Search

You may also like

Lacrosse: Op d’Europameeschterschaft 2020 mat enger neier Cheftrainerin
Neiegkeeten

Lacrosse: Op d’Europameeschterschaft 2020 mat enger neier Cheftrainerin

Voller Freed deelt d’Lëtzebuerger Lacrosse-Nationalekipp vun den Hären elo mat,

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 23. Februar
Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 23. Februar

Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren

Inclusioun: eng Saga an dräi Akten
Neiegkeeten

Inclusioun: eng Saga an dräi Akten

En Dënschdeg huet den Munnerefer Deputé-Maire Lex Delles, als Rapporter

Wann d‘Pensioun hannen a vir net duer geet

Wann d‘Pensioun hannen a vir net duer geet

Nodeems de fréiere Wirtschaftsminister Etienne Schneider de 4. Februar säi Mandat un de Franz Fayot ofgetrueden huet, hat et vill Spekulatiounen ëm seng „berufflech“ Zukunft ginn. Viru gutt engem Mount gouf, no engem Pressecommuniqué vun der russescher Holding Sistema, ugeholl, datt hien do an de Virstand géif beruff ginn.

Och ee Posten als Direkter vun der europäescher Raumfaartagence ESA, huet am Raum gestanen, an do ass jo bis ewell och nach keng Entscheedung gefall. Elo ass da gewosst, datt den Etienne Schneider Administrateur beim ArcelorMittal-Konzern gëtt. Hien ass ee Samschdeg fir ee Mandat vun dräi Joer gewielt ginn. Nieft him ass och de Fils vum CEO Lakshmi Mittal, den Aditya Mittal an de Virstand beruff ginn.

D‘Aktionären hunn zudeem d‘Poste vum Lakshmi Mittal, Bruno Lafont an dem Michel Würth am Verwaltungsrot fir dräi weider Joren ugeholl. Déi ausseruerdentlech Generalversammlung vun den Aktionäre gouf iwwerdeems am virtuelle Raum ofgehalen. Heifir goufe besonnesch Moossname getraff, fir dësen en elektronesche Vott ze erméiglechen. Detailer dozou si keng bekannt.

Foto: © LTIO NY (Archiv/Januar 2020)

Related topics ArcelorMittal, Etienne Schneider, Verwaltungsrot
Next post Previous post