Search

You may also like

D‘Wäilies 2020 ass ugelaf
Fail International Neiegkeeten

D‘Wäilies 2020 ass ugelaf

En Dënschdeg waren de Premierminister Xavier Bettel an de Landwirtschaftsminister

Cannabis: Franséisch Assemblée stëmmt d‘Schafung vun enger „Forfait-Amende“
Fail International Neiegkeeten

Cannabis: Franséisch Assemblée stëmmt d‘Schafung vun enger „Forfait-Amende“

E Freideg an der Nuecht, huet déi franséisch national Assemblée

Vu Strategie an Ambitiounen
Fail International Neiegkeeten

Vu Strategie an Ambitiounen

Eng Internetverbindung gëtt et mëttlerweil a bal alle Gare an

dislike

US-Politik: Wann der zwee unenee geroden

US-Politik: Wann der zwee unenee geroden

Washington kënnt net zur Rou. Nodeems sech den Donald Trump virun ee puer Deeg mam Senateur Bob Corker an d‘Hoer kritt huet, war et gëschter um John McCain. De President ass gelueden an et schéngt him egal ze sinn, datt et seng eege Leit a Stëmme sinn, déi hei um Spill stinn.

Elo richteg gutt verstanen hunn sech béid Politiker zwar ni. Op der enger Säit den Immobilien-Promoteur aus New York, dee keng politesch Erfarung matbréngt. Op der aner Säit en alen Hues aus dem Senat, besiess vun Aussepolitik a Militärstrategie. En Dënschdeg da war et esouwäit, wat sech laang ugekënnegt huet ass endlech passéiert.

Et gëtt der déi mussen oppasse well ab engem gewësse Punkt schloen ech zréck“, esou den US-President, ugeschwat op d‘Kritik – haart awer indirekt -déi him vum Senateur aus dem Arizona entgéint bruecht gi war. A well een den Dondald trump esou liicht net berouegt kritt, huet deen um Radio nach emol nogeluecht: „Ech sinn e ganz léiwen. Mee wann et muss sinn schloen ech zréck, an dat gëtt kee schéinen Ubléck“.

An de Gäng vum Kongress ass dann awer och de John McCain op den „Austausch“ ugeschwat ginn. De Senateur huet d‘Schëllere gehuewen: „Ech maache wat ech maache muss (…) Esou funktionéieren ech elo scho 35 Joer. Am mengem Liewen hat ech mat haarde Géigner ze dinn“; erkläert sech den ale Vietnam-Veteran.

Wéi huet de Kaméidi ugefaangen?

A bis e Méindeg sinn déi zwee jo och nach laanscht enee komm. Mee du war do déi Ried zu Philadelphia, an den 81 Joer jonke Republikaner, dee schonn zanter 1986 am Senat sëtzt, hatt ouni en ze ernimmen, den Donald Trump voll an d‘Viséier geholl.

De John McCain hat virun der Versuchung gewarnt: „d‘Verflichtung vun der Leedung op der internationaler Zeen ze refuséieren, am Numm vun engem wackelegen a schäinhellegem Nationalismus, dee vu Leit geduecht ass deenen et méi liicht fält e Sënnebock ze fanne wéi d‘Problemer ze léisen“.

Mir hu Guddes an der Welt geleescht. E Leadership deen eppes kascht huet (…) mee mir si moralesch verflicht déi gutt Saach weiderzeféieren. Mir kënne keen Erfolleg hunn an enger Welt, an der eis Leedung an eis Idealer feelen“, sot de Senateur zu Philadelphia, wou hie stoend applaudéiert ginn ass, nodeems hien d‘Medail vun der Fräiheet vum nationale Verfassung-Zenter iwwereecht krut.

Wou féiert de Kaméidi hin?

De Senateur aus dem Arizona huet dann och gutt Alliéiert. Wéi zum Beispill de Mitt Romney, dee wéi de McCain en ongléckleche republikanesche Kandidat am Wäissen Haus war. „Ech war Kandidat géint hien, mir sinn och heiansdo net enger Meenung, mee ech sinn houfreg de Frënd vum John McCain ze sinn: Held a Charaktermënsch, gëschter Owend Lincolnesch“, esou d‘Matdeelung op Twitter.

An de leschte Méint huet de republikanesche Senateur hei an do seng Onstëmmegkeet zum Ausdrock bruecht, zu der Orientéierung vum US-President senger Politik. De McCain huet sech oppe gewiert a verweigert d‘Gesetz zur Ophiewung vun Obamacare – d‘Krankekeess fir jiddereen – matzestëmmen.

Mee hien huet och seng Zweiwel iwwert de President selwer. Esou wéi Enn August wou hien der Usiicht war datt den Trump schlecht informéiert a héchst „impulsiv am Wuert an am Behuel“ ka sinn. Charakterzich déi dem John McCain net friem sinn, dem President vun der Weltmuecht USA awer net gutt zu Gesiicht stinn.

Eng Schank un där ee laang ka knaen

Während senger Campagne huet den Donald Trump – deen ni an der Arméi säin Déngscht geleescht huet – ëffentlech d‘Éier vum John McCain a Fro gestallt. „Ech si frou mat deene Mënschen déi sech net fänke loossen“, esou de Milliardär. Dat hat him allerdéngs keng Frëndschaften zu Washington abruecht.

An dat de Sträit tëscht dem McCain an dem Trump nees Opwand kritt huet, dat kann een dem US-President sengem „Naturell“ zouschreiwen. E war virun ee puer Deeg mam Bob Corker an eng verbal Schluecht verwéckelt ginn. A nogetrëppelt gëtt bei Trumps via Twitter. Hei gouf et dann och de gewinnten „Austausch vu Frëndlechkeeten“.

Wat war geschitt? Ma de Senateur Corker, och President Kommissioun vir Aussepolitik, huet sech besuergt gewisen, op den Donald Trump d‘Qualifikatiounen an d‘Kapassitéit hätt déi éischt Weltmuecht ze leeden. An historesch betruecht, war et nach ni eng gutt Iddi fir e President sech mat deene Gewielten unzeleeën, déi gebraucht gi fir Gesetzer duerchzebréngen. Esou wéi dat zu der grousser Steierreform, wou d‘Majoritéit un zwou Stëmmen hänkt.

mam Jerome Cartillier/AFP

Related topics Bob Corker, Donald Trump, John McCain, US-Politik, USA
Next post Previous post