Böckler verëffentlecht gouf, feelen an Däitschland 1,9 Millioune Wunnengen.

Esou gesäit et och déi britesch Berodungsfirma Knight Fox. Hir Studie verdäitlecht, datt et Berlin ass, wou d‘Präisser am Immobiliësecteur sech vun der wirtschaftlecher Realitéit vun de Locataire lassgeléist hunn. Tëscht 2016 an 2017, hunn d‘Loyeren eng Hausse vun 20,5% verzeechent.

An och wann ëmmer nees drop higewise gëtt, datt déi däitsch Haaptstad nach méi „bëlleg“ ass wéi London oder Paräis, esou ass et fir betraffe Mënsche keen Trouscht. Vun 2004 bis 2017 sinn d‘Präisser fir eng Wunneng ëm 120% geklommen.

mat AFP

Foto: Zu Berlin sinn d‘Leit op d‘Strooss gaange fir sech géint déi ongebremsten Hausse vun de Loyeren ze wieren. E Bild dat een sou och zu Lëtzebuerg vum Wunnengsmaart zeechne kann. © Carsten Koall/dpa/AFP

Ähnlech Sujeten Däitschland, Loyer, Wunnengsmaart, Wunnengsnout
Nächsten Artikel Virrechten Artikel