Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Äis ass eng ganz wichteg Ressource vun de Jakuten
Neiegkeeten

D‘Äis ass eng ganz wichteg Ressource vun de Jakuten

Den Innokenty Tobonov rammt seng Harpun an e laangen Äisblock,

dislike
Egypten veruerteelt 14 Männer wéinst anormale sexuelle Relatiounen
Neiegkeeten

Egypten veruerteelt 14 Männer wéinst anormale sexuelle Relatiounen

E Sonndeg huet e Geriicht vu Kairo 14 Männer, déi

„All Mënsch hei huet et gären a weess wéi et preparéiert gëtt“: D’Musahar iessen zur Nout Raten – a ginn dofir ausgeschloss
Neiegkeeten

„All Mënsch hei huet et gären a weess wéi et preparéiert gëtt“: D’Musahar iessen zur Nout Raten – a ginn dofir ausgeschloss

D‘Rat kraucht iwwer den Aarm vum Phekan Manjhi, dee versicht

Wann den Etienne zur Zilscheif vun der CSV gëtt

Wann den Etienne zur Zilscheif vun der CSV gëtt

Se si veriergert, jo scho richteg rosen: déi CSV-Deputéiert, Laurent Mosar, Claude Wiseler an Diane Adehm, hunn e Mëttwoch all hinnen zur Verfügung stoend Register gezunn, fir dem Etienne Schneider zolidd den Dicks ze béien. An dat just zum deem Ament, wou dësen sech nees wollt op Zesummestellung vun der zukünfteger Regierung konzentréieren.

De Virworf vum CSV-Trio? De Vizepremier wier sech senger Saach net sécher, an wéilt sech aus dësem Grond zu Bréissel verstoppen. Si verlaangen dann och elo vum Etienne Schneider, dat hien sech um Krautmaart de Deputéierte stellt, an op all hir Froen eng Äntwert huet. Dat ganz am Numm vun der Transparenz an dem parlamentaresche Kontrollrecht vum legislativen iwwert d‘Exekutiv.

Am Virgrond stinn d‘Dossieren: „Planetary Ressources“ an „Fage“. Wat déi éischt Entreprise betrëfft, esou huet de Laurent Mosar, an der Aart a Weis, wéi hei mat engem Deputéierten, wann net esouguer der ganzer Chamber, ëmgespronge gëtt, eng „Première“ erlieft. Hie werft dem Etienne Schneider vir, net Prezis op déi him gestallte parlamentaresch Froe geäntwert ze hunn.

Alles legal?

Mee do gëtt et béis Stëmmen, déi d‘CSV der Lige strofe wëllen. Esou hätt d‘Vollekspartei et net verquësst, an d‘Geheimnisser vun dësen Dossieren agefouert ginn ze sinn. Dat ass dann awer eppes ze einfach an ze séier raisonnéiert: d‘CSV stellt sech (déi berechtegt) Fro, op d‘SNCI am Dossier „Planetary Ressources“ a vollem Ëmfang „legal gehandelt“ huet.

Zudeem ass ee bei der CSV doriwwer veriergert, datt de Wirtschaftsminister schonn am August op déi schwiereg finanziell Lag vun der US-Entreprise higewisen huet, an dat hie keng Méiglechkeet hätt, déi et géif erlaben, déi investéiert Zommen (12 Milliounen Euro) ze recuperéieren. De Laurent Mosar behaapt dann och ganz frech, datt sech d‘Regierung uschäisse gelooss huet.

Wat Fage betrëfft, dësen ominéise Jughurtsfabrikant deen sech zu Beetebuerg wëll néierloossen, esou soll de Konzern en Terrain zougestane kritt hunn, ouni datt sech u geltend Recht gehale gi wier. An dësem Dossier war et net nëmmen de Laurent Mosar deen dem Etienne Schneider Froe gestallt huet (och d‘Josée Lorsché vun déi gréng). Och dorops huet et gëschter eng Äntwert ginn.

Gouf gemauschelt?

Elo ass da gewosst, datt Fage en Terrain vum Staat erhalen huet, an dat zum Präis vun 2 Milliounen Euro pro Hektar. Knackpunkt: de Verkaf ass ofgeschloss ginn, ouni datt den zoustännege Minister dofir d‘Erlaabnes gehat hätt, an ouni datt et am Virfeld zu enger Expertise komm wier. Wieder Froe sinn: Firwat huet een hei d‘Flächerecht ëmgaangen? Wien huet de Präis festgeluecht?

Bei esouvill Froen a Virwërf, kann ee Versteesdemech dofir hunn, datt d‘CSV elo gären den Avis vum Rechnungshaff hätt. Si wëllen datt zu dëser Transaktioun alles op den Dësch geluecht gëtt, well d‘Bierger hätten e Recht drop gewuer ze ginn, wat hei alles „gedriwwen“ ginn ass. Wéi a virun allem wéini de Wirtschaftsminister elo reagéiert, muss een ofwaarden.

Eng Prezisioun zum Vizepremier a Wirtschaftsminister muss der Vollstännegkeet halber nogedroe ginn. Um Mëttwochmueren huet hien dementéiert d‘Regierung verloossen ze wëllen, an dofir e Mandat als EU-Kommissär unzehuelen. Dofir ass et den Aarbechtsminister a Parteikolleg, Nicolas Schmit, deen sech oppen derzou bekannt huet, den Job als EU-Kommissär ze beusprochen.

Ähnlech Sujeten Chamber, CSV, CSV-Fraktioun, Etienne Schneider, Krautmaart, Laurent Mosar
Nächsten Artikel Virrechten Artikel